5-2-2022 Nei Auslousung fir d'HTAL Division Battles
Wéinst engem Feeler an der nächster Ronn vun den Division Battles an der Hattrick Anniversary League, war et néideg d'Matcher vum kommende Samschdeg ze läschen an nei ze kreéieren. Mir bedaueren dëst, mee mir hate keen anere Choix. All Opstellungen, déi scho festgeluecht goufen, mussen nach eng Kéier gemaach ginn. Et si keng aner Lige betraff.