2-8-2021 Nei Ustousszäiten fir d'Amerikanesch Meeschterschaften an NT updates
Am Kader vun der neier Weltmeeschterschafts-Kampagne hu mer vu verschiddenen Benotzer d'Réckmelldung erhalen, datt d'Ustousszäiten fir déi meescht NT Trainer nett ganz gënschteg wiren. Den Update vum Ekippegeescht wor vill ze vill no um Match, an et war net einfach d'Ratings vun de Spiller beim Opstellen vun der Ekipp genee ofzeschätzen. Dat de Match vun der U20 Samsdes moies um 01h00 gespillt gouf, huet nach zousätzlech Komplikatiounen bei den Alters Berechtegungen bruecht. Fir dem entgéintzekommen, réckelen mir all d'amerikanesch Matcher op Freides 23h30 an och d'NT Updates (fir all d'NT Ekippen) op 03h00. Déi deeglech Updates ginn nächste Méindeg gestart, awer d'Ustousszäiten fir d'Fréidesmatcher kann een elo schonn gesinn.