Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

De Coupe System

An enger vun den Hattrick Coupe matzemaachen ass eng interessant Herausfuederung fir all Manager, well et eng gutt Saach ass fir denge Spiller Erfahrung ze wannen an och dengem Veräi Sue ran ze bréngen. Den Hattrick Coupe System ass gemeet gi fir jidderengem Veräi mat ënnerschiddlechsten Niveau e Sënn ze maachen. Et ass och gemeet fir all Veräin op mannst dräi Coupe Mätscher pro Saison ze garantéieren.

All Équipe, déi méi héich wéi déi 6. Divisioun spillt däerf an der Nationaler Coupe matmaachen. Gëtt se fréi an der Nationaler Coupe éliminéiert, spillt se an enger méi niddereg ugesinnener Coupe weider. Wann däi Land méi wéi sechs Divisiounen huet, da gëtt et eng Divisioune Coupe fir all Divisioun, déi méi niddereg ass wéi déi 6. Équipen aus der Divisioun (7. Divisioun a méi niddereg) spillen an hirer respektiver Divisioune Coupe a Plaz vun der Nationaler Coupe.

Wann deng Équipe aus der Divisioune Coupe éliminéiert ass, kritt se wéi bei der Nationaler Coupe eng Chance an enger méi niddereg ugesinnener Coupe weider ze spillen.

D'Auslousung vun der Coupe

D'Coupemätscher ginn ëmmer an der Mëtt vun der Woch gespillt. Déi éischt Ronn an der Nationaler Coupe souwéi an der Divisioune Coupe ass puer Deeg virum éischte Match am Championnat. D'Challenger Coupë bestinn aus Équipen, déi entweder aus der Nationaler oder der Divisioune Coupe éliminéiert goufen an aus dem Gronn fänken déi Coupen ëmmer eng Woch no der Nationaler an der Divisioune Coupe un. Et gi separat Challenger Coupë fir déi National Coupe an déi verschidden Divisioune Coupen. Däin éischte Géigner an der Coupe souwéi déi Coupe wou s de spills gëtt der eng Woch am viraus matgedeelt. An de weidere Ronne gëtt däi Géigner an d'Coupe wou s de spills ëmmer kuerz nom Enn vun alle Mätscher aus der respektiver Coupe annoncéiert.

Équipen, déi an enger spéider Ronn an eng Coupe rakommen, spillen ëmmer géint eng Équipe, déi scho méi fréi do ugefaangen huet. Wann Équipë gläichzäiteg rakommen, ginn déi méi héich gesaten Équipen ëmmer géint déi méi niddereg gesaten Équipë gepaart. (Am prakteschen heescht dat, dat wann s de et schaffs bis an der 5ter oder 6ter Ronn an der Nationaler Coupe ze bleiwen, op eng Équipe trëffs, déi éischter an d'Challenger Coupe komm ass well se schonn an der Ronn 1 oder 2 aus der Nationaler Coupe erausgeflunn ass, onofhängeg vum normale Coupe Ranking).

D'Veräiner gi fir d'éischt no den Divisioune klasséiert, an deenen se dës Saison spillen, an dann innerhalb vun all Divisioun wéi folgend klasséiert:

1. Aktiv Veräiner, déi ofsteige miissten
2. Aktiv Veräiner, déi weder op- nach ofgestige sinn
3. Veräiner, déi aus eegener Kraaft opgestige sinn
4. Veräiner, déi "gratis" opgestige sinn (fir eng Bot-Équipe ze ersetzen, déi degradéiert gouf)
5. Bot-Équipen, falls nach Plaze fräi wieren

Veräiner an enger vun dëse Gruppe ginn nom Klassement vun der leschter Saison sortéiert. Dës Setzlëscht bleift och fir déi komplett Coupe-Saison esou bestoen.

Déi méi héich gesaten Équipe spillt ëmmer auswäerts bis déi lescht sechs Mätscher vun der Coupe, wann d'Mätscher dann op neutralem Terrain spillt ginn. All d'Coupemätscher, bei deenen an der normaler Spillzäit keng Décisioun gefall ass, ginn an d'Verlängerung. Si se dann nach ëmmer net décidéiert, geet et an d'Eelefmeterschéissen. Wéi s de déi Spiller opstells, déi d'Eelefmetere schéissen, gëss de am Kapitel "D'Opstellung: Routine an Duercherneen" gewuer.

Coupe Format

Déi wichtegste Coupe an all Land ass déi National Coupe. Dës ass op fir all Veräin an der 6. Divisioun oder besser, den e mënschleche Benotzer huet. Nëmmen déi bescht Équipë wäerten d'Chance hunn déi National Coupe ze wannen, mä all Équipe déi wäit an der Competitioun kënnt wäert belount ginn.

Mä wann deng Équipe awer fréi aus der nationaler Coupe eraus flitt, kriss de eng zweet Chance. Wann s de an enger vun de sechs éischte Ronnen éliminéiert gëss, da wäers de an enger vun den dräi nationale Challenger Coupë weiderspillen. An enger Challenger Coupe matzespille wäert ëmmer nach attraktiv fir däi Veräi bleiwen, mä bréngt der vill manner wéi eng national Coupe. Wann et der geléngt, sollt d'Bleiwen an der Nationaler Coupe sech lounen.

Déi dräi Challenger Coupë gi Smaragd, Rubin a Saphir genannt. An der Smaragd Coupe kommen Équipë ran, déi an der Ronn 1 oder 6 vun der nationaler Coupe éliminéiert goufen. Veräiner, déi an der Ronn 2 oder 5 eraus geflu sinn, spillen an der Rubin Coupe. Équipen, déi an der Ronn 3 oder 4 éliminéiert goufen, spillen an der Saphir Coupe mat. Déi dräi Coupe lafe parallel zu enee an och zu der nationaler Coupe, an all Coupe wäert hiren eegene Gewënner kréien. Et ke sinn, datt d'Challenger Coupen aner Nimm hu jee no Land.

Équipen, déi an der éischter Ronn vun der Smaragd Challenger Coupe oder an der éischter Ronn vun der Rubin Challenger Coupe éliminéiert gi kréien eng Plaz an der Trouscht Coupe. An dëser Coupe gëtt et kee Präisgeld oder aner Belounungen, mä de Gewënner kritt ëmmerhin eng Coupe.

A Länner mat méi wéi sechs Divisioune ginn Divisioune Coupë fir d'Divisiounen 7 an drënner organiséiert. D'Divisioune Coupë lafen nom selwechte Schema wéi d'Haaptcoupe mat den dräi Challenger Coupë Smaragd, Rubin a Saphir, an och mat der Trouscht Coupe. Den eenzegen Ënnerscheed ass d'Präisgeld, dat méi kleng ass.

D'Gréisst vun de Coupë gëtt mat der Unzuel vun den Équipen, déi fir déi Coupe qualifizéiert sinn an e mënschleche Besëtzer hunn, bestëmmt. Déi klengst Gréisst, déi Plaz mécht fir all qualifizéiert mënschlech Équipe, gëtt gewielt. Wann all déi mënschlech Équipen dra sinn, gëtt den Tableau mat Bot-Équipen opgefëllt.

1. D'Unzuel vu qualifizéierten Équipë mat mënschleche Benotzer gëtt gezielt
2. Déi klengst Gréisst vu Coupe mat deenen Équipë gëtt bestëmmt
3. Dës Coupe gëtt fir d'éischt mat mënschlechen Équipen opgefëllt.
4. Da gi "regulär" Bot-Équipen aus der Divisioun geholl.
5. Wann dat net duergeet, ginn och nach Bot-Équipen nëmme fir d'Coupe gemeet.


Woch National Coupe Challenger Coupe
(Smaragd)
Challenger Coupe
(Rubin)
Challenger Coupe
(Saphir)
Trouscht Coupe
Équipen Équipen Équipen Équipen Équipen
1 16384
2 8192 8192
3 4096 4096 4096 4096
4 2048 2048 2048 2048 4096
5 1024 1024 1024 2048 2048
6 512 512 1024 1024 1024
7 256 512 512 512 512
8 128 256 256 256 256
9 64 128 128 128 128
10 32 64 64 64 64
11 16 32 32 32 32
12 8 16 16 16 16
13 4 8 8 8 8
14 2 4 4 4 4
15 - 2 2 2 2
16 - - - - -
  • Équipen, déi an der Ronn 1 oder 6 vun enger nationaler Coupe verléieren, wäerten an d'Smaragd Challenger Coupe rutschen.
  • Équipen, déi an der Ronn 2 oder 5 vun enger nationaler Coupe verléieren, wäerten an d'Rubin Challenger Coupe rutschen.
  • Équipen, déi an der Ronn 3 oder 4 vun enger nationaler Coupe verléieren, wäerten an d'Saphir Challenger Coupe rutschen.
  • Équipen, déi an der éischter Ronn vun enger Smaragd Challenger Coupe oder enger éischter Ronn vun enger Rubin Challenger Coupe verléieren, kommen an d'Trouscht Coupe.

Effekter op d'Équipe

Ee vun de wichtegen Aspekter vun de Coupë sinn déi taktesch Optiounen, déi si bidden. An der Coupe bleiwe fir eng länger Zäit ginn der méi offiziell Mätscher a sou och méi Méiglechkeete fir d'Selbstvertrauen an d'Équipestëmmung virum nächste Match an der Liga ze erhéijen. Coupemätscher ginn denge Spiller och méi Erfahrung, wat mat de méi verkafen Entréesbilljeeën eng méi laang Zäit an der Coupe nach méi attraktiv maachen. Mä net all d'Coupë beaflossen deng Équipe selwecht vill.

Kaarten a Verletzungen hunn de kompletten Effekt an all de Coupen. Wann s de eng giel Kaart an engem Coupematch kriss, kéint däi Spiller fir de nächste Match am Championat gespaart sinn.

Équipestëmmung, Selbstvertrauen a Supporterstëmmung: Just an der Nationaler souwéi an der Divisioune Coupe gëtt et en Effekt op déi Wäerter. Mätscher an anere Coupë gi wéi Frëndschaftsmätscher gekuckt an hu keen Affloss op déi spéider Équipestëmmung, Selbstvertrauen a Supporterstëmmung.

Erfahrung: Déi National Coupe an d'Divisioune Coupe ginn denge Spiller um Terrain duebel souvill Erfahrung wéi e Match am Championat. Mätscher an der Challenger oder Trouscht Coupe ginn denge Spiller hallef souvill Erfahrung wéi an engem Match am Championat.

Akommes duerch d'Coupe

Déi verkaften Tickete sinn e wichtege Bénéfice vun enger erfollegräicher Coupe Campagne. Bleiws du méi laang an enger Coupe, kommen ëmmer méi Spectateuren an de Revenu gëtt méi héich. Déi national Coupe an d'Divisioune Coupe ginn als méi attraktiv vun denge Supporter ugesi wéi d'Challenger an d'Trouscht Coupe. Während e Match an der nationaler Coupe oder der Divisioune Coupe (zumindest an enger spéider Ronn) ongeféier souvill Spectateure wéi e Match am Championat brénge kenn, sinn déi aner Coupë vergläichbar mat engem Frëndschaftsmatch wat d'Spectateure betrëfft. Déi national Challenger Coupe wäert 3 mol souvill Spectateure brénge wéi en internationale Frëndschaftsmatch tëschen den zwou Équipen. Déi national Trouscht Coupe wäert 2 mol souvill Spectateure brénge wéi en internationale Frëndschaftsmatch tëschen den zwou Équipen. D'Divisioune Challenger Coupe wäert 2 mol souvill Spectateure brénge wéi en internationale Frëndschaftsmatch tëschen den zwou Équipen. D'Divisiounen Trouscht Coupe wäert 50 % méi Spectateure brénge wéi en internationale Frëndschaftsmatch tëschen den zwou Équipen.

D'Heeméquipe kritt 67 % vun de Recetten duerch d'Entréesbilljeeën an d'Auswäertséquipe 33 %. An de leschte sechs Ronne kritt all Équipe d'Halschent vun de Recetten. D'Supporter interesséiere sech net vill fir d'Mätscher aus den éischte Ronnen, mä vu Ronn zu Ronn interesséieren se sech da méi a méi. Et stëmmt och, datt d'Supporter vun engem Veräin aus enger niddereger Divisioun léiwer Mätscher géint Géigner aus enger méi héijer Divisioune gesi wëllen. Den emgedréinte Wee stëmmt dat awer net. Déi bescht Équipen aus der Coupe kréien och Prime wéi am Tableau ënne beschriwwen. De beschte Buteur gëtt net belount an der Coupe.

National Coupe

Plaz National Coupe Challenger Coupe Trouscht Coupe
Gewënner 1 500 000 US$ 300 000 US$ -
Finalist 1 000 000 US$ 150 000 US$ -
Raus an der Halleffinale 750 000 US$ 100 000 US$ -
Raus an der Véirelsfinale 500 000 US$ 50 000 US$ -
Raus an der Aachtelsfinale 250 000 US$ 25 000 US$ -
Raus an der Ronn vun de leschten 32 200 000 US$ - -
Raus an der Ronn vun de leschten 64 180 000 US$ - -
Raus an der Ronn vun de leschten 128 160 000 US$ - -
Raus an der Ronn vun de leschten 256 140 000 US$ - -
Raus an der Ronn vun de leschten 512 120 000 US$ - -

Divisioune Coupe

Plaz Divisioune Coupe Challenger Coupe Trouscht Coupe
Gewënner 300 000 US$ 150 000 US$ -
Finalist 150 000 US$ 100 000 US$ -
Raus an der Halleffinale 100 000 US$ 50 000 US$ -
Raus an der Véirelsfinale 50 000 US$ 25 000 US$ -
Raus an der Aachtelsfinale 25 000 US$ - -
 
 
Server 096