Kontaktéier eis
- Gamemasteren: Fir Problemer mam Spill (z.B. Feeler, wa Regele gebrach ginn), allerdéngs net fir de Forum, CHPP oder Sproochen. D'Gamemasteren äntweren net op Froen déi d'Verstoe vum Spill betreffen. Du kanns dat am Handbuch liesen respektiv am Forum nofroen.
Kuck w.e.g. an d'Systeminformatiounen éiers de e Problem mells.
- Froen iwwert den Hattrick-Shop: wanns de den Hattrick-Shop besicht a Froen doriwwer hues, kanns de se hei stellen.
Mer verstinn déi dote Sproochen:
- Hollännesch
- Englesch
- Franséisch
- Däitsch
- Spuenesch
Mer kënnen deng E-Mail liese, wa se an enger vun dëse Sproochen ass, a mer versichen der dann an där Sprooch ze äntweren. Heiansdo kann et awer sinn, datt mer op Englesch äntweren.
- LAs - Language Administrators: Fir Froe betreffend Texter a Sproochen, déi an alle Beräicher vun der Hattrick Welt benotzt ginn, a fir Froe betreffend d'Presentatioun.
- CHPP: dohinner soll all de Bréifverkéier goen, dee Froen iwwert d'CHPP-Programmer betrëfft. Denk awer dorunner, datt s de de CHPP-Mataarbechter keng spezifesch Froen (wéi een zum Beispill dee Programm benotzt) iwwer e Programm, dee scho verëffentlecht an approuvéiert gouf, solls stellen, mä datt déi Froen an dee Forum gehéieren, deen zu deem Programm gehéiert (zum Beispill: "CHPP - Foxtrick").
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den CHPP.
- Geschäftleche Kontakt: hei sollen all geschäftlech Iddien higoen an och Froen déi Saachen ausserhalb vun Hattrick betreffen.
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den Geschäftleche Kontakt.
- Administrateure vun den Nationalekippen: dëse Wee soll primär vun den Nationaltrainere vun den A- an den U21 Nationalekippen benotzt ginn, fir mat den Administrateure vun den Nationalekippen a Kontakt ze trieden, wann e Spiller soll aus enger Ekipp erausgeholl ginn. Och Froen iwwert d'Walen, an déi net kënne vun de Moderatore geléist ginn, gehéieren heihinner.
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den Administrateure vun den Nationalekippen.
- Moderatoren: wanns de eng Fro iwwer oder e Problem mat de Fore vun Hattrick hues, solls de dës Optioun wielen, fir d'Mataarbechter ze kontaktéieren.
- Senior-Gamemasteren: Wanns de mengs, datts de vun engem GM net fair behandelt goufs, kanns de bei de Senior-Gamemasteren an den Appel goen. Den Appel muss op Englesch sinn an du muss konstruktiv Argumenter hunn, déi iwwerzeege kënnen.
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den Senior-Gamemasteren.
RGPD & Co: Fir all weider Froen zum Dateschutz an Dateveraarbechtung.
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den DSGVO- an Dateschutz-Uspriechspartner .
- Senior-Moderatoren: Wanns de mengs, datt s de vun engem HT-Offiziellen am Forum net fair behandelt goufs, kanns de bei de Senior-Moderatoren an den Appel goen. Den Appel muss op Englesch sinn an du muss konstruktiv Argumenter hunn, déi iwwerzeege kënnen.
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den Senior-Moderatoren.
- Global Redakteren: Wanns de Froen oder Ureegungen zur Hattrick Press hues, da wiel dës Optioun.
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den Global Redakteren.
- Support fir Hattrick United: Adresséier dech u si, wanns de Problemer mat Hattrick United oder Hattrick Widgets hues.
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den Support fir Hattrick United.
- HCC: Wann s du Froen zum Content-Creator-Programm hues, Bedenke wéinst engem Creator oder dech selwer als Creator wëlls bewerben.
Schreif w.e.g. op englesch fir all Korrespondenz mat den HCC.