Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hausregelen

Regele fir d'Nimm an d'Logoen

Och a wa mer déi Logoen, déi op wéi engem Wee och ëmmer eng direkt Verbindung mat der Ekipp hunn, am léifsten hunn, si mer relativ liberal wat de Contenu vun de Logoe betrëfft, an och bei den Nimm, déi der fir äre Veräin wielt. Ma fir datt d'Matspiller dës Fräiheet net ausnotze fir Leit unzegräifen oder ze discriminéieren (mat oder ouni Virsaz) a fir d'Stëmme vun diverse Fraen, Elteren a Leit aus Länner oder Reliounen ze verteidegen, déi méi streng Wäerter kennen, däerfs de e puer Saachen net an dengem Logo oder als Numm benotzen.

  • Keng ustéisseg, beleidegend, erofwierdegend oder diskriminéierend Nimm/Logoen (vis-à-vis vun enger Grupp oder aneren), dozou gehéiere rassistesch a faschistesch Symboler a Symboler vun Terrororganisatiounen an ähnlech Saachen.
  • Keen explizite sexuelle Contenu, dozou gehéiere plakeg a semi-plakeg Leit oder sexuell provokativ Posen. D'Leit sollen anstänneg ugedoe sinn.
  • Keng Promotioun vu kriminellen Aktivéiten oder dem Benotze vun illegale Wueren oder Substanzen.
 
Server 070