Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hëllef »   Handbuch »   Transferen 

Beispiller fir déi automatesch Offeren

Zwou automatesch Offeren treffen openeen

Wann zwou automatesch Offeren openeentreffen, da gëtt fir d'éischt eng Offer fir dee Veräin ofginn, deen als zweeten eng maximal Offer ofginn huet. Dobäi gëtt déi aktuell Offer em de minimale Betrag erhéicht. Dono vergläicht de System déi zwou maximal Offere mateneen a mécht direkt dono déi entscheedend Offer.

Beispill: De Veräin A gëtt eng maximal Offer vun 50.000 € of an hält déi héchsten Offer iwwer 20.000 €. Dono gëtt de Veräin B eng maximal Offer vun 40.000 € of. De Verlaf vun den Offere géif dann esou ausgesinn:

Veräin A - 20.000 €
Veräin B - 21.000 €
Veräin A - 41.000 €

Et gesäit een, datt de System déi zwou Offere préift an op de Punkt spréngt, wou de Veräin A déi maximal Offer vum Veräin B (40.000 €) em de minimale Betrag erhéicht.


Am Fall, wou zwee Veräiner déi selwecht maximal Offer ofginn

Am Fall, wou zwee Veräiner déi selwecht maximal Offer ofginn, dann ass d'Grondregel datt den éischten déi Offer setze kann. Wann an eisem Beispill elo de Veräin B eng maximal Offer vun 50.000 € ofgëtt, da géif dëst geschéien:

Veräin A - 20.000 €
Veräin B - 21.000 €
Veräin A - 50.000 €

De System kontrolléiert déi zwou Offeren a geet an der Prozedur bis op de Maximum. Well déi maximal Offer fir béid Veräiner identesch ass, kann den éischte Veräin dës Offer maachen.


Eng Offer ass genee sou héich wéi eng aktiv maximal Offer

Wann een eng manual Offer ofgëtt déi grad esou héich ass wéi de Montant vun enger automatescher Offer, da wënnt d'manuell Offer d'Stee. Manual Offeren hunn d'Prioritéit op déi automatesch Offer - Funktioun. An der Iwwersicht vun den Offeren gesäit dat dann esou aus:

Veräin A – 20.000 €
Veräin B - 50.000 €


De Fall, wou een eng manuall Offer ofgëtt, déi méi niddereg ass wéi eng aktiv maximal Offer, awer déi aktiv maximal Offer net em 2 % iwwerbuede ka ginn

Hei trëtt d'Grondregel nees a Kraft datt d'manuell Offeren déi automatesch Offeren iwwertrompen. Wa mer beim Beispil vu virdrun bleiwen, da bidd Veräin B 49.500€. Dës Offer ka vu Veräin A net iwwertraf ginn, well d'maximal Offer bei 50.000€ läit. Veräin B wënnt domadder d'Auktioun. An der Iwwersicht vun den Offeren géing dat dann folgendermoossen ausgesinn:

Veräin A – 20.000 €
Veräin B – 49.500 €


Zréck >>
 
Server 071