Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hausregelen

Regelen am Forum an d'Moderatoren

Mer si ganz stolz op eis Communautéit, a besonnesch op d'Stëmmung an d'Aktivitéit am Forum. An de Forume vun Hattrick ginn et eng Rëtsch vu Moderatoren (Mod genannt), déi fir déi Benotzer do sinn, déi Hëllef brauchen, mä awer och dofir suerge mussen, datt et ëmmer Spaass mécht, fir eis Forumen ze besichen. Kënns de an de Forum, sinn déi generell Regelen iwwer d'Behuelen ëmmer ze respektéieren, mä e puer speziell Regele ginn et dann och nach, déi de frëndlechen Toun vum Forum sollen um Liewen halen. Puer Foren hu speziell Regelen, an déi kënnen all Kéier am Sticky vum jeeweilege Forum fonnt ginn. D'Moderatoren hunn d'Recht, fir e puer Zorte vu Strofen ze verdeelen, vu Geldstrofe fir däi Veräi bis zu Spären am Forum.

D'Gamemasteren hunn och d'Recht fir ze moderéieren, a se kënne bei schwéiere Verstéiss agräifen (wat zu enger kompletter Suspendéierung féiere kann). W.e.g. denk drun, datt Hattrick Supporter dech net viru Spären am Forum protegéiert an datt et a sou Fäll keng Sue fir d'Supporter-Fonctiounen zréck ginn.

Wéinst de Moderatoren hiren Entscheedunge kann ee bei de Senior Moderatoren an Appel goen, géint deenen hir Décisioune kann een awer net méi an Appel goen. Sief der bewosst, datt Strofen an engem Appel kënne vergréissert oder verklengert ginn, wann eng lescht Décisioun geholl gëtt.

Am Forumsberäich vun Hattrick muss de eis Regelen iwwer d'Behuelen anhalen. Doniewent sinn déi heite Saachen verbueden:



- Spam, zum Beispill vill Messagë mam selwechte Contenu
- Bumpen vu Sujeten (nëmme schreiwen, fir sech selwer oder e gewësse Sujet ze begënschtegen)
- Message schreiwen mat Provokatiounen an Trolling
- Iwwerdriwwent Benotze vu Vernennwierder oder profaner Sprooch
- Rassistesch, sexistesch oder perséinlech Attacken schreiwen; Attacke géint eng Natioun oder eng Relioun
- Politesch a reliéis Diskussioune feieren
- Engem anere virzegeheien e géif fuddelen
- Hëllef unzefroen oder Reklamm ze maache fir Software, déi illegal erofgeluede gouf, fir CD-Schlësselen, fir Torrent-Programmer an/oder Streamer fir (Sport-)Evénementer.
- Sou ze maachen, wéi wann een en HT-Offizielle wier, an et awer net ze sinn
- D'Diskutéieren iwwer den Offiziellen hir Décisiounen, déi ee bestëmmte Benotzer oder e bestëmmte Fall concernéieren, oder d'Verëffentleche vu Korrespondenz mat den HT-Offiziellen ouni Erlaabnis
- (Verloosse) Ligaforen wéi e Federatiounsforum ze benotzen. Denk drun, datt d'Ligen an d'Jugendligen Foren fir d'Kommunikatioun tëschen de Membere vun dëse Lige geduet sinn, awer och Visiteuren wëllkomm sinn. Mä et ass net erlaabt, fir sou Foren fir aner Diskussiounen ze benotzen.

D'Forume vun de Federatiounen
D'Forume fir Federatioune (eng Supporter-Fonctioun) sinn e méi privaten Deel vun Hattrick, d'Federatiounsmembere kënnen hei selwer d'Inhalter definéieren a se setze bis zu engem gewësse Grad och hir eege Regelen. Et ass an de Federatiounen awer net erlaabt fir:
- Saachen ze verëffentlechen, déi vum Gesetz net erlaabt sinn (dozou gehéiere Links op illegalt Material a Menacen am richtege Liewen)
Federatiounen ze benotzen, fir Haassrieden ze lancéieren
- fir Aktivitéiten ze organiséieren oder ze plangen, déi dozou féiere sollen, fir e Benotzer unzegräifen oder ze provozéieren, dozou gehéieren Hattrick-Offizieller
- Korrespondenz mat de Mataarbechter ouni d'Zoustëmmung vun den Hattrick-Offiziellen

Fir aner Problemer mam Behuele sinn d'Presidente vun der Federatioun responsabel a se hunn d'Méiglechkeet fir mat deene Problemer ëmzegoen, wéi hinnen dat passt. Se hunn d'Méiglechkeet fir Messagen ze läschen, wann déi net passen, a fir Memberen aus der Federatioun erauszegeheien. Se kënnen och Moderatore fir d'Federatioun rekrutéieren, déi hinnen dobäi hëllefen, fir am Forum vun der Federatioun fir Uerdnung ze suergen.
 
Server 070