Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hausregelen

Gamemasteren

Bei Hattrick gëtt et eng Rëtsch vu Gamemasteren, och nach GM genannt. Se sinn e klenge Grupp vu Manageren mat spezielle Rechter a Responsabilitéiten. Hir Aufgab ass et fir d'Spill um Lafen ze halen, Gefuddels ze entdecken a Manageren ze hëllefen déi verschidde Problemer mat hirem Veräin hunn. D'Gamemasteren sinn dowéinster do, well se Freed dorunner hunn, fräiwëlleg an ouni Paye anere Leit ze hëllefen.

Heiansdo mussen d'Gamemastern agräifen an e Manager rauspuchen, well dee gefuddelt huet oder sech net konnt behuelen um Site. Wann dat dir sollt geschéien a wanns de den Androck hues, datt däi Fall ongerecht behandelt ginn ass, hues de d'Rescht, fir ze versichen, ze erklären, firwat s du aus denger Siicht onschëlleg bass. Mee, an dat ass wichteg, bei Hattrick gëllen déi selwecht Regele wéi um Futtballsterrain.

Du kanns nofroe firwat däi Benotzerkont gespaart gouf, mä d'Gamemasteren mussen der net all hir Beweiser presentéieren. Wa se all Kéier géifen exakt matdeelen, wéi se e Fuddeler fonnt hunn, wier et an Zukunft vill méi schwéier, fir een ze fannen, dee fuddelt. D'Gamemastere mussen net beweisen, datt gefuddelt gëtt. Se mussen awer all d'Manager suspendéieren, vun deene se iwwerzeegt sinn, datt se fuddelen.

D'Gamemastere hunn d'Recht fir verschidden Zorte vu Strofen ze verdeelen, dobäi kann et sech em eng Geldstrof am Spill handelen, mä et kann awer och bis zur Exklusioun aus Hattrick goen.

Wéinst den Décisioune vun de Gamemastere kann ee bei de Senior-Gamemasteren an Appel goen. Deenen hir Entscheedungen kënnen net a Fro gestallt ginn. Denk awer drun, datt en Appel och dozou féiere kann, datt d'Strof verklengert oder vergréissert ka ginn, wann déi lescht Décisioun gemaach gëtt.

Mir, d'Hattrick-Ekipp, stinn hannert eisen Offiziellen. D'GMen an d'Moden diskutéiere regelméisseg mat eis iwwer d'Méiglechkeeten, wéi ee Gefuddels ka vermeiden, mä mir selwer wäerten eis ni em konkret Fäll këmmeren. Déi Leit, déi mer zu offizielle Mataarbechter maachen, hunn eist vollt Vertrauen.

Fir e Gamemaster ze kontaktéieren, besichs de einfach onse Kontaktformulaire. W.e.g. benotz den internen HT-Mail-System net fir se wéinst Problemer mat dem Spill oder administrative Problemer ze kontaktéieren. Den interne Mail-System ass nëmme fir si als Manager vun hirem Veräi geduecht, net fir hir Aufgaben als offizielle Mataarbechter. Doniewent sief nach gesot, datt d'Korrespondenz mat den Offizielle perséinlech ass an deemno och sou behandelt gi soll vun dir a vun eisen Offiziellen.

 
Server 071