Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Frëndschaftsmatcher

Frëndschaftsmatcher vun der Nationalekipp kënnen all Freideg um 20:00 Auer Hattrick-Zäit gespillt ginn, an dat tëschent Nationalekippen déi deen Ament kee Match an der Weltmeeschterschaft hunn. Dës Matcher kënne mat de Frëndschaftsmatcher verglach ginn, déi vun de Veräiner an der Mëtt vun der Woch gespillt ginn.

Fir ee Frëndschaftsmatch ze arrangéieren, muss den Nationaltrainer eng aner Ekipp erausfuerderen oder eng Fuerderung akzeptéieren, sou wéi de Manager vun engem Veräin och. D'Prozedur ass awer e bëssen anescht, well de System dem Nationaltrainer net seet, datt en eng Erausfuerderung um Dësch huet. Nationaltrainere musse sech Messagen am Forum oder HT-Maile schreiwen, fir de Frëndschaftsmatch ze arrangéieren. Wann ee Veräin nach kee Frëndschaftsmatch huet, gëtt donneschdes automatesch eent gebucht.

Deen, deen d'Fuerderung stellt, bestëmmt wou de Match gespillt soll ginn. All Stadion ka benotzt ginn, mee et bleift ëmmer ee neutralen Terrain, egal wou gespillt gëtt. Et gëtt kee Loyer fir de Stadion ze bezuelen.

 
Server 071