Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Aféierung

Bei Hattrick huet all Land eng Nationalekipp an eng U21 Nationalekipp an déi hunn och allebéid en Nationaltrainer.

Den Nationaltrainer gëtt vun de Benotzer vum Land an enger ëffentlecher Wal determinéiert. Et gëtt erwaart, datt Nationaltraineren déi zwou Saisonen un der Spëtzt vun der Nationalekipp bleiwen. Wann den alen Nationaltrainer aus verschiddene Grënn net méi sengen Aufgaben nokomme kann, kann et zu Neiwale kommen. D'Entscheedung läit do ganz bei den GMen, déi fir d'Administratioun vun den Nationalekippen zoustänneg sinn.

Wale solle fair sinn. D'Administrateure vun den Nationalekippen wäerten net zécke fir Kandidaten ze disqualifizéieren, déi Saache maachen, duerch déi se en onfaire Virdeel géinteniwwer deenen anere Kandidate kréien. Méi Informatiounen dozou ginn et an de Regelen.

Dës Regele sinn e Supplément zu den normalen Hattrick-Regelen. Déi normal Regele gëllen also (zum Beispill wéi de Moteur vun de Matcher schafft), et sief datt d'Regelen eppes aneres soen.

Du kanns net Nationaltrainer vun zwou Nationalekippen oder vun zwou U21 Nationalekippen sinn well et soss theoretesch méiglech wier, datt deng zwou Ekippen géintenaner spille mussen, wat net an der Rei ass. Dat bedeit och, datt d'HFA et der net erlaabt fir gläichzäiteg a méi wéi engem Land als Nationaltrainer ze kandidéieren - dozou gehéiert et och, fir sech als Kandidat an engem Land opzestellen, dann do opzehalen an et an engem anere Land ze probéieren. Dowéinst kéins de souguer vun de Walen ausgeschloss ginn.

Zousätzlech Regelen a wichteg Informatioune ginn am Forum fir d'Nationaltrainer verëffentlecht, deen nëmme vun den Nationaltrainere ka gelies ginn. Se solle sech dee Forum ukucken, fir all d'Regele gewuer ze ginn.

 
Server 071