Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Supporter-Fonctiounen

Hattrick Supporter gouf fir d'éischt 2001 verëffentlecht. Hattrick war deemools, genee wéi elo, e Spill, dat ee gratis spille konnt. Fir e klenge Supporter-Bäitrag konnt een Accès op e puer zousätzlech Fonctioune kréien, déi engem e méi staarkt Hattrick-Erliefnes ginn hu wéi dem normale Benotzer, mä keng direkt Virdeeler am Spill.

Zënter där Zäit hu mer vill nei Fonctioune bei Supporter derbäigesat, all mat dem selwechte Gedanken. Se verbesseren däin Erliefnes vum Spill an du kanns duerch si e bessere Manager ginn, mä du kriss awer keen direkte Virdeel am Spill. Hei ass déi komplett Lëscht vun de Supporter-Fonctiounen:

Keng Banneren - Als Supporter kriss de déi traditionell Banneren net ze gesinn.

Onstierflechkeet - Als Supporter riskéiers de ni, fir deng Ekipp wéinst Inaktivitéit ze verléieren.

Funktioune fir den Ekippe-Management

Match

  • Analys Ekipp géint Ekipp virum Match
  • Sief gratis bei engem Tournoi dobäi
  • Organiséier däin eegenen Tournoi
  • Späicher zousätzlech Opstellungen
  • Späicher verschidden Opstellunge fir verschidde Matchzorten
  • Optioun fir automatesch um Wulldësch dobäi ze sinn (Frëndschaftsmatcher ginn automatesch organiséiert)
  • De Wulldësch manuell duerchsichen
  • Heem- an Auswäertstabellen
  • Live (auto-aktualiséiert) Ligatabelle während d'Matcher lafen

Training

  • Detailléierte Rapport vum Training fir all Spiller
  • Archiv fir d'Rapporte vum Trainer
  • Spillerentwécklung
  • Archiv fir d'Rapporte vum Jugendtraining
  • Indikatioun "Huet zënter dem leschten Training e Match gehat" op der Opstellungssäit

Transferen

  • Recherche no Transferkandidaten
  • Recherche-Profiler
  • Observéierungslëscht
  • Ähnlech Spiller fannen

Organiséierungsmëttelen

  • Favoritten
  • Notizblock
  • Noriichtenticker
  • Erënnerungen
  • Maach der deng eegen Ofkierzungen
  • Gëff de Spiller Kategorien

Funktioune fir den Ekippen-Design

Veräinsidentitéit

  • Uniformsdesigner
  • Éditeur fir de Veräinslogo
  • Éditeur fir de Manager-Avatar
  • Veräinsschema
  • Stadion-Designer
  • Hall of Fame
  • Pressecommuniquéeën
  • Fändel-Sammlung
  • Méi Widgets a Fonctiounen op eisem Blog-Portal fir Veräiner, Hattrick United.

Frënn a Communautéit

  • Tried Federatioune bäi oder grënn Federatiounen
  • Ënnerstëtz aner Manageren (a sich der selwer Ënnerstëtzung)
  • Gëllent Buch vum Veräin
  • Schreif Newsletteren un deng Supporteren

Statistiken a Grafiken

  • Bewäertungsgrafiken
  • Grafiken an Tabellen zu der finanzieller Situatioun
  • Veräinstatistiken iwwer deng eegen Ekipp
  • Match-Statistiken iwwer deng eegen Ekipp
  • Veräins- a Spillerstatistiken iwwer d'Welt/d'Land
  • Regional Statistiken
  • Transferstatistiken
  • Trainingsstatistiken
  • Coupe-Statistiken
  • Forumsstatistiken
  • Federatiounsstatistiken

Supportere kréien all Mount en "Disponibilitéitsrapport", wou mer der de Rapport maachen iwwer all ongeplangten Offline-Zäit vum Server aus dem leschte Mount. Sollte mer sou Zäite gehat hunn, gëtt deng Supporterschaft ëm genee déi Zäit verlängert. Et ass just all Mount eng kleng Erënnerung drun, datt eist Haaptzil ass, datt Spill leeft an et der erméiglecht, fir Spaass ze hunn.

 
Server 070