Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hausregelen

Kommerziell Messagen

Den Hattrick-Forum, d'Gëlle Bicher, d'Veräinssäiten an aner ëffentlech Plaze si keng Plazen, op deenen d'Benotzer däerfe kommerziell Messagen hannerloossen. D'Grondprinzip ass, datt s de als Hattrick-Benotzer net solls Contenu ze gesi kréien, vun deem aner Benotzer an hirem richtege Liewe profitéieren, wa se e schreiwen.

Dat heescht net, datts de net kanns enger Firma hiren Numm oder Produite mentionéieren, wann de Kontext et erlaabt. Mä wanns de dës Regel mëssbrauchs a versichs, fir aus iergendengem Gronn kommerziell Messagen ze forcéieren, kann et passéieren, datt mer se läschen, der eng Geldstrof ginn, oder dech souguer aus Hattrick ausspären. D'Diskussioun ass an der Rei, d'Promotioun net. Se gëtt als Spam betruecht an als Verknaschte vun eisem gemeinsamen Espace.

Am non-HT-Forum erlabe mer generell Sujeten iwwer, zum Beispill, aner Siten an Online-Spiller. Mer maachen dat als Service fir eis Benotzer an nëmme soulaang wéi et net fir kommerziell Aktiounen ausgenotzt gëtt. Wann aner Firmaen Hattrick als Kanal fir Gratisreklamm fir sech betruechten, oder awer wa Links fir sech oder fir eng Duechterfirma an eisem Forum opkräizen, da kann et passéieren, datt mer dës Produit op eng schwaarz Lëscht setzen an och d'Benotzer, déi se verbreet hunn. Leider hate mer schonn eisen Undeel u kommerziellem Spam bei Hattrick a mer wëllen dat net nach eng Kéier mussen erliewen.

Hattrick selwer benotzt seng Forumen heiansdo fir Reklamm ze maachen iwwert Aktivitéiten a Produite vu Partner. Mer versichen d'Aktivitéit an eisem Forum op d'Spill selwer ze konzentréieren, mä natierlech musse mer eise Benotzer och aner Saache kënne matdeelen, souguer zu kommerzielle Sujeten, wann et dann néideg ass.

 
Server 070