Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hattrick Gears
Flott Geschier fir deng Ekipp!

Hattrick Gears ass eng Sammlung vu klenge Bezuelfonctiounen, déi sech un Hattrick Supporter orientéieren. Fonctiounen, mat deenen Hattrick méi spaasseg gëtt oder duerch déi däin Hattrick-Liewe méi agreabel gëtt, ouni der doduerch e Virdeel am Spill ze verschafen.

Du kanns all Fonctioun vun Hattrick Gears mat Credits bezuelen.

Gëff dengem Spiller e Spëtznumm

Huet ee vun denge Spiller vu senge Matspiller e Spëtznumm kritt, oder vläit vum Fanclub? Du kanns dénge Lieblingsspiller Spëtznimm ginn, fir se méi perséinlech ze maachen. Spëtznimm sinn tëschent dem Virnumm an dem Numm vun engem Spiller ze gesinn. Soulang de Spiller an dengem Veräin spillt, behält hien säi Spëtznumm, mee wann hien de Veräin wiesselt, verléiert hien säi Spëtznumm.

Spiller, déi den Ament um Transfermaart stinn oder an enger Nationalekipp gespillt hunn, kënne kee Spëtznumm kréien. De Spëtznumm muss och an der Spëtznumm-Datebank disponibel sinn.

Sollt de Spëtznumm, deen s de benotze wëlls, net existéieren, kanns de dëse Spëtznumm virschloen.

Präis: 5 Credit

D'Ausgesi vun engem Spiller änneren.

Du kanns all denge Spiller en neit Ausgesi ginn, soulaang dee Spiller net op dem Transfermaart steet. Du kanns engem Spiller säin Hoerschnëtt an d'Faarf vu sengen Hoer änneren, an am Gesiicht Hoer dobäisëtzen (oder ewechhuelen).

Präis: 2 Credit

Änner e Spiller komplett

Du kanns aus engem Spiller och e komplett neie Mënsch maachen, also wierklech alles änneren, wat säin Ausgesi betrëfft. Dofir muss däi Club awer den éischte Club vum Spiller sinn, oder de Spiller awer schonn zënter enger Saisonen an dengem Veräi spillen.

Dës Fonctioun geet och net bei Spiller, déi den Ament um Transfermaart stinn oder e Match fir eng Nationalekipp gespillt hunn.

Präis: 4 Credit

Beim Tournoi matmaachen

Tournoie sinn déi inoffiziell Competitioun fir Hattrick-Veräiner. Du kenns wielen tëschen engem Tournoi selwer ze organiséiere fir dech an deng Kollegen - oder einfach bei engem vun de villen Tournoie, bis zu 10 gläichzäiteg, matzemaachen. Tournoien hunn e flexibele Spillplang - Matcher kënnen zu all Zäit vun der Woch gespillt ginn a si kennen de Modus vun enger Coupe oder enger Grupp mat Playoffen hunn. Bei engem Tournoi kënne 4 bis 64 Ekippen matmaachen, mä d'Participatioun, déi ze bezuelen ass, ass ëmmer déi selwecht.

Präis: 2 Credit

Leeder Matcher

Wanns de bei enger Lieder mat mëss fänks de eng kontinuéierlech Competitioun u mat de kloere Regele fir de beschte Manager vun enger Regioun, engem Land, enger Federatioun - oder souguer der ganzer Welt ze ginn. Huel d'Herausfuederung u fir de Kinnik vun der Welt ze ginn!

Note: Als Herausfuerderer kriss de däi Credit zeréck wanns de wënns.

Präis: 1 Credit

Duell

Hues de sou eng Nervesee als Kolleg, där s de onbedéngt misst weise wou den Hummer hänkt? Lafen am normalen Zäitplang net genuch Matcher fir däi Goût? Dueller kënnen do hëllefen. Fuerder eng Ekipp eraus, spill de Match, huel der d'Recht eraus grouss ze téinen - et kann net méi liicht ginn.

Präis: 1 Credit

Event-o-Matic

Wëlls de gären e nächste Match extra denkwürdeg a witzeg maachen? Mam Event-o-Matic kënns de extra Événementer an däin nächste Match mat abauen. Entscheet dech däi Géigner rof ze maachen, stëppel deng eege Supporter op oder celebréier eng Klublegend. E betreffend Evenement wäert da während dem Match statt fannen. All déi Événementer geschéien awer just niewebäi a beaflossen sou d'Resultat vum Match net.

Präis: 1 Credit

E Spiller ëmnennen

Du hues d'Méiglechkeet fir jidderengem vun dengem Spiller en neien Numm ze ginn.

Spiller, déi den Ament op dem Transfermaart sinn oder fir eng Nationalekipp gespillt hunn, kënnen net ëmgenannt ginn. E Profispiller kann nëmmen eemol ëmgenannt ginn (pro Besëtzer). Den Numm muss an der Datebank vun den Nimm vum Spiller sengem Land existéieren.

Pass drop op dass de Numm nees a säin Original zeréck geännert gëtt soubal de Spiller op den Transfermaart kënnt, mä dass hien en zeréck kritt wann e net verkaf gouf.

Et ass iwweregens esou, datt verschidde Kombinatioune vun Nimm net erlaabt sinn, fir ze verhënneren, datt d'Spill mat Spiller iwwerschwemmt gëtt, déi all den Numm vu berühmte Perséinlechkeeten hunn.

Präis: 8 Credit

Engem Jugendspiller en aneren Numm ginn

E Jugendspiller an der Futtballschoul ëmzennen ass mat manner Restrictioune verbonnen, den Numm muss just an eiser Datebank fir dat Land existéieren.

Präis: 4 Credit

Widderhuelung

Huet déi richteg Ekipp gewonnen? Waars de einfach schrecklech am Pech oder war deng Opstellung einfach net esou gutt wéi s de dat virum Match geduecht hues? Elo kanns de et erausfannen.

Match Replay simuléiert genau de selwechte Match weider 20 Mol, mat exakt de selwechte Variabelen, wéi am richtege Match. Esou kriss Du eng besser Iddi wéi d'reell Chancen fir dee Match ze wanne stinn. Mam Super Replay gëtt de Match insgesamt 100 Mol simuléiert.

Eng Zesummefaassung vun de Matcher gëtt gemeet fir dech d'Resultat analyséieren ze loossen! Et brauch ee net ze soen, dass d'Nospille vun de Matcher d'Schlussresultat a kéngster Weis ännere kann. D'Resultater vun deene Simulatioune wäerten 2 Saisonen laang siichtbar bleiwen.

Präis: 3 Credit

Transfertkandidaten

Du sichs ee Spiller, mee fënns en net ?Setz een Transfertkandidat dobäi, wann deng Sich 10 oder manner Resultater uweist. An de nächste 2 Wochen kriss Du eng Noriicht vun eis, wann ee Spiller,den dengen Kriterien entsprécht, op d'Transfertlescht gesat gëtt.

Präis: 3 Credit

Zousätzlech automatesch Offer

Mat der automatescher Offer kann ee maximale Präis fir ee Spiller festgeluecht ginn,Hattrick bitt automatesch fir dech mat, bis däi Limitt erreecht ass.All Veräin kann gratis eng aktiv automatesch Offer astellen.Mat Gears kanns Du awer nach eng zousätzlech automatesch Offer ,kafen wann´s Du gläichzäiteg fir zwee Spiller bidde wëlls.De Moment wou den Transfert ofleeft, leeft och deng automatesch Offer of.

Präis: 2 Credit

 
Server 071