De Klassiker ënnert den Online Futtball Manager Spiller
Hattrick ass een Online Futtball Manager Spill, bei dems Du d'Roll vun engem Veräinschef iwwerhells, den sech op der Missioun fir Victoiren, Championstitelen a Coupen ze sammelen, befennt. Du kontrolléiers all d'Aspekter vun dengem Veräin: Kaderzesummesetzung, Transfertmaart-Aktivitéiten a wéi een Training deng Jongen kréie sollen. Du entwéckels Taktiken fir d'Matcher an denger nationaler Liga Amerika oder an der Coupe US Open Cup.
Direkt beim Ustouss kanns Du live materliewen, wéi deng Ekipp sech schléit. Et gëtt ee Speaker, den d'Evenementer um Terrain presentéiert, iwwerdeems Du mam géigneresche Manager iwwert äer Opstellungen am Chat schwätzs. Du kanns d'Spill och zu jidfer Zäit nodréiglech nach kucken an analyséieren.
Hattrick ass virun allem ee strategescht Futtball-Spill, bei dem een op laang Sicht plangen muss. Investéiers Du gäeren an deng Jugendekipp oder leiwer an eeler, erfuere Spiller déi dir Zäit spueren, awer dofir méi kaschten? Bass Du éischter defensiv oder ofensiv orientéiert? Deng Entscheedungen vun haut, sinn d'Fundament fir däi spéideren Erfolleg!
Entscheed dech richteg, deng Teenager Talenter si vläicht Superstars an e puer Saisons - vläicht ass souguer de nächsten Lionel Messi, Cristiano Ronaldo oder Kylian Mbappé am Hattrick-Universum dobäi!
De gréisste Spass bei Hattrick ass secherlech d'Interaktioun mat de Besetzer vun anere Veräiner. Du treffs op Veräiner déi vun reelle Persounen geleed ginn, an déi versichen wäerten dech ze iwwerleschten, fir géint dech ze wannen. An dëser groussaarteger Communautéit kanns Du dech am Chat oder am Forum mat anere Spiller iwwert Trainingskonzepter, Taktiken, asw austauschen oder einfach mat relaxe Léit an d'Gespréich kommen
Vläicht rift den Kadercoach dech un, fir datt däi beschte Spiller bei der Nationalekipp USA matspille sollen! All Saison organiséiert Hattrick eng Weltmeeschtesrschaft, fir d'Senioren a fir d'U21-Ekippen. Den aktuelle Hattrick Weltmeeschter ass España! Gratulatioun!
Wanns Du bis e staarke Manager bass, da kanns Du dech opstellen, a vun aneren Benotzer, als Trainer fir d'Nationalekipp gewielt ginn. De Moment ginn et 152 national Ligen bei Hattrick, an Du kanns ee Kandidat fir eng vun hinne sinn, och wann däi Veräin an engem aneren Land spillt.
Bei Hattrick gëtt et ëmmer Eppes ze maachen, entweder häenks Du an de Foren fir iwwert Hattrick oder allgemeng iwwer Futtball Neiegkeeten ze chatten, oder du sichs um Transfertmaart no enger gudder Affaire fir deng Ekipp ze verstäerken.
Wat richteg gutt un Hattrick ass: Du spills no dengem Rhytmus - Du kanns eng hallef Stonn an der Woch verbrengen, fir séier deng Opstellung an däi Trainingsplang fäerdeg ze maachen, oder du hänks dech stonnelang drun - Du kanns egal wéi erfollegräich sinn - soulaang s Du déi richteg Entscheedungen hells.
Bei Hattrick gëtt et keng pay-to-win Funktiounen. Du muss dech net all Dag aloggen fir en In-Game Konto opzelueden oder ee Bonus ze sammelen. Du kanns awer Hattrick Supporter ginn, a vu ville Features profitéieren déi dir d'Spill erliichteren awer keen Virdeel géigeniwwer vun anere Manager brengen.
Hattrick ass d'Original vun allen online Futtball Manager Spiller, a mir sinn online zanter 1997. D'Grënner si nach ëmmer aktiv, an engagéieren sech fir Hattrick als gratis Futtballspill unzebidden.
Mir mengen datt et d'Meschung ass déi Hattrick zu sou engem attraktiven an eenzegaartege Futtball Manager Spill mécht. Eng Engine, mat der ee sech kann ausenanersetzen, flott Concoursen op verschiddene Niveauën a virun allem reell Géigner mat deenen s Du interagéieren kanns.
Dozou kennt nach, datt verschidde Komponenten vu diversen Fantasy Football Spiller an awer och vun Konsolespiller wéi FIFA Ultimate Teram genotzt ginn, fir d'Spill méi attraktiv ze maachen.
Mir heeschen Iech häerzlechst Wëllkomm bei Hattrick - dem beschte, gratis Online Futtball Manager dobaussen! Du kanns dech direkt umellden - entweder an der Browser-Versioun (keen Download néideg) oder an der gratis App fir iOS oder Android, déi Iech déi nämlecht Funktiounne wéi d'Websäit ubidden.
Awer Opgepasst! - Hattrick mécht süchteg. Vill vun eise Benotzer si schonn 10 oder méi Joren mat dobäi, an datt ëmmer nach aktiv an erfollegräich!