Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Matcher

Spiller gewannen un Erfahrung, wa se fir d'Nationalekipp Matcher spillen. En Nationalspiller kritt och eng Reduktioun vu 40%, wann en an engem Veräin a senger Heemecht spillt, a vun 33%, wann en am Ausland ënner Kontrakt steet.

Spiller kënne sech verletzen, wa se fir d'Nationalekipp spillen. Nieft der Reduktioun vun der Paye, kritt de Veräi vun engem verletzte Spiller och eng Kompensatioun, déi 100% vum Spiller senger Grondpaye entsprécht an dat multiplizéiert mat der Zuel vun de Wochen, déi de Spiller verletzt ass

Et gëtt kee Bonus fir d'Loyalitéit bei den Nationalekippen. Engem Spiller seng Loyalitéit gëtt also an der Nationalekipp net benotzt.

Matcher an der Nationalekipp zielen net fir engem Spiller säin Training. Giel a Roud Kaarte ginn och net gespäichert - sou gesinn ass alles wéi an engem Frëndschaftsmatch mat dem Veräin.

Den Avantage fir en Heemmatch ass net dee selwechte wéi bei de Veräiner. Eng Nationalekipp huet méi e klengen Avantage an engem Heemmatch, an deen ass sou staark wéi den Avantage duerch en Derby.

Nationalekippen profitéieren och vun enger spezieller Feature, dem "Fog of War", also enger Zort Krichsniwwel. Acht Stonne virun engem Match ginn d'Ekippestëmmung, Selbstvertrauen, de Kader an aner soss ëffentlech Informatiounen "verniwwelt". Dat gëtt den Nationaltraineren d'Méiglechkeet, fir sech komplett op di eegen Stäerkten ze konzentréieren, amplaz Minutten virum Ustouss nach d'Informatioune vum Géigner ze analyséieren.

 
Server 071