Jugendspiller

Jugendspiller

Du kanns nei Spiller fir däi Profikader kréien, andeem s de Jugendspiller rekrutéiers. Dofir ginn et zwee Weeër:

  • Den einfachste Wee ass de Scouting Netzwierk vun dengem Veräin ze benotzen. Mat dësem Netzwierk kanns de Scouten instruéieren, no Spiller ze sichen, wou se mengen, si wäre passend fir direkt an denger Profisekipp ze spillen.
  • Du grënns eng Jugendekipp, rekrutéiers Talenter an léiss dës Talenter sech entwéckelen. Spill Matcher géint aner Jugendekippen a privaten oder ëffentleche Ligen, an du hues d'Méiglechkeet, fir deng Talenter an de Profiskader ze huelen.

E Spiller duerch de Scouting Netzwierk ze fannen an hien dann direkt an d'Profisekipp eropzehuelen, ass en einfachen an Zäit-effiziente Wee, fir nei Talenter ze rekrutéieren. Eng Jugendekipp ze leeden ass zwar eng méi grouss Erausfuerderung, mécht awer dofir méi Spaass.

A béide Systemer verléis de dech op Jugendscouten, déi d'Aarbecht maachen. All Scout wäert dir eng Kéier d’Woch e Perspektivspiller virstellen. Méi Scouten anzestelle kascht méi Suen, bitt awer och eng méi breet Auswiel u Perspektivspiller. Du kanns nëmmen ee System gläichzäiteg benotzen. Standardméisseg gëtt d’Scoutingsnetz genotzt, mee du kanns zu all Moment eng Jugendekipp grënnen. Dat ass e laangfristegt Engagement, well s de an der éischter Saison keng Spiller fir deng Seniors-Ekipp erwaarde kanns. Wann s de eng Jugendekipp féiers, kanns de keng Jugendspiller aus dem Scoutingsnetz bei d'Seniors-Ekipp huelen. Du kanns awer natierlech ëmmer zeréck wiesselen. Fir dat ze maachen, muss de deng Jugendekipp zoumaachen an d’Netzwierk erëm benotzen. Pass op: Wann s de dëst méchs, verléiers de all Fortschrëtt an all d'Spiller, déi s de an der Jugendekipp hues.

 
Server 071