Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Spiller

Den Nationaltrainer kann e Spiller rekrutéieren an et ass egal wou an der Welt dee Spiller spillt. E muss just aus deem Land komme fir dat e soll spillen an e muss Member vun engem Veräin mat engem Besëtzer sinn.

D'Nationalekipp ka maximal 26 Spiller de selwechten Ament am Kader hunn. Wa bis 26 Spiller am Kader sinn, muss fir d'éischt e Spiller aus dem Kader gehäit ginn, éier en neie Spiller kann opgeholl ginn. Wann e Spiller aus dem Kader flitt, geet d'Stëmmung bei de Spiller, déi nach iwwereg sinn, erof. Soss si keng Effekter bekannt, déi optrieden, wann een e Spiller an de Kader hëlt oder erausgeheit

Den Nationaltrainer kann déi komplett Fäegkeete vun de Spiller an der Nationalekipp gesinn, déi selwecht Informatiounen, déi s du bei dengen eegene Spiller gesi kanns. Wann de Spiller aus der Nationalekipp erausflitt (oder dem Nationaltrainer seng Zäit als Nationaltrainer eriwwer ass), gesäit den Nationaltrainer d'Fäegkeeten net méi.

D'Nationaltrainere brauchen also d'Hëllef vun de Membere vun hirer Communautéit fir déi bescht Spiller ze fannen. D'Bewäertungen an de Mätscher an d'Supporter-Statistike kënnen och hëllefen, wann et drëm geet, fir déi bescht Spiller erauszefilteren. Spiller am Ausland kënnen oft nëmme schwéier fonnt ginn, sou datt en Nationaltrainer eventuell kann aner Manager als seng Assistente rekrutéieren.

 
Server 070