Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hëllef »   Handbuch »   Aféierung 

Aféierung

Dëst ass d'Handbuch fir Hattrick. Eng méi schnell Aféierung an d'Spill kriss de an der Aféierung fir nei Manager.

Hattrick ass e Spill, an deem s du eng virtuell Futtballsekipp zum Erfolleg féiere kanns, an dat géint Matspiller aus der ganzer Welt.

Hattrick ass en einfacht Spill, et ass liicht, fir d'Grondregelen ze léieren. Du kanns Hattrick och spillen, wanns de dech nëmmen eemol oder zweemol an der Woch connectéiers (mä natierlech hoffe mer, datt mer dech méi oft gesinn). D'Erausfuerderung ass et net, fir méi schlau wéi d'Spill ze sinn, mä se läit an der Competitioun mat den anere Matspiller. Dës Competitioun féiert och dozou, datt d'Matspiller zu Frënn ginn, Hattrick gëtt sou e Gesellschaftsspill.

Deng Aufgaben

Du bass souwuel de Manager wéi och de Besëtzer vum Veräin. Du plangs Taktiken a Strategie, du décidéiers, wat trainéiert gëtt, an du wiels déi Spiller, déi spille sollen. Du keefs a verkeefs Spiller, du investéiers a Verbesserunge vum Stadion a vill aner Saachen. Fir déi, déi wëlle Succès hunn, ass et e gudde Rot, fir eng gutt Strategie ze bastelen an e Plang à long terme. Succès an Éier ginn et net ëmsoss.

Deng nei Ekipp

Wanns de deng Ekipp kriss, dann huet se eng fräi Plaz an enger vun den zwou ënneschten Divisioune vum Hattrick-System kritt. Däin Opstig fänkt mat engem Spillerkader un (e puer vun deene kënnen e bëssen talentéiert sinn, e puer anerer éischter net...), engem Stadion an e puer Suen als Hëllef. Dono ass et un dir, fir Wonner ze bewierken.

Et ass net schlëmm, wanns de der méi spéit nach eng Kéier Gedanken iwwer den Numm vun denger Ekipp méchs. Du kanns dengem Veräi säin Numm ëmmer tëschent de Saisonen änneren, mä et kascht dech 10 000 US$ well Trikoten a Marketing Artikelen geännert musse ginn. Du wäers och 3 % vun denge Supportere aus dem Fanclub verléieren, well e puer vun dengen Hardcore Supporter der net verzeie wäerten, dass den ale Numm opginn ass.

Regiounen a Wieder

Deng Ekipp gehéiert zu enger Regioun, enger Regioun, mat där s de wuel eng Relatioun hues. Regioune ginn et, fir datt s de kanns aner Leit aus denger Regioun treffen. Eng aner wichteg Fonctioun ass, datt all Regioun hiert eegent Wieder huet. Keng Regioun ass besser wéi déi aner, all d'Regiounen sinn selwecht, du muss der also keng Gedanken driwwer maachen, datt s de éiere géifs e schlechte Choix maachen.

Vum Wieder hänken e puer Saachen of, virun allem awer mol d'Zuel vun de Spectateuren (et komme manner Spectateuren, wann et reent) an op d'Performance vun de Spiller. Op der Säit vun enger Regioun kanns de d'Wieder vun haut fannen an d'Wiederprevisioune fir muer. Wann et haut d'Sonn schéngt, dann ass et méi wahrscheinlech (am Verglach zu aneren Zorte vu Wieder), datt et muer och sonneg ass. D'Wieder ass also net ganz zoufälleg.

Du kanns tëschent de Saisonen, wanns de dat wëlls, d'Regioun wiesselen. Et kascht dech awer 10 000 US$ an 3% vun denge Supportere verloossen de Fanclub.

Eise beschte Rotschlag

Dës Gebrauchsuweisung ze liesen ass de beschte Rotschlag, dee mer der kënne ginn. Du muss net alles op ee Coup liesen, schonn déi éischt Kapitelen ze liese wäert der eng gutt Iddi ginn, wéi een d'Spill spillt. Wann et nach ee Rot gëtt, dee mer der kënne ginn, dann ass et deen, fir all deng weider Froen am Forum ze stellen. Et gëtt souguer e Forum, dee genee fir déi Froen do ass.

Et gëtt do nëmmen eng Saach, op déi mer insistéieren: Fir datt s du an all déi aner dat beschtméiglecht Hattrick-Erliefnes kënnt hunn, ginn et ganz einfach Regele vum Behuelen, déi s de an eisen Hausregele kanns fannen.

Spiller: Fäegkeeten

All Spiller huet 8 Haaptfäegkeeten an et ginn nach e puer Faktoren, déi hir Perfomance a verschiddene Situatiounen beaflossen. Kucke mer eis fir d'éischt emol déi verschidde Fäegkeeten un:
Konditioun: Se décidéiert wéivill vu senge Fäegkeeten e Spiller am Laf vum Match verléiert.
Spillmaacher: Et ass d'Fäegkeet fir de Ball ze kontrolléieren a Chancen ze generéieren.
Buteur: De Ball soll an de Filet goen.
Bande: D'Fäegkeet fir Goalchancë mat Aktiounen iwwer d'Säiten ze kréinen.
Golkipp: De Ball soll net an den eegene Filet goen.
Passpill: Spiller, déi wëssen, wéini se eng entscheedend Passe spille sollen, sinn eng grouss Hëllef fir de Stuerm vun enger Ekipp.
Verteidegung: D'Fäegkeet fir Attacke vum Géigner ze stoppen.
Strofstéiss D'Resultat vun de Fräistéiss an den Eelefmetere hänkt dovun of, wéi gutt de Strofstouss-Spezialist Strofstéiss schéisse kann.

Wéi gutt ass däi Spiller

Am richtege Liewe soe mer, datt e Spiller nawell "e gudde Stiermer" ass oder "e super Verteideger", wa mer e spille gesinn. Bei Hattrick musse mer dat och maachen, wa mer Spiller beschreiwe wëllen. Mer benotzen Dénominatiounen (an net nëmme fir Spiller); fir d'Spiller-Fäegkeet geet et vun "inexistent" bis "gëttlech". Du kanns all d'Dénominatiounen an der Annexe nobliederen.

Verschidde Spiller brauche verschidde Fäegkeeten

Net all Spiller mussen an alle Fäegkeete gutt sinn, mä Konditioun ass fir all Spiller wichteg.  Heiansdo geet et duer, wann e Spiller nëmmen an enger Fäegkeet gutt ass, mä et ass méi profitabel, wann e Spiller an e puer Fäegkeete gutt ass.  Wéi eng Fäegkeeten (ausser Konditioun) fir e Spiller wichteg sinn, hänkt vu senger Positioun um Terrain of:

Golkippen:

Golkipp ass natierlech fir d'Golkippen wichteg. Se profitéieren och vun der Fäegkeet Verteidegung, während d'Fäegkeet Strofstéiss hëlleft fir sech besser géint Fräistéiss an Eelefmeteren ze wieren.

Zentral Verteideger:

Verteideger sollen natierlech vill Verteidegung hunn. Spillmaacher ass fir se och wichteg an hir Fäegkeet Passpill hëlleft hinnen immens vill, wa se a Konterattacke verwéckelt sinn.

Ausseverteideger:

Verteidegung ass natierlech och hei déi wichtegste Fäegkeet. Se profitéieren awer och vill vun der Fäegkeet Bande. Mat Spillmaacher kënne se och e bëssen eppes ufänken a Passpill hëlleft bei Konterattacken.

Zentral Mëttelfeldspiller:

Gutt Spillmaacher am zentrale Mëttelfeld ze hunn ass fir vill Ekippen de Schlëssel zum Erfolleg. Déi Spiller benotzen och vill hir Fäegkeeten am Passpill souwéi an der Verteidegung an och zum gudden Deel am Buteur.

Banden:

Natierlech profitéieren déi dovunner, datt se an der Fäegkeet Bande gutt sinn, mä Spillmaacher ass och wichteg. An da kënne se och nach Passpill a Verteidegung gutt gebrauchen.

Stiermer:

Hir éischt Prioritéit ass et, fir Goaler ze schéissen, wat heescht, datt se mol virun allem Buteur mussen hunn. Passpill ass och vill wäert, genau wéi Bande oder Spillmaacher.

Ännerunge bei de Fäegkeeten

D'Fäegkeeten ännere mat der Zäit. All d'Fäegkeete kënnen ëmmer am Liewe vun engem Spiller mat Training verbessert ginn. Wann d'Spiller awer méi al ginn, fänke se un, fir e bësse vun hire Fäegkeeten ze verléieren. Am Kapitel "Training" steet alles iwwer d'Ännerunge bei de Fäegkeeten.

Spiller: Aner Attributer

Alter

Du kanns engem Spiller säi geneeën Alter op senger perséinlecher Spillersäit gesinn. Een Hattrick-Joer dauert 112 Deeg, wat heescht, datt all Spiller e gewëssen Alter huet an zousätzlech 0 bis 111 Deeg al ass.

Perséinlechkeet

All d'Spiller hunn eng Perséinlechkeet. Se kënnen e fäine Kärel oder en Ekel, de Chef vun der Ekipp oder en Eenzelgänger, en opbrausenden oder e rouege Mënsch sinn. De Moment huet d'Perséinlechkeet vun engem Spiller net vill Afloss op d'Spill, mä et ass eng gutt Décisioun, fir e Kapitän mat gudde Féierungsqualitéiten ze hunn. Am Kapitel iwwer d'Psychologie kënne méi Informatiounen iwwer den Afloss vun der Perséinlechkeet op d'Spill fonnt ginn.

Erfahrung

Spiller déi a ville wichtege Mätcher agesat goufen gewannen un Erfahrung. Dës Erfahrung hëlleft hinnen bei zukünftege Mätcher op verschidden Aart a Weis, wéi z Bsp. d'Evitéieren vun Duerchenaner um Terrain oder beim Opbau (oder Verteidegen) vun Spezialéevenmenter, déi zu Goaler féiere kënnen. Erfahrung gëtt als eegestännege Wert opgezeechent. Erfahrung steet nett a Zesummenhang mat de Fäegkeeten vun engem Spiller. All gespillte Mätch huet eng Auswierkung op den Zouwuess vun Erfahrung. Frëndschaftsmatcher brengen manner Erfahrung wei z.Bsp Matcher fir d'Nationalekipp oder d'Coupematcher. Ee Spiller brauch ongeféier 100 Erfahrungspunkten fir de nächste Niveau ze erreechen. D'Punkten déi e Spiller pro Match kréie kann, gesäis Du a folgendem Tableau.

Type vum Match Erfarungspunkten
Championatsmatch 3.5
Relegatiounsmatch 7
Coupe Match 7
Sekundär Coupe Match 1.75
Frëndschaftsmatch 0.35
Internationale Frëndschaftsmatch 0.7
HT Masters Match 17.5
Jugendliga Match 3.5
Jugend-Frëndschaftsmatcher 0.35
(Al) WM Match 35
(Al) WM Finall 70
(Al) Frëndschaftsmatch Nationalekipp 7
Weltmeeschterschaft Match 28
Weltmeeschterschaft (Hallef- a Finall) 56
Weltmeeschterschaft (Wildcards) 14
Kontinental Meeschterschaften 14
Kontinental Meeschterschaften (Véirels-, Hallef- an Finall) 21
Nations Coupe 7
Natioune Coupe (Knockout) 14
Nationalekipp Frëndschaftsmatcher 3.5

Loyalitéit

Spiller mat héijer Loyalitéit hunn eng besser Performance um Terrain. D'Loyalitéit geet erop, wat de Spiller méi laang am Veräin ass.

Et ginn zwou Zorte vu Loyalitéit:

Bonus fir Spiller-Loyalitéit

Fir all Dag, deen e Spiller méi laang an dengem Veräin ass, hänkt hien e bësse méi um Veräin an ass e bësse méi loyal. Wat hie méi um Veräin hänkt a loyal ass, wat hie besser spillt.

D'Loyalitéit geet am Ufank schnell erop, dono ëmmer méi a méi lues. De Maximum u Loyalitéit ass no dräi Saisonen erreecht. Un der Halschent ass e Spiller awer schonn no 12 Wochen.

Maximale Bonus: +1 Niveau op all Fäegkeet (ausser Konditioun), no dräi Saisonen (336 Deeg).

Beispill: Den Tommy Weber ass e staarke Spillmaacher a passabel an der Verteidegung. Seng Loyalitéit ass gëttlech, also um Maximum. Hie spillt doduerch wéi en exzellente Spillmaacher mat staarker Verteidegungsfäegkeet (and dat gesäit een och un der Bewäertung no Stären).

Mat gëttlecher Loyalitéit kritt e Spiller de volle Bonus. Deng Jugendspiller fänke mat gëttlecher Loyalitéit un.

E Spiller verléiert seng Loyalitéit, wann en de Veräi wiesselt. Hie fänkt erëm ënnen un, wanns de hien eng Kéier zréckkeefs.

Bonus fir den éischte Veräin

E Spiller, dee fir säin éischte Veräi spillt, sou wéi zum Beispill deng Jugendspiller, an deen dat och a senger ganzer Carrière gemaach huet, kritt ëmmer e klenge Bonus um Terrain, well hien de Veräi wierklech ze douds gären huet.

Bonus: +0.5 Niveau op all Fäegkeet (ausser Konditioun).

Spiller, déi hir ganz Carrière fir hiren éischte Veräi gespillt hunn, gi mat engem klenge Bild an der Form vun engem Häerz markéiert. Jugendspiller, déi verkaf an nees zréckkaf goufen, kréien dëse Bonus net.

All Bonus kréien

E Spiller kann natierlech all Bonus kréien. Wanns de engem Jugendspiller (egal aus wéi engem Jugendsystem) e Kontrakt an denger Profisekipp gëss, kritt hien e Bonus vu +1,5 op all senge Fäegkeeten (ausser Konditioun), bis hie verkaf gëtt.

Total Skill Index (TSI)

Mam Total Skill Index gëtt gemooss, wéi dem Spiller seng Fäegkeete sinn. Den TSI geet duerch den Training an d'Luucht a kann och duerch d'Form eropgoen (oder erofgoen).

Form

Wat dem Spiller seng Form besser ass, wat seng Leeschtung besser wäert sinn. Dat huet awer guer näischt mat der kierperlecher Verfassung vum Spiller ze dinn oder mat der Qualitéit vu sengem Training. D'Form ass bei Hattrick eng Kombinatioun vun Aspekter, déi et engem Spiller erméiglechen, oder och net erméiglechen, fir säi vollt Potential ze erreechen - zum Beispill d'Situatioun a sengem Privatliewe genee dëse Moment.

Op der Spillersäit kanns de engem Spiller seng "aktuell Form" gesinn. Et ass si, déi an de Matcher zielt. Zum Beispill ass en "excellente" Spiller mat enger "schwaacher" Form fir gewéinlech méi schlecht wéi e "passable" Spiller mat enger "staarker" Form. Déi aktuell Form gëtt vum Undeel vum Konditiounstraining an der Ekipp negativ beaflosst; wat méi Konditioun trainéiert gëtt (a Prozenter), wat den Effet méi negativ ass.

An da gëtt et och nach eng "Form am Hannergronn", déi geholl gëtt, fir auszerechnen, wouhin dem Spiller seng Form tendéiert. All Woch, beim Training, ännert déi aktuell Form vun all Spiller, woubäi se sech méi no un déi un verstoppte Form am Hannergronn erubeweegt. Déi aktuell Form ass net op engem Siess mat der Form am Hannergronn identesch. Se ännert sech iwwer e puer Woche Schréck fir Schréck, wat se méi wäit vun der Form am Hannergronn ewech ass, wat déi Schréck awer méi grouss wäerte sinn.

Wann déi aktuell Form sech duerch den Training verännert huet, besteet d'Chance op eng Ännerung vun der Form am Hannergronn bei all Spiller. E Spiller huet déi selwecht Chance wéi all aner Spiller op eng Ännerung vun der Form am Hannergronn. Et gëtt fir dech keng Méiglechkeet, fir dës Probabilitéit ze beaflossen. Wann et d'Chance awer sou wëll, datt engem Spiller seng Form am Hannergronn sech ännert, da ginn et e puer Faktoren, déi bestëmmen, wéi déi nei Form am Hannergronn wäert sinn:

  • De Spiller huet am Laf vun der Woch an engem Match gespillt. Dat ass ganz wichteg!
  • Trainingsintensitéit - wat deng Ekipp méi haart trainéiert, wat hir duerchschnëttlech Form bësser wäert sinn.
  • Däin Trainer – wat seng Trainerfäegkeet besser ass, wat d'Form generell besser ass
  • Fitness-Trainer - e Fitness-Trainer ass spezialiséiert fir d'Form ze verbesseren.
  • Co-Traineren - déi Assistenten hëllefen och, fir d'Form ze verbesseren

Spezialfäegkeeten

Ongeféier d'Hallschent vun de Spiller hunn eng sougenannten "Spezialfäegkeet", déi en Afloss op de Match huet. All Spiller mat enger Spezialfäegkeet, krit an senger Pai e Bonus vun 10%. Et gi fënnef Haapt-Spezialfäegkeeten: "Dribbler", "Séier", "Kappballstaark", "Duerchsetzungsstaark" an "Onberechenbar". All Haaptspezialfäegkeet huet eng gutt an eng schlecht Säit, déi am Kapitel "Spezialevenementer" erkläert ginn. Spezialfäegkeete kënnen och bei gewësse Spezialtaktiken nëtzlech sinn, wéi et am Kapitel "Spezialtaktiken" erkläert gëtt.

Et ginn och nach zwou seele Spezialfäegkeeten: robust an Ekippespiller. Spiller mat der Spezialfäegkeet robust heelen hir Verletzungen méi séier wéi aner Spiller a komme vläicht och mat enger liichter Verletzung wärend dem Match duerch. Ekippespiller probéieren hire Matspiller, déi no bei hinnen um Terrain sinn, ze hëllefen. Wann et klappt, da geet d'Performance vun de Matspiller erop, wa net, da kéint et d'Organisatioun vun der ganzer Ekipp erofzéien.

Verletzungen

Heiansdo verletze Spiller sech. Wann dat de Fall ass, zitt déi Verletzung, ausser se ass ganz kleng, de Spiller fir e puer Matcher aus dem Verkéier an zwéngt en an d'Rehabilitatioun. Wat méi intensiv trainéiert gëtt oder méi Co-Traineren agestallt sinn, wat d'Probabilitéit fir eng Verletzung méi héich ass.

Al Spiller brauche méi laang Zäit, fir nees erëm gesond ze ginn, an een Dokter kann rekrutéiert ginn, fir datt d'Spiller méi schnell heelen. Den Dokter reduzéiert och de Risiko vun enger Verletzung. Spiller, déi un d'40 Joer erukommen, ginn awer nëmme ganz schlecht gesond. Denk och drun, datt d'Zäit vun der Verletzung a Woche geschat ass - wann däi beschte Stiermer eng Verletzung vun enger Woch huet, da brauch e bis zu enger Woch fir erëm gesond ze sinn.

Giel a Roud Kaarten

Spiller kënnen an de Matcher eng Giel Kaart kréien oder mat enger Rouder Kaart vum Terrain fléien, aggressiv Spiller (besonnesch déi onéierlech an déi ouni Erfahrung) méi oft wéi aner Spiller. Zwou Giel Kaarten an engem Match féieren dozou, datt de Spiller automatesch vum Terrain flitt. Wann e Spiller vum Terrain flitt, dann ass e fir den nächste Flichtmatch gespaart.  E Spiller kritt och dann eng Spär vun engem Match, wann en dräi Giel Kaarten aus den offizielle Matcher vun der aktueller Saison gesammelt huet. Giel Kaarten aus de Championats-, de Coupe- an de Relegatiounsmatcher vun där Saison, déi grad leeft, ginn d'selwecht gezielt. Wann e Spiller also schonn zwou Giel Kaarte krut an de Championatsmatcher vun der Saison, an dann nach eng aner kritt an engem Coupematch, ass en am nächsten offizielle Match, egal ob dat e Championats-, e Coupe- oder Relegatiounsmatch ass, gespaart.

Du kanns virun engem Match mat der Lëscht vun denge Spiller iwwerpréiwen, wéivill Kaarte se scho virum Spill kritt huet. E Spiller, deen dräi Giel Kaarte gesammelt huet oder am leschte Match vum Terrain geflunn ass, kritt e Symbol niewent säin Numm, dat wéi eng Rout Kaart ausgesäit a weise soll, datt hie gespaart ass. D'Roud Kaart vun engem gespaarte Spiller gëtt geläscht, wann e Flichtmatch gespillt gouf. All Kaarte vun de Spiller ginn um Enn vun der Saison geläscht. Transferen hunn keen Afloss op d'Kaarte vum Spiller. Ee Spiller kann an engem Frëndschaftsmatch keng Spär kréien oder eng Spär domat ofsëtzen.

D'Opstellung: D'Grondlagen

Als de Manager vun denger Ekipp décidéiers de, wéi deng Ekipp spille wäert a wéi eng Formatioun benotzt gëtt. Virun all Match benotz de den Opstellungsformulaire, deen s de op der "Matcher"-Säit fënns, fir deng Décisioun - deng Opstellunge fir de Match - festzeleeën. Du muss deng Opstellung bis opmannst 20 Minutte virum Ufank vum Match gemaach hunn, mä denk drun, datt dem Arbitter seng Auer liicht anescht goe kéint an een dowéinst Opstellungen a leschter Sekonn vermeide soll. Du kanns eng Opstellung zu enger "Standard-Opstellung" maachen (wat mer der aus Sécherheetsgrënn recommandéieren). Dat heescht, datt Hattrick dës Opstellung an zukënftege Matcher benotzt, mä du kanns natierlech ëmmer deng Opstellung ajustéieren, wann d'Ëmstänn vum nächste Matcher et dann erfuerderen.

D'Ufanksopstellung an Auswiesselungen

Fir all Match wiels de eelef Ufanksspiller, deng Auswiesselspiller, däi Strofstouss-Spezialist an de Kapitän. An der Opstellung zitts de d'Spiller aus enger Lëscht op déi richteg Plaz um Terrain.

Wann ee vun denge Spiller sech blesséiert, kënnt den Auswiesselspiller fir déi Positioun op den Terrain. Hues de fir eng Positioun keen Auswiesselspiller opgestallt oder gëtt den Auswiesselspiller och verletzt, gëtt automatesch ee vun deenen aneren Auswiesselspiller ausgewielt an op den Terrain geschéckt. Si keng Auswiesselspiller disponibel, muss de de Match mat 10 Spiller zu Enn spillen. Wa keng Auswiesselspiller disponibel sinn (oder du keen nominéiert hues) a sech de Golkipp verletzt, wäert e Feldspiller seng Plaz anhuelen. Du kanns och Auswiesselunge plangen. Méi dozou kanns de am Kapitel iwwer d'Auswiesselunge liesen.

Walkover

Denk drun dass de deng Liga- oder Coupematcher mat mindestens 9 Spiller ufänke muss.

Wann deng Opstellung manner wéi 9 Spiller enthält, awer méi verfügbar Spiller an dengem Kader sinn, wäerten aner Veräins-Fonctionnairen eng Opstellung fir de bestëmmte Match maachen. Wann dat passéiert, féiert dëst zu engem méi nidderegen Teamgeescht, Form, Vertrauen a Formatiounserfarung fir deng Ekipp, wéi wann s du d'Opstellung selwer gemaach häss. Op der Plus Säit kréien d'Spiller nach ëmmer Training fir de Match.

Wann net genuch Spiller am Kader fir eng valabel Opstellung sinn, mécht deng Ekipp e Walk-over. Dëst bestrooft d'Ekipp wéi uewe beschriwwen, an zousätzlech gëtt et keen Trainings-Effekt fir dëse Match.

Wanns de et a Frëndschaftsmatcher oder Jugendmatcher verpass fir op mannst 9 Spiller opzestellen, da wäerte Spiller aus der Noperschaft deng Spiller ersetzen. Am Géigesaz zu de Flicht-Matcher huet dat keen negativen Afloss op den Training vu Spiller, déi scho bei engem Flicht-Match an där Woch opgestallt goufen.

Formatioun vun der Ekipp wielen

Du kanns mat all Formatioun spillen, déi op der Opstellungs-Säit méiglech ass. Op der Trainings-Säit gesäis de och eng Lëscht mat alle méigleche Formatiounen.

Wichteg ass och ze wëssen, datt wa méi wéi ee Spiller an enger zentraler Positioun spillt (zentral Mëttelfeldspiller, zentral Verteideger, Stiermer), da bréngen se net hiert gesamt Potential fir d'Bewäertunge vun der Ekipp. De Verloscht vum Afloss ass och méi grouss bei dräi Spiller wéi bei zwee. D'Logik dohannert ass, datt wa méi wéi ee Spiller am gläiche Beräich spillt, da verléisst ee sech op den aneren an se bréngen also net hiert vollt Potential.

Zesummegefaasst, en eenzele Spiller an enger zentraler Positioun bréngt 100 % vun senger Leeschtung. Bei zwee Spiller verléieren se allenzwee un Afloss, bei dräi verléieren se alleguer nach méi un Afloss. Dëse Verloscht gëllt fir all d'Fäegkeete vum Spiller.

D'Gréisst vum Verloscht ass och méi grouss fir d'Mëttelfeldspiller wéi fir d'Stiermer, a fir d'Stiermer méi grouss wéi fir d'Verteideger. Méi genee ass de Verloscht fir d'Mëttelfeldspiller ongeféier duebel sou grouss wéi fir d'Verteideger, a bei de Stiermer an der Mëtt vun deenen zwee.

Taktiken an Haltung vun der Ekipp

Am Formulaire fir d'Opstellung kanns de och denger Ekipp hir Spezialtaktik (wa se eng spille soll) definéieren. Déi verschidde Spezialtaktike ginn am Kapitel "De Match: Spezialtaktiken" beschriwwen an d'Haltung vun der Ekipp gëtt am Kapitel "Psychologie" erkläert.

Manndeckung Uweisung

Mat der Manndeckung stells du ee vun denge Spiller un fir ze probéieren e Schlësselspiller vum Géigner ze neutraliséieren. Manndeckung ass ni ouni Risiko, dofir notz se mat Virsiicht - mä mam richtege Spiller am richtegen Ament kann et ganz wichteg si fir d'Resultat vum Match.

De Prinzip ass dass du ee vun denge Spiller als Schied a Stéierer op e spezifesche Spiller vum Géigner usetzs. Wann de géigneresche Spiller um Terrain ass, da leeft déi Uweisung no 5 Minutten un an däi Spiller wäert denger Ekipp manner hëllefen wéi hien et normalerweis mécht. Am spezielle geet dat ëm 50 % erof wann de Géigner no bei him um Terrain ass an 65 % erof wann e méi wäit ewech ass. De Notze fir dech ass dann hoffentlech, dass och d'Zil net esou vill zum Spill bäidroe kann. Dat hänkt dovunner of wéi effektiv däi Spiller an der Manndeckung ass. Den Trick ass natierlech fir Situatiounen ze fanne wou Manndeckung eppes bréngt, a fir déi ze ëmgoen, wou et näischt bréngt.

Wann e Spiller Instruktiounen kritt huet, da kann e keng aner Instruktioune kréien: Dat heescht dass d'Uweisung Manndeckung beim Spiller all déi aner Uweisunge läscht, déi e kritt huet ewéi offensiv, defensiv, zu der Mëtt oder no baussen ze goen.

Du kanns just eng Uweisung Manndeckung pro Match un e Verteideger, Ausseverteideger oder zentrale Mëttelfeldspiller ginn an och just op e Stiermer, eng Bande oder en zentraler Mëttelfeldspiller vum Géigner als Zil. Wann den Zilspiller guer net um Terrain ass oder op enger Positioun, déi net markéiert ka ginn, spillt, da fält d'Uweisung ewech, mä d'Leeschtung vun dengem Spiller geet 10 % erof. Trotzdeem kann eng Uweisung Manndeckung, och wann se net am Ufank vum Match gräift, méi spéit aktiv ginn, wann de Spiller agewiesselt gëtt oder op eng Positioun wiesselt, déi markéiert ka ginn.

Wann eng Manndeckung Uweisung leeft, da wäert de Spiller mat senge Fäegkeeten net zu der Ekippen-Taktik bäidroen (wéi Pressing oder Konteren). Mä hie wäert awer zu der Taktik bäidroen, wann d'Manndeckung net leeft, allerdéngs mat enger Penalitéit vun 10 % wéi méi uewen erkläert.

D'Fäegkeet Verteidegung ass am wichtegsten fir däi Manndecker. Si gëtt verglach mat der héchster Fäegkeet vum Zilspiller. Dee Vergläich entscheed wéi grouss d'Penalitéit op d'Leeschtung vum Zilspiller ass. Duerchsetzungstaark Spiller kréie e grousse Bonus (10 %) op hir Fäegkeet Verteidegung, a Spiller ouni Spezialitéit kréien e méi klengen (5 %). Fir den Zilspiller gëtt et bei Dribbler eng Penalitéit op der héchster Fäegkeet (- 8%) bei der Berechnung vun der Manndeckung, wärend onberechenbar Spiller e Bonus kréien (+ 8%). Form, Konditioun, Erfarung, Loyalitéit, éischte Veräin a Gesondheet sinn och wichteg fir Manndecker an Zilspiller. All dës Bonussen a Penalitéiten duerch d'Spezialfäegkeeten fléissen an d'Berechnung vum Effekt vun der Manndeckung eran, mä gi net bei de Bewäertunge gekuckt.

All Penalitéit vum Manndecker betrëfft all d'Fäegkeeten, ausser Golkipp a Strofstéiss. Penalitéiten op den Zilspiller grenzen och Verteidegung aus.

Individuell Astellungen

Du kanns all denge Feldspiller eng individuell Astellung ginn. Du kanns zum Beispill dengem zentrale Mëttelfeldspiller den Uerder ginn, fir "defensiv" ze spillen. Dat heescht dann, datt en nach ëmmer en zentrale Mëttelfeldspiller ass, mä datt e sech méi wéi normal op d'Verteidegung konzentréiert, a manner op de Stuerm. Et gi véier individuell Astellungen. An dëser Tabell fënns de eraus, wat se fir déi eenzel Positioun genee heeschen. Du kanns och e Spiller froen fir de Starspiller vum Géigner a Manndeckung ze huelen. An der Manndeckung Rubrik ass dat méi genau erkläert.
Positioun Astellung Effet
Ausseverteideger Offensiv E bësse méi Bande, e bësse méi Spillmaacher, manner Verteidegung
Defensiv E bësse méi Verteidegung, manner Bande, e bësse manner Spillmaacher
An d'Mëtt Vill méi Verteidegung an der Mëtt, manner Verteidegung fir d'Säit, vill manner Bande, e bësse manner Spillmaacher
Zentrale Verteideger Offensiv Méi Spillmaacher, vill manner Verteidegung
No baussen Vill méi Verteidegung fir d'Säit, vill manner Verteidegung an der Mëtt, eng gewësse Quantitéit Bande, e bësse manner Spillmaacher
Bande Offensiv Méi Bande, e bësse méi Passspill, manner Verteidegung, manner Spillmaacher
Defensiv Vill méi Verteidegung, manner Bande, manner Spillmaacher, e bësse manner Passpill
An d'Mëtt E bësse méi Spillmaacher, manner Bande, e bësse méi Verteidegung an der Mëtt, e bësse manner Verteidegung fir d'Säit, e bësse méi Passpill an der Mëtt, manner Passpill fir d'Säit
Zentrale Mëttelfeldspiller Offensiv Méi Passpill, vill manner Verteidegung, e bësse manner Spillmaacher, e bësse méi Buteur
Defensiv Méi Verteidegung, manner Passpill, e bësse manner Spillmaacher, e bësse manner Buteur
No baussen Eng flott Quantitéit Bande, e bësse manner Spillmaacher, e bësse méi Passpill a Verteidegung fir d'Säit a bësse manner Passpill/Verteidegung an der Mëtt, kee Buteur
Stiermer Defensiv E bësse méi Spillmaacher, méi Passpill (an nach méi Passpill op d'Säiten wann de Stiermer Dribbler ass), vill manner Buteur a bësse manner Bande
No baussen Méi Bande, vill méi Buteur a bësse méi Passspill fir d'Säit, vill manner Buteur a bësse manner Passspill an der Mëtt, e bësse manner Buteur, Bande a Passspill op der anerer Säit, e bësse manner Spillmaacher

De Match: D'Grondlagen

Déi richteg Opstellung ze fannen ass eng vun de schwéiersten Aufgabe bei Hattrick. An dësem an am anere Kapitel iwwer d'Matcher wäerte mer eis op d'Wierkung vun de Spillerfäegkeeten an engem Match konzentréieren. An dësem Kapitel ginn d'Grondlagen erkläert, déi wichtegst Saachen, déi ee wësse muss.

D'Grondlage vun der Match-Simulatioun

An all Halschent ginn eng gewëssen Unzuel un Attacke gespillt an d'Mëttelfeld décidéiert, wéi eng Ekipp d'Attack duerchféiere kann. D'Ekipp mat dem stäerkste Mëttelfeld (d'Ekipp mat dem héchste Ballbesëtz) ass déi Ekipp, déi am wahrscheinlechsten déi meeschten Attacken duerchféiere kann.   Wann eng Ekipp eng Attack duerchféiert ass décidéiert, wéi eng Zort vun Attack et ass. Et ginn dräi verschidden Zorte vun Attacken (iwwer d'riets Bande, d'lénk Bande an den zentrale Stuerm) an et ginn och nach Strofstéiss (duerch Fräistouss an Eelefmeter). De Stuerm an deem Secteur vun der Ekipp, déi den Ugrëff krut, wäert da versichen, fir der Ekipp, déi verteidege muss, hir Verteidegung an deem Secteur ze duerchbriechen.

Déi normal Attacken

An all Match gëtt et eng bestëmmten Zuel vun normalen Attacken (sou wéi uewendriwwer schonn erkläert). Puer vun dësen Attacke si genereller a fir all Ekipp méiglech, anerer kann nëmmen eng Ekipp exklusiv kréien.

Bei de generellen Attacken entscheet d'Mëttelfeld wéi eng Ekipp d'Attack kritt. Déi exklusiv Attacke funktionéieren no dem selwechte Prinzip, mat enger Ausnam: wann däi Mëttelfeld eng vun den exklusiven Attacke vum Géigner "gewënnt", da stopps de d'Attack - mä du kriss awer selwer keng dofir. Du kanns dem Géigner seng exklusiv Chancen net kréien, an hie kann och net deng kréien.

Déi meescht normal Attacke ginn am Rapport vum Match agedroen, mä Attacken, déi ganz wäit dovu fort ware fir zu engem Goal ze féieren, ginn net rapportéiert.  Du kanns nach zousätzlech Attacken duerch "Spezialevenementer" kréien an duerch Konterattacken. Déi zousätzlech Attacke ginn an den zwee anere Kapitelen iwwer de Match erkläert.

Avantage fir d'Heemekipp

D'Heemekipp kann op d'Mathëllef vun hire Supporteren zielen. Normalerweis hues de méi Ballbesëtz, wanns de doheem spills, wéi wanns de auswäerts spills.  Wa béid Ekippen an engem Match aus der selwechter Regioun sinn, gëtt de Match als Derby behandelt. An dësem Fall huet d'Heemekipp nach ëmmer den Avantage vum Heemmatch, mä d'Auswäertsekipp kritt och e klengen Avantage, deen ongeféier der Halschent vun deem vun der Heemekipp entsprécht. Fir Matcher op neutralem Terrain gëtt et kee Bonus fir d'Heemekipp, souguer wann de Match an der Regioun vun der Heemekipp gespillt gëtt.

Psychologie an dem Trainer seng taktesch Ausriichtung

Ekippestëmmung, Selbstvertrauen an hir Haltung beaflossen d'Performance vun der Ekipp. Am Kapitel "Psychologie" kanns de liesen, wéi Hattrick déi Saache simuléiert.
Dem Trainer seng Ausriichtung ("offensiv", "defensiv" oder "neutral") huet och hiren Afloss. Dozou kanns de méi am Kapitel "Den Trainer" liesen.

Op d'Bewäertunge vun der Ekipp solls de dech konzentréieren

Nodeems e Match gespillt ginn ass, kriss de eng Bewäertung vun der Ekipp fir all Deel vun der Ekipp. Dës Bewäertunge soen der, wéi gutt d'Leeschtunge vun de verschiddenen Deeler vun denger Ekipp am Match war an déi Bewäertungen zielen och, wann de Match berechent gëtt.

D'Dénominatiounen an de Bewäertunge vum Match (d'Skala geet vun "inexistent" bis "gëttlech") gëtt mat véier Sub-Niveauen präziséiert: ganz niddereg, niddereg, héich, ganz héich. Doduerch ass fir dech méi liicht erauszefannen, wéi gutt deng Bewäertungen op deem Niveau sinn. Zum Beispill heescht dat, datt "staark (ganz héich)" nëmme ganz e bësse méi schlecht ass wéi "excellent (ganz niddereg)", mä vill besser wéi "passabel (ganz niddereg)".

Stären

No engem Match kréien deng Spiller fir hir Performance am Match eng Bewäertung, déi mat Stären ausgedréckt gëtt. Hei ass hir Bedeitung:

Et sief bemierkt, datt d'Stären nëmmen d'individuell Leeschtung vun engem Spiller op senger ganz bestëmmter Positioun bewäerten a se dowéinst nëtzlech sinn, fir verschidde Spiller, déi op der selwechter Positioun spillen, ze vergläichen. Et ass keen ideale Wäert, fir d'Stäerkt vun enger Ekipp ze moossen. Fir gewuer ze ginn, wéi deng Ekipp sech geschloen huet (a fir se mat aneren Ekippen ze vergläichen), muss de op d'Bewäertunge vun der Ekipp kucken.

Gutt ze wëssen ass och, datt Auswierkungen op d'Bewäertung vun der Ekipp (sou wéi d'Verloschter fir méi wéi engem zentrale Spiller an engem Beräich, kuck dozou d'Kapitel iwwert d'Opstellungen) net an der Stäre-Bewäertung vun de Spiller berücksichtegt gëtt.

En normale Fall

Kuerz gesot, décidéiert den Zoustand vum Mëttelfeld, wéivill Chancë fir deng Ekipp an engem Match generéiert ginn. Déi aner Deeler vun der Ekipp entscheeden, wéi héich d'Chancen op e Goal duerch eng Attack sinn.

D'Tabellen, déis de hei ënnendrënner fënns, kënnen der hëllefen, wanns de deng Ekipp opbaus. Du muss awer dorunner denken, datt et nëmmen approximativ Wäerter sinn.  Wann e puer Niveaue vu Fäegkeeten eng hannert där anerer stinn, heescht dat, datt do nëmme kleng Differenzen an der Leeschtung sinn, a fir déi aner sinn d'Differenze méi grouss. Individuell Ausstellungen oder de Leeschtungsverloscht fir e Beräich wéinst zwee oder méi Spiller an enger zentraler Positioun fléissen net an d'Tabell an (méi iwwer dee Sujet fënns de am Kapitel virdrun).

Deel vun der Ekipp um Terrain Faktoren (déi wichtegst als éischt)
Mëttelfeld Spillmaacher vun den zentrale Mëttelfeldspiller
Spillmaacher vun de Banden
Spillermaacher vun den zentrale Verteideger
Spillmaacher Stiermer
Spillmaacher vun den Ausseverteideger
Lénk Säit vum Stuerm Bande vum lénke Bande
Bande vum lénken Ausseverteideger
Buteur vun de Stiermer
Passpill vum lénken zentrale Mëttelfeldspiller
Passpill vun der lénker Bande
Bande vun de Stiermer
Passpill vun de Stiermer
Passpill vun den zentrale Mëttelfeldspiller
Lénk Säit vun der Verteidegung Verteidegung vum lénken Ausseverteideger
Golkipp vun de Golkippen
Verteidegung vum lénken zentrale Verteideger
Verteidegung vun der lénker Bande
Verteidegung zentrale Verteideger
Verteidegung vum Golkipp
Verteidegung vum lénken zentrale Mëttelfeldspiller
Verteidegung zentrale Mëttelfeldspiller
Zentrum vum Stuerm Buteur vun de Stiermer
Passpill vun de Stiermer
Passpill vun den zentrale Mëttelfeldspiller
Buteur zentrale Mëttelfeldspiller
Passpill vun de Banden
Zentrum vun der Verteidegung Verteidegung vun den zentrale Verteideger
Golkipp vun de Golkippen
Verteidegung vun den zentrale Mëttelfeldspiller
Verteidegung vun den Ausseverteideger
Verteidegung vum Golkipp
Verteidegung vun de Banden
Riets Säit vum Stuerm Bande vun der rietser Bande
Bande vum rietsen Ausseverteideger
Buteur vun de Stiermer
Passpill vum rietsen zentrale Mëttelfeldspiller
Passpill vun der rietser Bande
Bande vun de Stiermer
Passpill vun de Stiermer
Passpill vun den zentrale Mëttelfeldspiller
Riets Säit vun der Verteidegung Verteidegung vum rietsen Ausseverteideger
Golkipp vun de Golkippen
Verteidegung vum rietsen zentrale Verteideger
Verteidegung vun der rietser Bande
Verteidegung zentrale Verteideger
Verteidegung vum Golkipp
Verteidegung vum rietsen zentrale Mëttelfeldspiller
Verteidegung zentrale Mëttelfeldspiller

Training

All Woch kanns du festleeën, op wat fir en Training sech soll konzentréiert ginn. Den Effet vum Training gëtt donneschdes oder freides während der Aktualiséierung vum Training applizéiert, woubäi de geneeën Dag vum Land ofhänkt. D'Trainingsaart muss also festgeluegt sinn ir d'Aktualiséierung vum Training fir déi Woch ufänkt. Wa sech bei de Spiller eppes un der normaler Form an der Hannergrond-Form ännert, kënnt dat och dee Moment zum Virschäin.

Alter an Niveau vun de Fäegkeeten

Jonk Spiller verbesseren hir Fäegkeete méi schnell wéi al Spiller. Wéi schnell däi Spiller léiere wäert, hänkt awer och dovun of, op wéi engem Niveau seng Fäegkeet ass - wat den Niveau méi déif ass, wat et am Training méi séier geet.  Wann den Niveau vun der Fäegkeet ganz déif ass, geet den Training e puer mol méi schnell wéi op engem mëttleren Niveau. Training vu Fäegkeeten, déi schonn op engem ganz héichen Niveau sinn, ass méi lues wéi op engem mëttleren Niveau.

Niewent dem Alter an dem Niveau vun der Fäegkeet ginn et véier Faktoren, déi den Effet vum Training beaflossen: d'Intensitéit vum Training, d'Trainingsaart, den Undeel vum Konditiounstraining an d'Ekipp, déi sech ëm den Training këmmert (den Trainer a seng Assistenten).

Intensitéit vum Training

Wat méi haart trainéiert gëtt, wat d'Form vun dengem Kader am Schnëtt besser ass, an d'Resultater vum Training gi besser. Du entscheets iwwert d'Intensitéit vum Training, andeems eng Zuel tëschent 0 an 100 antipps.  Wat awer méi intensiv trainéiert gëtt, wat de Risque vu Verletzunge méi héich ass. Du muss selwer décidéieren, wat fir dech am beschten ass - fro déi aner Leit am Forum.

D'Stëmmung an der Ekipp geet eemoleg erop, wann d'Intensitéit vum Training staark verklengert gëtt. Wann d'Intensitéit dann nees eropgesat gëtt, geet d'Ekippestëmmung natierlech erof, wann d'Spiller déi Nouvelle matgedeelt kréien. Wanns de d'Trainingsintensitéit änners, solls de net vergiessen, datt dat op d'mannst virun der leschter Aktualiséierung virum Training muss gemaach sinn.

Trainingsaart

Et gëtt 11 Trainingsaarten. Se verbesseren deng Spiller an iergendeppes. Déi verschidden Trainingsaarte fënns an der Lëscht hei ënnendrënner.

Trainingsekipp

Mat engem gudden Trainer, ass den Training méi effektiv wéi mat engem schlechten. Wann den Trainer Assistenten huet, verbessert dat d'Resultater vum Training.

Konditiounstraining

Konditioun muss all Woch trainéiert ginn, als prozentualen Deel vum ganzen Training vun der Ekipp. Seng Effizienz geet erof, wann ee méi dovun trainéiert - et ass vill besser, fir all Woch e bësse Konditioun ze trainéieren wéi all puer Woche ganz vill.  Al Spiller brauchen all Woch méi Training, fir hir Konditioun ze behalen. Dat heescht, datt hire Manager de richtegen Undeel fir de Konditiounstraining muss fannen, sou datt de Kader uerdentlech kann trainéieren.  Spiller, déi an der Woch op d'mannst 90 Minutte fir deng Ekipp gespillt hunn, kréien 100% vum Effet vum Konditiounstraining mat. Spiller, déi manner wéi 90 Minutte gespillt hunn (Ersatzspiller zum Beispill), kréie 75% vum Effet of, dozou nach e gewëssen Zousaz fir all Minutt, déi se gespillt hunn. Aner Spiller, déi am Laf vun der Woch net fir deng Ekipp gespillt hunn, mä awer gesond genuch sinn, fir ze trainéieren (Spiller déi eng Woch oder manner verletzt sinn), kréien d'Halschent vum Effet vum Training of. Spiller déi verletzt sinn, kréien keen Training.

De Konditiounstraining huet en negativen Effet op d'Form vun denger Ekipp; wat méi Konditioun trainéiert gëtt, wat den Effet méi staark ass.  Nëmmen déi aktuell Form, net d'Form am Hannergronn, gëtt vum Konditiounstraining beaflosst.

Wichteg Prinzipien

Wéivill Training e Spiller kritt, hänkt dovun of, wéivill Minutten hie fir deng Ekipp an der vergaangener Woch op enger fir den Training relevanter Positioun gespillt huet. Matcher, déi bei engem anere Veräi gespillt goufen, zielen nëmme fir d'Aktualiséiere vun der Form, de Spiller kritt dovu keen Training. Wann e Spiller guer keng Praxis hat oder net op mannst eng Minutt gespillt huet während der Woch, dann kritt e guer keen Training. Wéivill Training e Spiller kritt, hänkt dovun of, wéivill Minutten hie fir deng Ekipp an der vergaangener Woch op enger fir den Training relevanter Positioun gespillt huet. Den Training soll jo och mat bësse Praxis verbonne sinn.

Wann e Spiller an enger Woch op méi wéi enger anerer Positioun gespillt huet, ginn déi 90 Minutten geholl, déi him de beschten Training ginn. Individuell Spiller Uerderen spille keng Roll beim Training.

Spiller ob der Bande kréie just den halwen Training falls se am Spillopbau trainéiert ginn. Dat selwecht gëllt fir Ausseverteideger beim Bandetraining.

Et gëtt keen Ënnerscheed, ob de Spiller an engem Frëndschafts-, engem Coupe- oder engem Championatsmatch spillt - fir den Training sinn se all gläich effektiv.

Wanns de beim Ufank vum Match net genuch Spiller um Terrain stoen hues, da verléiers de de Match Forfait, an och den Training fir dee bestëmmte Match. Net de ganzen Training vun der Woch geet verluer.

Anerersäits, wanns du opgestallt hues mä de Géigner net, da gewënns du Forfait an déi 11 Spiller, déi beim Ufank vum Match um Terrain stinn, kréien den normalen Training, mee keng Spillererfarung.

Klammere bedeiten, datt den Effet kleng ass. Duebel Klammere bedeiten, datt den Effet winzeg kleng ass.

Trainingsaart Verbessert ...fir...
Strofstéiss Strofstéiss All d'Spiller um Terrain, 25% Bonus fir de Strofstouss-Spezialist an de Golkipp
Verteidegung Verteidegung Verteideger ((All Spiller, déi am Match spillen))
Stiermertraining Buteur Stiermer ((All Spiller, déi am Match spillen))
Bandetraining Bande Banden (Ausseverteideger) ((All Spiller, déi am Match spillen))
Schoss an Strofstéisstraining (Buteur) (All Spiller, déi am Match spillen)
(Strofstéiss) ((All Spiller, déi am Match spillen))
Kuerzpasstraining Passpill Zentral Mëttelfeldspiller, Banden a Stiermer ((All Spiller, déi am Match spillen))
Spillopbau Spillmaacher Zentral Mëttelfeldspiller (Banden) ((All Spiller, déi am Match spillen))
Goalkeepstraining Golkipp Golkippen
Wäitpasstraining Passpill Verteideger, zentral Mëttelfeldspiller a Banden ((All Spiller, déi am Match spillen))
Verteidegund (Verteidegung & Mëttelfeld) Verteidegung (Golkippen, Verteideger, zentral Mëttelfeldspiller a Banden) ((All Spiller, déi am Match spillen))
Bande (Bande & Stiermer) Bande Stiermer a Banden ((All Spiller, déi am Match spillen))
Individuell (Futtballschoul nëmmen) Fäegkeeten, déi fir d'Positioun vum Spiller am Match wichteg sinn. (All Spiller, déi am Match spillen)

Beispill

D'Ekipp trainéiert dës Woch "Bandetraining". Denk dorunner, datt d'Spilldeeg anescht kënne sinn - wann hei Sonndeg steet, ass domat de Championatsmatch vum Weekend gemengt, wann hei Mëttwoch steet, ass domat de Frëndschaftsmatch oder Coupematch an der Mëtt vun der Woch gemengt.

  • De Ben Payal huet de leschte Sonndeg als 90 Minutte laang als Bande gespillt, mä de Match vum Mëttwoch huet e verpasst. E kritt fir 90 Minutten Training als Bande.
  • De Jeff Strasser huet sonndes 90 Minutten als Bande gespillt a mëttwochs 90 Minutten als Stiermer. E kritt also 90 Minutten vollen Training als Bande.
  • De Mario Mutsch huet sonndes 50 Minutten als Bande gespillt a mëttwochs 90 Minutten als Ausseverteideger. E kritt 50 Minutte vollen Training als Bande a 40 Minutten Training an der Fäegkeet mat e bësse manner Stäerkt.
  • De Fons Leweck huet am Championat 40 Minutten als Bande gespillt a mëttwochs 90 Minutten als Stiermer. E kritt 40 Minutte vollen Training als Bande a 50 Minutten Training an dëser Fäegkeet, mä nëmme ganz wéineg ("Training am Hannergronn").
  • Den Eric Hoffmann spillt sonndes a mëttwochs 90 Minutten als Ausseverteideger. Hie kritt 90 Minutten Training an der Fäegkeet Bande, mä mat e bësse manner Stäerkt.
  • De Paul Philippe huet sonndes a mëttwochs net gespillt. Hie verbessert sech also net vill a senger Fäegkeet Verteidegung.

Zerfall vun de Fäegkeeten

Wann e Spiller mam Alter un d'30 Joer erukënnt, verléiert hien all Woch e klengen Deel vu senge Fäegkeeten. Wéi grouss de Verloscht ass, hänkt vum Alter vum Spiller a vum Niveau vun der Fäegkeet of. Wat den Niveau méi héich, wat de Verloscht méi grouss ass. D'Verloschter bei ale Spiller si méi grouss wéi bei jonke Spiller.

Trainer

Däin Trainer ass eng wichteg Persoun, déi fir den Training responsabel an denge Spiller eng Quell vun Inspiratioun ass.

Fäegkeete vum Trainer

Trainerfäegkeet: En Trainer mat Trainerfäegkeet kennt déi richteg Methodë fir d'Spiller ze trainéieren, sou datt se besser ginn. Wat däin Trainer méi talentéiert ass, wat den Training méi effektiv si wäert. En Trainer kann ni besser si wéi Level 5 (excellent). Nei Ekippen kréie fir den Ufank e Level 3 (passabel) Trainer.

Féierungsqualitéiten: Däin Trainer plangt net nëmmen d'Trainingsaktivitéiten, mä hien ass och nach eng Inspiratiounsquell fir deng Spiller. Deng Ekippestëmmung wäert generell besser sinn, wann däin Trainer gutt Féierungsqualitéiten huet.

Taktesch Ausriichtung: Däin Trainer kann offensiv, defensiv oder neutral sinn, dat huet (nëmmen) op d'Leeschtung vun der Ekipp an engem Match en Effet. En offensiven Trainer verbessert däi Stuerm zum Nodeel vun der Verteidegung an en defensiven Trainer hëlleft der Verteidegung, mä de Stuerm gëtt dofir e bësse vernoléissegt. En defensiven Trainer verbessert d'Verteidegung e bësse méi wéi en offensiven Trainer de Stuerm, d'Verschlechterung ass allerdéngs déi selwecht. En neutralen Trainer ass net offensiv an och net defensiv orientéiert, dat heescht, datt hie kengem Deel vun der Ekipp hëlleft an doduerch och keen Deel vernoléissegt gëtt.

Zerfale vun den Trainerfäegkeeten

Wann däin Trainer eng Saison an dengem Veräin war, wäerte seng Féierungsqualitéite lues a lues méi schlecht ginn. Wa se bis op katastrophal gefall sinn, fänkt seng Trainerfäegkeet u méi schlecht ze ginn.

Den Trainer wiesselen

Wann s de mat dengem Trainer net zefridde bass kanns de entweder en neien externen Trainer rekrutéieren oder ee vun denge Spiller zum Trainer maachen. E Spiller muss op mannst 16 Wochen an denger Ekipp gewiescht sinn ier hien als Trainer kann ufänken. Den Trainer kanns de entweder bei "Personal" oder ënner dem "Mäi Veräin"-Menu wiesselen.

Denk drun, datt all nei Trainere mat der selwechter Trainerfäegkeet gläich sinn. Dat heescht, wanns de e Level 3 (passabel) Trainer keefs, ass dat ëmmer en "duerchschnëttlechen" Level 3 Trainer (e Level 5 Trainer (excellent) ass awer nëmmen eng hallef Stuf besser wéi en Trainer mat staarker Trainerfäegkeet).

Wanns de en neien Trainer keefs, bleift deen alen Trainer als Spiller an dengem Kader, mä hie kann ni méi Trainer ginn an du kanns en och net verkafen. Wanns de en net wëlls behalen, kanns de en och erausgeheien.

En externen Trainer rekrutéieren

Wanns de en neien Trainer rekrutéiers, muss de fir d'éischt décidéieren, wéi säi Spillstil soll sinn, dono kanns décidéieren, wéi gutt e si soll. All Kombinatioun vu Féierungsqualitéiten an Trainerfäegkeet huet e feste Präis. Wat den Trainer besser ass, wat de Präiss méi héich gëtt.

Féierungsqualitéiten
Level aarmséileg (3) schwaach (4) mëttelméisseg (5) passabel (6) staark (7)
Level: 1 - schwaach (4)
10 000 US$ 10 000 US$ 10 000 US$ 10 000 US$ 10 000 US$
Level: 2 - mëttelméisseg (5)
10 000 US$ 22 800 US$ 41 200 US$ 65 100 US$ 94 600 US$
Level: 3 - passabel (6)
79 600 US$ 182 800 US$ 329 700 US$ 521 000 US$ 757 100 US$
Level: 4 - staark (7)
268 700 US$ 617 100 US$ 1 112 900 US$ 1 758 500 US$ 2 555 500 US$
Level: 5 - excellent (8)
4 000 000 US$ 4 388 400 US$ 7 914 600 US$ 12 505 200 US$ 18 172 500 US$

E Spiller zum Trainer maachen

Wanns de e Spiller zum Trainer méchs, wäert hie seng aktuell Féierungsqualitéite behalen. Seng Erfahrung bestëmmt, wéi gutt seng Trainerfäegkeet gi kann, an och wéivill de Cours, fir e gewëssen Niveau als Trainer ze packen, da sou kascht. Wanns de also e Spiller mat vill Erfahrung an héije Féierungsqualitéiten hues, kann dat wierklech Gold wäert sinn. Trotzdem kann de Spiller keng méi héich Trainerfäegkeet wéi seng Erfahrung kréien a muss schonn eng Saison (16 Wochen) an dengem Kader gewiescht sinn, éier e kann Trainer ginn.

Finanzen

Als Manager vun dengem Veräi bass de och fir deem seng Finanze responsabel. Du bezils deng Dépensen a kriss deng Revenuë bei all wëchentlecher Aktualiséierung. Fir déi genee Zäit gewuer ze ginn, kanns de de lokalen Zäitplang vun dengem Land kucken. Wanns de also zum Beispill e Spiller fir 10 000 US$ keefs, ass de Spiller direkt disponibel an ënnert "Spillerakeef" kommen 10 000 US$ als zousätzlech Dépense dobäi.

Revenu an Dépensen

Op der "Finanzen"-Säit kanns de däi Budget fir dës Woch gesinn an de finanzielle Status vun der leschter Woch. Dat heite bedeiten déi verschidde Rubriken:

Revenu

Recettë vun de Matcher: Deng Recettë vun de Championatsmatcher doheem an de Matcher an der Mëtt vun der Woch. Kuck am Kapitel 10 "Stadion" fir méi iwwer d'Recetten duerch d'Spectateure gewuer ze ginn.

Sponsoren: All Woch kriss de eng gewëssen Zomm Sue vun denge Sponsoren. Lies d'Kapitel "Supporteren a Sponsoren" fir méi gewuer ze ginn.

Spillerverkeef:Wanns de Spiller verkeefs, da kënnt de Revenu heihinner. Am Kapitel "Transferen" kanns de méi Informatiounen dozou liesen.

Taxen:Wanns de Sue kritt hues als Lokalveräin oder de Club virdrunner, da gesäis de dat hei. Am Kapitel "Transferen" kanns de méi Informatiounen dozou liesen.

Aneres: All deng aner Revenue ginn hei zesummegerechent, zum Beispill Payemente vun de Supporteren a Präisgelder.

Dépensen

Payen: All Woch bezils de d'Payë vun denge Spiller. Fir all Spiller bezils de 250 US$ an eng gewëssen Zomm, déi op senge Fäegkeeten a sengem Alter baséiert. Du bezils 20% méi fir en auslännesche Spiller.

Stadionënnerhalt: D'Käschten, déi s de all Woch fir den Ënnerhalt vun dengem Stadion bezuele muss. Kuck am Kapitel 10 "Stadion" fir méi gewuer ze ginn.

Stadionëmbau: Bau- respektiv Ofrappkäschten wanns de däi Stadion ëmbaus.

Personal: All Member vum Personal kascht dech tëschen 1 020 US$ an 33 840 US$ pro Woch, ofhängeg vu sengem Level (1 bis 5) an der Längt vu sengem Kontrakt (1 bis 16 Wochen).

Jugendinvestitiounen: D'Käschten, déi s de all Woch fir deng Futtballschoul oder fir d'Teste vu Spiller aus der Talent-Sich hues.

Spillerakeef:D'Käschte vun de Spiller, déi s de nei keefs, kommen heihinner. Am Kapitel "Transferen" kanns de méi Informatiounen dozou liesen.

Aner Dépensen: All deng aner Käschte ginn hei zesummegerechent, wéi zum Beispill déi fir d'Erausgeheie vu Personal, fir d'Kontrakter, déi s de denge Spiller gëss, sou datt se kënnen an denger Profisekipp spillen.

Scholdzënsen: Scholdzënse bezils de, wann däi Kont iwwerzunn ass.

Suen um Kont a Reserven

De Komitee limitéiert déi zougänglech Suen fir de Manager bei Depensen wéi Paien, Spillerakeef a Stadion Projeten. All Zomm iwwer dem zougängleche Kapital gëtt vum Komitee fir déi zukënfteg Stabilitéit vum Veräin zeréck gehalen. Wann et néideg ass, da gëtt de Komitee Suen aus de Reserven an d'zougänglecht Kapital, awer just a Moossen.

Finanzdirekter, deen bei dengem Personal kann agestallt ginn, kann souwuel dat zougänglecht Kapital wéi och de Retour aus de Reserven erhéijen.

Scholden a Faillite

Näischt hënnert dech drun, Suen auszeginn, och wann däi Kont scho bei Null ukomm ass. Du kanns bis zu engem Betrag 200 000 US$ zum Beispil nach Spiller akaafen oder een Trainer astellen. Wannste awer iwwert dëse Limit gees, da sinn deng Méiglechkeeten fir Suën auszeginn zimlech ageschränkt. Du hues awer nach ëmmer ee Kreditplafong vun 500 000 US$ bei der Bank. Stell dech awer dorop an kräfteg Scholdzënse fir dat Geld bezuelen, dat s de geléint hues. Wann deng Scholde méi grouss wéi 500 000 US$ sinn, kriss de eng Warnung, datt s de riskéiers, Faillite ze goen. Du hues zwou Wochen Zäit, fir däi Kont op manner wéi 500 000 US$ Scholden ze kréien, packs de dat net, muss de leider den Hattrick-System verloossen! Huet e Veräin Spiller op der Transferlëscht mat Offeren déi héich genuch si fir an déi sécher Zone ze kommen oder huet e nach Reserve beim Komitee, geet de Veräin net Faillite (mee wärt nach ëmmer Zënse bezuelen).

Supporteren a Sponsoren

D'Sponsoren an d'Supportere sinn eng wichteg Source fir Recetten. Dowéinst ass et ganz wichteg, fir gutt Relatioune mat hinnen ze hunn an hinnen eppes ze bidden, sou datt hir Stëmmung gutt bleift - herno profitéiers de dovun.

Supporterstëmmung

D'Membere vun dengem Fanclub sinn immens wichteg, wann et ëm d'Économie vun dengem Veräi geet. D'Supportere bezuelen hir Memberskaarten (30 US$ pro Member) eemol pro Saison, mä virun allem décidéiert hir Stëmmung driwwer, wéi héich d'Recetten duerch d'Entréesbilljeeën am Stadion sinn.

Dee beschte Wee fir de Supporteren hir Stëmmung héichzehalen ass, fir hir Erwaardungen ze erfëllen (oder souguer méi ze bidde wéi néideg). Op der Säit "Supporteren" kanns de denge Supporteren hir aktuell Stëmmung gesinn.

Saison-Erwaardungen

Um Ufank vun all Saison wäerten deng Supporter der soen, wat se sech vun der Ekipp erwaarden. Hir Erwaardungen hänke virun allem dovun of, wat déi lescht Saison geschitt ass, wat si, also d'Supporteren, deemols erwaart hunn a wat um Enn dann och passéiert ass.

Wann deng Ekipp an den Divisiounen no uewe klëmmt (oder no ënne fällt), wäerte sech deng Supportere lues a lues un déi nei Situatioun upassen. Wanns de just an eng Divisioun méi héich geklomme bass, wäerten d'Supporteren net allzevill vun der erwaarden. Wanns de awer Saison fir Saison an der selwechter Divisioun stéchs, dann hunn deng Supporteren d'Tendenz fir e bësse méi ze verlaangen.

Match-Erwaardungen

D'Erwaardunge fir d'Saison hunn en Afloss op d'Erwaardunge fir all eenzele Match. Op der Säit iwwer d'Supportere kanns de gesinn, wat d'Supportere an all Match erwaarden. Generell gesot erwaarden d'Supportere méi vun engem Match, wanns de doheem spills.

Wann d'Resultat vum Match deem Resultat entsprécht, dat sech d'Supporteren erwaart haten, da si se frou, wann et ëm eng Victoire geet (a se si manner enttäuscht, wann et eng Défaite gëtt a se hate se erwaart). Wann d'Resultat besser ass wéi dat, wat se erwaart haten, dann ass hir Stëmmung natierlech nach besser. Wann d'Resultat awer méi schlecht ass, wéi dat wat se erwaart haten, da geet d'Stëmmung erof. An den éischte Ronne vun enger Saison ass d'Reaktioun vun de Supporteren op d'Resultater e bësse méi douce.

Um Ufank vun der Saison baséieren d'Erwaardunge fir e Match op den Erwaardunge fir d'Saison bei béiden Ekippen hire Supporteren. Am Verlaf vun der Saison ginn déi aktuell Positioun an der Liga an d'Zuel vun de Punkte vu béiden Ekippen méi wichteg. An de Coupematcher hänken d'Erwaardunge vun de Supporteren nëmme vun den Erwaardunge fir d'Saison bei béiden Ekippen of (woubäi den Niveau op deem se spillen, also d'Divisioun, och zielt).

D'Haltung vun der Ekipp an d'Suen op der Bank hunn en Afloss op d'Supporteren

Denge Spiller ze soen, datt se solle relax spillen oder datt et de Match vun der Saison wier, huet och en Afloss op d'Reaktioun vun de Supporteren op d'Resultat vum Match. Wann d'Resultat sou ass, wéi se sech et erwaart haten (oder nach besser), wäert de positiven Effet duerch dat gemittlecht Spille vum Match net sou héich sinn. Wann de Match als Match vun der Saison betruecht gouf vun de Spiller, dann ass de positiven Effet méi grouss.

Wann d'Resultat méi schlecht wéi dat ass, wat se sech vum Match erwaart haten, geet den negativen Effet duerch d'gemittlecht Spillen erop, "Match vun der Saison" dogéint bremst den negativen Effet.

Wanns de vill Suen op der Bank hues, dann ass et méi schwéier, fir d'Supporter zefriddenzestellen, well se der Meenung sinn, datts de genuch Suen hues, fir Succès ze hunn. D'Supportere vu räiche Veräiner reagéiere méi staark op Défaiten an net sou staark op Victoirë wéi d'Supportere vun aarme Veräiner. Wat däi Veräi méi räich ass, wat d'Bedeitung vun där Meenung méi grouss gëtt.

Sponsoren

D'Sponsore sinn e wichtege Wee fir en Akommes fir de Veräin ze generéieren. Et gëllt hei (änlech wéi bei de Fans) datt méi erfollegräich Veräiner méi Akommes kréien. Mee d'Sponsore kämpfen och em deng Gonscht, dofir ginn et verschidde Méiglechkeeten fir dech. Als gewiifte Manager kanns de sécher dovunner profitéieren.

An der 16. Woch ginn déi verschidden Optioune fir déi kommend Saison virgestallt an du kanns dech fir e Sponsor entscheeden.

All Veräin aus enger Liga kritt eng spezifesch Offer, mee d'Beträg kënne variéiere well d'Sponsoren hir Offeren op d'Gréisst vum Fanclub an dem Liga Niveau baséieren. Deementspriechend kritt all Veräin eng Mëschung vun Offere fir d'Manager ze encouragéiere gutt driwwer nozedenke wat am Beschte fir hiren eegene Club ass.

All Kontrakt garantéiert e fixt Akommes pro Woch. Zousätzlech ginn et verschidde speziell Bezuelungen. Verschiddener kënne ganz einfach erreecht ginn, awer nëmme mat engem klenge Betrag belount ginn. Anerer si méi schwéier ze kréien, mee bidden dofir och e méi grousse Bonus. D'Kontrakter lafen um Enn vun all Saison aus, an en neie Kontrakt muss fir déi nächst Saison ënnerschriwwe ginn.

Wann s de kee Kontrakt auswiels, ënnerschreift däi Kommitee ee fir dech. Dëst wäert dann ëmmer dee Kontrakt mam niddregsten Risiko awer och dem niddregsten zousätzlechen Akommes sinn.

Stadion

Däi Veräi fänkt mat engem klenge Stadion un, deen s de am Laf vun denger Hattrick-Carrière kanns vergréisseren. Op der Stadionssäit kanns de däi Stadion gesinn an all Detail regelen.

Akommes a Käschten

Et gi véier verschidden Zorte vu Plazen, mat verschiddene Recetten a Käschten pro Woch (déi muss de ëmmer bezuelen).

  Akommes Käschte pro Woch
Stéiplazen 7 US$ 0.5 US$
Sëtzplazen 10 US$ 0.7 US$
Iwwerdaachte Sëtzplazen 19 US$ 1 US$
VIP-Plazen 35 US$ 2.5 US$

An de Rapporte vun Heemmatcher kanns de gesinn, wéivill Plaze vun all Zort besat waren. D'Akommes duerch Matcher gëtt a Relatioun mat der Zort vu Match verdeelt:

Championatsmatcher: D'Heemekipp kritt all d'Suen.

Coupematcher: D'Heemekipp kritt 67% vun de Recetten an d'Auswäertsekipp 33%, ausser an de leschte 6 Ronnen, déi op neutralem Terrain gespillt ginn, d'Recette vum Match ginn hei gedeelt.

Frëndschafts- a Relegatiounsmatcher: D'Recettë gi gläichméisseg opgedeelt.

Deng Spectateuren

Wéivill Spectateuren an däi Stadion kommen, hänkt virun allem vun denge Supporteren of. Deng Supporteren hir Stëmmung an d'Gréisst vun dengem Fanclub sinn déi wichtegst Faktore fir d'Spectateuren. Deng aktuell Positioun an der Liga, an d'Differenz tëschent denger Positioun an där vun dengem Géigner huet och eng gewëssen Importenz (a Championatsmatcher).

An engem gewësse Mooss sinn och d'Supportere vun dengem Géigner wichteg (Stëmmung a Gréisst vum Fanclub), well e puer vun hinnen eventuell och de Match kucke kommen. Et ass iwweregens och gutt ze wëssen, datt ëmsou méi Leit kommen, wat d'Saison méi al ass. Generell kommen um Enn vun der Saison méi Spectateure wéi um Ufank.

An dann ass natierlech och nach d'Wieder wichteg. Bei schlechtem Wieder komme manner Spectateuren, mä déi déi kommen kafe méi deier Entréesbilljeeën a sëtze sech ënnert den Daach. Et ass dowéinst méiglech, datt deng Recetten onofhängeg vum Wieder ongeféier selwecht bleiwen, wann een dovun ausgeet, datt genuch vun deene richtege Plazen do sinn.

De Stadion ëmbauen

Fir däi Stadion ëmzebauen, gëss de enger Baufirma eng Commande. Et dauert e bësse bis den Ëmbau fäerdeg ass - eng Woch oder méi, wat dovunner ofhänkt, wéi grouss den Ëmbau ass. Während dem Ëmbau bleiwen déi aktuell Plazen disponibel. Du bezils 10 000 US$ pro Ëmbau an all eenzel Plaz, déi s de wëlls dobäisetzen oder ewechhuelen, kascht dech och nach eppes.
  Baukäschten Ofrappkäschten
Stéiplazen 45 US$ 6 US$
Sëtzplazen 75 US$ 6 US$
Iwwerdaachte Sëtzplazen 90 US$ 6 US$
VIP-Plazen 300 US$ 6 US$

Et ass eng gutt Saach, fir denge Supporter déi verschidden Zorte vu Plazen an der richteger Mëschung unzebidden. Déi meescht Leit wëlle Billjeeë fir Stéiplaze kafen, dowéinst soll déi Zort vu Plaz och vun all deenen Zorten am heefegsten ze fanne sinn. E puer Leit ginn nëmme Matcher kucken, wa se sech kënne bequem sëtzen (an e puer wëllen dann och en Daach iwwer dem Kapp hunn), dowéinst solls de och vill där Plazen hunn. An da gëtt et och nach déi Leit, déi nëmme wéinst dem Schampes an de Saumons-Schnittercher kommen, déi wëllen nëmmen op enger wonnerschéiner VIP-Plaz sëtzen. Et ginn der net vill vun där Zort, mä du solls se besser net vergiessen. Iwwerdaachte Sëtzplazen a VIP-Logen si vum schlechte Wieder net sou betraff wéi déi aner Plazen.

Personal

Dat richtegt Personal anzestellen ass wichteg fir deng Ekipp an d'Virukomme vun dengem Veräin. Däi Personal fënns de vläit net um Terrain während dem Spilldag, mee si schaffe mat de Spiller während der Woch oder maachen aner wichteg Aarbecht fir de Veräin. Si ënnerstëtzen den Trainer a fir dech als Manager ass et wichteg fir déi richteg Leit am Veräin ze hunn.

Effekter vum Personal a Level vun der Fäegkeet

All zousätzlech Wierkung, déi s du duerch en neie Member am Personal kriss, ass e festgeluetene Bonus zu dengem aktuelle Wäert. Dee Bonus wäert ëmmer fir dech ze gesi sinn. Mee well déi Wäerter éischtens dynamesch sinn, an zudeem vu ville Faktore beaflosst ginn, ass et schwéier dësen duerch en neie Member am Personal duerzestellen. Wou s de der awer sécher si kenns, ass dass de den Effekt an déi richteg Richtung dréins. Personal mat engem méi héije Level wäert der natierlech e méi héije Bonus ginn. Déi Bonus e si linear - dat heescht dass all Level der souvill bréngt wéi dee virdrun. Wann s de méi Personal aus der selwechter Kategorie hues, da gëtt hire Bonus kombinéiert an eng Kéier gezielt. E Co-Trainer mam Level 4 ass zum Beispill souvill wäert wéi 2 Co-Trainere mam Level 2. Fir d'Saach méi einfach ze maachen, wäers de ëmmer den aktuelle Bonus vun dengem aktuelle Personal an dem Personal, den s de astelle wëlls, op der Säit vum Personal gesinn. Eng Tabell mat alle Kategorië vum Personal mam Bonus, den dozou gehéiert, wäers de och um Ënn vun dem Abschnitt fannen.

Gréisst vun dengem Personal

Du kanns bis zu 4 Leit als Personal astellen. Du kenns bis zu 2 Co-Traineren gläichzäiteg hunn. Fir all aner Kategorie ass der just eng Persoun erlaabt.

Astellen an erausgeheien

Wanns de e Member vum Personal astells, da muss de d'Dauer vu sengem Kontrakt bestëmmen. Je länger de Kontrakt leeft, desto méi bëlleg ass e pro Woch. Du hues d'Optioun, fir de Kontrakt ze briechen während dëser Zäit, wa sech deng Pläng ännere sollten an dats de eng weider Plaz bei dengem Personal brauche solls. Mä du muss him déi gespuerte Suen bis dohinner duebel bezuelen, wat et deier mécht, wanns de deng Meenung änners. Desweideren däerf kee Member vum Personal an der éischter Woch no senger Astellung oder an der leschter Woch vu sengem Kontrakt entlooss ginn. Iwwert dem gëtt et awer keng Begrenzung, wéi oft Ännerunge beim Personal virgeholl ginn.

E Kontrakt briechen

Wanns de e Kontrakt bréchs, da muss de d'Strof vun de gespuerte Suen bis dohinner bezuelen, an dat duebel. Wanns de zum Beispill e Kontrakt iwwer 13 Woche mat engem Member vum Personal mam Level 3 gemeet hues an dee no 8 Woche brieche wëlls, da si bis elo 8 mol de Salaire vun 4 800 US$ oder 38 400 US$ am Ganze bezuelt. Mä wanns de e Kontrakt vun 8 Woche Längt gemeet häss, da wieren 8 mol 6 000 US$ oder 48 000 US$ am Ganze bezuelt ginn. Déi gespuerte Suen sinn 9 600 US$ an du miss eng Strof vun 19 200 US$ bezuelen.

Käschten/Woch

Dauer vum Kontrakt Level 1 Level 2 Level 3 Level 4 Level 5
1 Woch 2 115 US$ 4 230 US$ 8 460 US$ 16 920 US$ 33 840 US$
2 Wochen 2 055 US$ 4 110 US$ 8 220 US$ 16 440 US$ 32 880 US$
3 Wochen 1 890 US$ 3 780 US$ 7 560 US$ 15 120 US$ 30 240 US$
4 Wochen 1 770 US$ 3 540 US$ 7 080 US$ 14 160 US$ 28 320 US$
5 Wochen 1 710 US$ 3 420 US$ 6 840 US$ 13 680 US$ 27 360 US$
6 Wochen 1 650 US$ 3 300 US$ 6 600 US$ 13 200 US$ 26 400 US$
7 Wochen 1 575 US$ 3 150 US$ 6 300 US$ 12 600 US$ 25 200 US$
8 Wochen 1 500 US$ 3 000 US$ 6 000 US$ 12 000 US$ 24 000 US$
9 Wochen 1 440 US$ 2 880 US$ 5 760 US$ 11 520 US$ 23 040 US$
10 Wochen 1 380 US$ 2 760 US$ 5 520 US$ 11 040 US$ 22 080 US$
11 Wochen 1 320 US$ 2 640 US$ 5 280 US$ 10 560 US$ 21 120 US$
12 Wochen 1 260 US$ 2 520 US$ 5 040 US$ 10 080 US$ 20 160 US$
13 Wochen 1 200 US$ 2 400 US$ 4 800 US$ 9 600 US$ 19 200 US$
14 Wochen 1 140 US$ 2 280 US$ 4 560 US$ 9 120 US$ 18 240 US$
15 Wochen 1 080 US$ 2 160 US$ 4 320 US$ 8 640 US$ 17 280 US$
16 Wochen 1 020 US$ 2 040 US$ 4 080 US$ 8 160 US$ 16 320 US$

Kategorië vum Personal

Co-Trainer

De Bonus an der Vitesse vum Training duerch de Co-Trainer gëtt zu der Effizienz vum Training vun denger Ekipp dobäi gesat. Kuck fir d'éischt dass de e gudden Trainer hues ir dass de drun denks fir Sue fir Co-Traineren auszeginn. Mee wanns de e gudden Trainer hues, da kéinte Co-Traineren eng gutt Taktik fir e Veräin, de sech op Training konzentréiert, sinn.

Level Vitesse vum Training Verletzungsrisiko Form
Level: 0
Kee Bonus 40% Kee Bonus
Level: 1
+3,5% +2,5% +0,05
Level: 2
+7% +5% +0,1
Level: 3
+10,5% +7,5% +0,15
Level: 4
+14% +10% +0,2
Level: 5
+17,5% +12,5% +0,25

Detailer vum Effekt

De Bonus gëtt op d'Effizienz vum Training duerch den aktuellen Trainer, deng Trainingsintensitéit an däi Konditiounsundeel drop multiplizéiert. Zum Beispill, wanns de e gudden Trainer, 100 % Trainingsintensitéit an 10 % Konditiounsundeel hues, da wäert déi folgend Vitesse vum Training bei engem formidabele Spillmaacher mat 22 Joer erreecht ginn:

Kee Co-Trainer: 8 Woche bis de nächste Level.
Level 5 aus der Co-Trainer Kombinatioun: 7 Woche bis de nächste Level.
Level 10 aus der Co-Trainer Kombinatioun: 6 Woche bis de nächste Level.

Du kenns bis zu 2 Co-Traineren gläichzäiteg hunn. Wanns de méi Co-Traineren hues, da gëtt hire Bonus kombinéiert an eng Kéier gezielt. E Co-Trainer mam Level 4 ass zum Beispill souvill wäert wéi 2 Co-Trainere mam Level 2.

Niewent den Effekter fir den Training hu Co-Traineren och nach zwee Nieweneffekter. D'Form geet erop, mee dofir och de Risiko fir Verletzungen.

De Risiko fir Verletzungen ass als duerschschnëttlech Unzuel vu Verletzunge pro Match gerechent, net pro Spiller mee pro Ekipp. De Basis Risiko ass 0,4 Blessure por Match fir deng Ekipp. All Level beim Dokter reduzéiert den em 0,025. Mat engem Dokter vum Level 5 kenn sech de Risiko bis op 0,025 reduzéieren. Co-Trainer féieren zu engem méi héije Risiko fir Verletzunge vun 0,025 pro Level. Dat heescht dass e Co-Trainer mam Level 5 de Risiko op 0,525 erop setzt (0,15 mat engem Dokter mam Level 5) an dass zwee Co-Traineren mam Level 5 de Risiko em 0,65 erhéijen (wat dech nees zu 0,275 mat engem Dokter mam Level 5 féiert).

Wéi schonn ugeschwat hunn d'Co-Traineren och e positiven Effekt op d'Form vun denge Spiller. Wanns de déi komplett 10 Levele bei de Co-Traineren hues, kenn sech d'Form em 0,5 Levele verbesseren. An anere Wierder bréngen der zwee Co-Trainere mam Level 5 hallef sou vill wéi e Fitness-Trainer mam Level 5.

Zeréck zu de Kategorien

Dokter

Doktere si responsabel fir d'Gesondheet vun denge Spiller. Dat heescht dass se souwuel dofir suergen, dass keng Blessuren optriede wéi och dofir suergen, dass d'Spiller sech nees méi séier erhuelen, nodeem se blesséiert gi sinn. Wanns de en Dokter hues, reduzéiers de souwuel de Risiko vun enger Verletzung wéi och d'Zäit wou e Spiller brauch fir d'Verletzung ze iwwerstoen.

Level Vitesse vun der Heelung Verletzungsrisiko
Level: 0
Kee Bonus 40%
Level: 1
+20% -7,5%
Level: 2
+40% -15%
Level: 3
+60% -22,5%
Level: 4
+80% -30%
Level: 5
+100% -37,5%

Detailer vum Effekt

All Kéier wann deng Ekipp e Match spillt ass e gewësse Risiko fir eng Verletzung fir deng Spiller do. Wanns de en Dokter hues gëtt de Risiko méi kleng. En Dokter mam Level 5 wäert de Risiko vun 0,4 Verletzunge pro Match op 0,025 Verletzunge pro Match reduzéieren, mee pass op aner Faktoren op - wéi zum Beispill Co-Traineren astellen erhéicht de Risiko nees.

Wann e Spiller blesséiert gëtt, hëllefen Doktere bei der Genesung. Beim Hattrick gëtt d'Dauer vu Verletzungen ëmmer a Woche geschätzt. No all deeglechem Update erhëlt de Spiller sech awer e bëssche bis e nees 90 % gesond ass (wann e spille kenn, mee nach ugeschloen ass) bis en da schlussendlech 100 % gesond ass, da wann e guer keng Unzeechen vun enger Verletzung méi huet.

D'Grafik weist der wéi laang e Spiller brauch bis e nees ganz gesond ass, ofhängeg dovun op s du en Dokter agestallt hues oder net. Ouni Dokter brauch en 19-jäerege Spiller 3 Woche fir sech nees ze erhuelen. Mat engem Dokter mam Level 2 wäerten et zwou Woche sinn. Mat engem Dokter mam Level 5 gëtt d'Dauer op ongeféier annerhallef Woch reduzéiert.

E 29-jäerege Spiller mat der selwechter Verletzung wäert 6 Wochen ouni Dokter brauchen. Mat engem Dokter mam Level 1 wäerten et nach 5 Woche sinn. En Dokter mam Level 5 reduzéiert se weider bis op ënner 3 Wochen.

Zeréck zu de Kategorien

Psycholog

Déi mental Verfaassung ass bal sou wichteg wéi déi kierperlech. E Psycholog anzestelle kenn der dobäi hëllefen, fir eng Gewënner-Mentalitéit ze kreéieren. Dëse Member vum Personal hëlleft der d'Selbstvertrauen an denger Ekipp ze halen an d'Ekippestëmmung am ganze Kader ze fleegen.

Level Ekippestëmmung Selbstvertrauen
Level: 0
Kee Bonus Kee Bonus
Level: 1
+0,1 +0,2
Level: 2
+0,2 +0,4
Level: 3
+0,3 +0,6
Level: 4
+0,4 +0,8
Level: 5
+0,5 +1

Detailer vum Effekt

D'Ekippestëmmung hängt vun der Haltung vun denger Ekipp aus de leschte Matcher of. Direkt nom Match kritt d'Ekippestëmmung entweder en Héich oder fält rof, je no wéi enger Astellung gespillt gouf. Mee no all Aktualiséierung tendéiert d'Ekippestëmmung zu engem normale Wäert, wat heescht dat se lues rof geet falls se héich ass an ëmgedréint. E Psycholog kenn hëllefen de Prozess zu dengem Virdeel ze verbesseren. En héije Wäert, also eng héich Ekippestëmmung wäert méi lues falen, während eng déif nees méi séier ropgeet. De Bonus wäert en Zéngtel vun engem Level pro Level agestallt Personal sinn. Dat heescht, dass e Psycholog mam Level 5 de Wäert vun der Ekippestëmmung ëm en halwe Level verbessere kenn.

D'Selbstvertraue vun denger Ekipp gëtt och duerch d'Psychologe gehollef. D'Selbstvertrauen hängt an éischter Linn vun de Resultater vun der Ekipp souwéi vun de Goaler, déi se schéissen of. Mee de Psycholog gëtt der nach e Bonus dobäi. Dee Bonus ass e ganze Level u Selbstvertraue bei engem Psycholog mam Level 5, oder e Fënneftel pro Level vum agestallte Psycholog.

Zeréck zu de Kategorien

Fitness-Trainer

D'Performance vum Spiller geet net just duerch déi technesch Fäegkeeten an d'Konditioun rof. D'Spiller sinn an oder ausser Form a vill Faktore kënnen dat beaflossen, och déi mental.

De Fitness-Trainer ass dorop spezialiséiert de Maximum aus denge Spiller rauszekréien. Hien hält deng Ekipp fit a motivéiert. Ee Fitness-Trainer anzestellen ass keng séier Léisung, nach ass den Effekt permanent - mee fir puer Veräiner a puer Situatioune kënn et eng gutt Léisung sinn.

Level Form
Level: 0
Kee Bonus
Level: 1
+0,2
Level: 2
+0,4
Level: 3
+0,6
Level: 4
+0,8
Level: 5
+1

Detailer vum Effekt

D'Form vun engem Spiller ass e Richtwäert wéi no hie bei sengem maximale Potential spillt. De Wäert, den s de bei dengem Spiller gesäis ass seng aktuell Form, an déi gëtt an der Simulatioun vun de Matcher benotzt. Déi aktuell Form huet awer ëmmer en Trend an dee Wäert gëtt Hannergrond-Form genannt. Wanns de e Fitness Trainer hues, da kriss de e Bonus bei der Hannergrond-Form Aktualiséierung. Wann d'Hannergrond-Form da nees nei gerechent gëtt (dat passéiert ongeféier all zweet Woch), dann dréckt de Fitness-Trainer d'Hannergrond-Form em 0,2 Levele méi héich. Dat heescht dass e Fitness-Trainer mam Level 5 denge Spiller e ganze Level Hannergrond-Form mat op de Wee gëtt wann d'Aktualiséierung kennt. Denk awer drun, dass déi Hannergrond-Form och mol fale kenn, mee den Duerchschnëtt wäert dann awer méi héich sinn.

Zeréck zu de Kategorien

Finanz-Direkter

De Finanz-Direkter erhéicht deng economesch Flexibilitéit. Dat ass awer JUST nëtzlech fir Manager vu räiche Klibb.

(Wanns de e neie Benotzer bass, brauchs de net iwwer en Finanz-Direkter nozedenken.)

Normalerweis stellt de Komitee e Limit bei de Suen, déi de Manager fir Paien, Transferten oder Projeten am Stadion ausgi kenn. All Betrag iwwert dem Kapital gëtt vum Komitee agefruer fir d'Stabilitéit vum Veräin an der Zukunft ze sécheren. Wann se gebraucht ginn, wäert de Komitee déi Reserven nees fräi ginn, mee just a klenge Raten. Alles wat iwwert dat normalt Kapital eweg geet, gëtt a Rate vun 2 % vum komplette Kapital an d'Reserve geholl.

Wanns de e Finanz-Direktor astells, erlaabt der de Komitee e méi héicht aktivt agesate Kapital a méi héich Rate vun de Suen, déi aus de Reserven zeréck kommen. Dat erlaabt dem Manager méi aggressiv mam Kapital ëmzegoe wéi et de Komitee normalerweis erlaabt. E Finanz-Direktor ze hu kéint nëtzlech si fir Veräiner, déi iwwer vill Saisone Sue gespuert hu fir en deieren Ugrëff op e Championat oder eng Coupe.

Level Maximale Budget Retour/Woch
Level: 0
15 000 000 US$ 50 000 US$
Level: 1
17 000 000 US$ 100 000 US$
Level: 2
19 000 000 US$ 200 000 US$
Level: 3
21 000 000 US$ 300 000 US$
Level: 4
23 000 000 US$ 400 000 US$
Level: 5
25 000 000 US$ 500 000 US$

Beispill: Team Tycoon huet 40 000 000 US$ um Kont. Ouni Finanz-Direktor wäert de Komitee dem Manager just erlaaben, op 15 000 000 US$ zou ze gräifen. Wann de Manager 2 000 000 US$ ausgëtt, an de neie Kontostand 13 000 000 US$ ass, gëtt de Komitee nees Suen aus de Reserve fräi, mee dann och just 50 000 US$ pro Woch.

Lo huet Team Tycoon e Finanz-Direktor mam Level 3 agestallt. De Komitee huet lo méi Vertrauen datt mat de Sue responsabel gehandelt gëtt. Dat erlaabt e méi héicht aktivt Kapital vun 21 000 000 US$ an de Retour pro Woch si lo 300 000 US$. Soulaang d'Kapital vum Veräi méi kleng wéi 21 000 000 US$ ass, ginn 300 000 US$ pro Woch vun de Reserven automatesch op de Kont gesat. Wann de Kont nees iwwer 21 000 000 US$ uweist, zum Beispill duerch verkaafte Spiller, ginn d'Suen nees an d'Reserve mat enger Rate vun 2 % vum komplette Kapital gestach.

Zeréck zu de Kategorien

Taktik-Assistent

Een Taktik-Assistent ze rekrutéieren wäert d'Flexibilitéit vun denger Ekipp verbesseren a léisst méi strategesch Zich an erweidert Opstellungen zou. Den Effekt vun engem Taktik-Assistent ke ganz kuerz sinn, well et just de nächste Match betrëfft - sief der am kloeren, dass de een astells wann däi Veräin e brauch.

Level Zousätzlech Awiesslungen / Uerderen Flexibilitéit vum Spillstil
Level: 0
Kee Bonus Kee Bonus
Level: 1
+1 +20pp
Level: 2
+2 +40pp
Level: 3
+3 +60pp
Level: 4
+4 +80pp
Level: 5
+5 +100pp

Detailer vum Effekt

A Plaz vu maximal fënnef Uerderen während dem Match (déi kënne fir Auswiesslungen, geännert Ausriichtungen vu Spiller oder Positiounstoschen benotzt ginn) kriss de elo eng weider Uerder pro Level vum Taktik-Assistent, bis zu maximal 10 fir en Taktik-Assistent mam Level 5. Denk awer drun, dass et ëmmer nach d'Limit vun 3 Auswiesslungen pro Match gëtt, och wann s de en Taktik-Assistent hues.

De Spillstil ass tëschen 100 % defensiv (wat Standard ass fir defensiv denkend Traineren) an 100 % offensiv (wat Standard ass fir Traineren, déi gären offensiv spille loossen) mat neutral an der Mëtt. Der wäert et méiglech sinn dat anzestellen fir all Match op der Match Opstellungssäit, wou s de 20 % Flexibilitéit pro Level vun dengem Taktik-Assistent zum Spillstil vun dengem Trainer kriss.

Hues de zum Beispill en defensiv denkenden Trainer an en Taktik-Assistent mam Level 5, sou kënn däi Spillstil vun 100 % defensiv bis zu neutral variéieren. Wanns de en Trainer hues, dee weder offensiv nach defensiv ausgeriicht ass, mat engem Taktik-Assistent mam Level 5, sou geet deng Spann vu neutral jeeweils en halwe Wee riwwer souwuel op defensiv (50 %) wéi och op offensiv (50 %).

Du brauchs däin Taktik-Assistent op denger Paielëscht zum Ament vum Match. Am Fall wou s de eng Opstellung mam Taktik-Assistent gemeet hues an den dono entlooss hues oder säi Kontrakt ausgelaf ass ouni dass en erneiert ginn ass, sou gëtt de Match ouni déi extra Uerderen simuléiert andeems de Standard Spillstil vum aktuellen Trainer geholl gëtt.

D'Opstellung: Routine an Duercherneen

Formatiouns-Routine

Deng Ekipp kann all Formatioun spillen, déi s de wëlls, mä deng Spiller kéinten duerchernee kommen a méi schlecht spillen, wéi hir normal Fäegkeet dat zouléisst, am Fall wou s de eng Formatioun spille léiss, mat där se keng Erfahrung hunn. Fir d'Routine mat enger Formatioun ze verbesseren an Duercherneen ze verhënneren, brauch deng Ekipp just e bësse Praxis. D'Erfarung geet ëmmer erop, wann eng Formatioun benotzt gëtt (Frëndschafts- a Flichtmatcher zielen do genee selwecht, wéi Tournoien, Leeder Matcher, Dueller oder den Hattrick Masters). Wéivill Erfarung et fir eng vun dir benotzte Formatioun gëtt, hänkt dovun of, wéi vill Minutten se am Asaz war (maximum 90 Minutte pro Match), genee wéi beim Training.Bei enger Forfait-Victoire, bei der op mannst 9 Spiller vun denger Ekipp um Terrain stoungen, kriss Du 90 Minutten Formatiouns-Erfahrung berechent. Wann den Niveau vun der Erfarung méi héich ass, gëtt et allerdéngs och méi schwéier, fir un Erfarung bäizegewannen. Wann eng Formatioun eng gewëssen Zäit laang net gespillt gëtt, geet d'Erfarung mat där Formatioun erof. All Kéiers, wou e Spiller verkaf gëtt, riskéiers de och, dass d'Erfarung vun enger Formatioun méi schlecht gëtt.

Duercherneen

Wann deng Spiller an enger Formatioun net genuch Routine hunn, riskéieren se zu all Moment am Match duercherneen ze ginn, wat negativ Effeten op hir Performance huet. Mat enger exzellenter (oder méi héicher) Routine fir eng Formatioun bass de op der sécherer Säit. Bei méi nidderegen Niveaue geet de Risque fir Duercherneen ëmmer méi an d'Luucht wann d'Routine vun der Formatioun méi niddereg ass. Wann denge Spiller hir kumuléiert individuell Erfahrung (doriwwer méi spéit méi) grouss ass, geet de Risque dofir erof.

Am Fall vun Duercherneen entscheet d'Routine vun der Formatioun och wéi duercherneen deng Spiller sinn. De Risque fir Duerchernee geet ëmmer méi an d'Luucht wat d'Routine vun der Formatioun méi niddereg gëtt. Wann deng Spiller duerchernee sinn, da kanns de am Rapport vum Match en Text liesen, an deem den aktuellen Niveau vun denger Ekipp hirer Organisatioun steet. En Duercherneen-Evenement, an deem steet, datt denger Ekipp hir Organisatioun op "erbäermlech" gefall ass, heescht datt se wierklech schlecht ass. Wa se nëmmen op "staark" eroffält, dann ass den Effet méi limitéiert. Wann deng Spiller no den éischte 45 Minutten (oder virun der Verlängerung) duerchernee sinn, kann däin Trainer hinnen eng extra Usprooch maachen a sou d'Situatioun verbesseren.

Individuell Erfahrung vun de Spiller

D'Erfahrung huet e positiven Effet op engem Spiller seng Aktiounen um Terrain. D'Spiller kréie méi Erfahrung, andeems se Matcher spiller. Fir e Match an der Nationaler Coupe oder der Divisioune Coupe gëtt et ronn duebel souvill Erfahrung wéi an engem Championatsmatch. An der Challenger an Trouscht Coupe kréien d'Spiller d'Halschent vun der Erfahrung aus engem Championatsmatch. An engem internationale Frëndschaftsmatch gëtt et ronn e Fënneftel vun der Erfahrung, déi et an engem Championatsmatch gëtt, an an engem Frëndschaftsmatch géint eng Ekipp aus dem eegene Land gëtt et ronn hallef souvill Erfahrung wéi an engem internationale Frëndschaftsmatch. An de Matcher vun den Nationalekippen gëtt et déi meeschten Erfahrung, am zweetmeeschten Erfahrung gëtt et a Matcher am Hattrick Masters.

D'Quantitéit un Erfahrung, déi e Spiller matkritt, hänkt vun de Minutten of, déi en um Terrain stoung, genee wéi beim Training. E Spiller kann net méi wéi 90 Minutte laang um Terrain Erfahrung sammelen.

De Kapitän vun der Ekipp an déi komplett Erfahrung

Fir all Match kanns de e Kapitän bestëmmen. Erfahrung a Féierungsqualitéite si wichteg Fäegkeete fir de Kapitän vun der Ekipp, well dem Kapitän säin Niveau an deene Fäegkeet e Bonus kritt, wann denger Ekipp hir komplett Erfahrung zesummegerechent gëtt - dat ka bewierken, datt deng Ekipp sowuel Duerchernee an och Nervositéit a wichtege Matcher kann évitéieren. A sou Situatioune ka nëmmen d'Ekipp mat der niddregster Erfarung an dem speziellen Ament am Match e negativen Evenement kréien, well se nervös ginn. D'Differenz vun der Erfarung vun den zwou Ekippen entscheet, wéi nervös d'Spiller ginn. An engem Championats- oder Frëndschaftsmatch wäert keng Ekipp nervös ginn.

De Kapitän vun der Ekipp muss an der Ufanksekipp vun engem Match stoen. Wanns de kee Kapitän bestëmmt hues, maachen dat d'Spiller, andeems se ee vun hinnen zum Kapitän maache vun deem se unhuelen, datt en et gutt maache wäert.

Spiller fir d'Eelefmeterschéissen

Um Enn vu Coupe- oder Relegatiounsmatcher kann et zu engem Eelefmeterschéisse kommen, wann et och no der Verlängerung nach e Remis ass. Du wiels deng Leit fir d'Eelefmeterschéisse mat Hëllef vun enger Extra-Säit op der Opstellungssäit. Wanns de d'Reiefolleg bestëmms, da muss de drun denken, datt näischt méi un d'Nerve geet wéi en Eelefmeterschéissen, a bei all Eelefmeter (dat betrëfft allerdéngs net d'Eelefmeteren aus dem Match selwer) gëtt dem Spiller, dee schéisse soll, seng Erfahrung gepréift. Niewent der Erfarung gi fir de Spiller, dee schéisse soll, d'Fäegkeete Buteur a Strofstéiss (an och d'Spezialfäegkeet Dribbler) gezielt. Fir d'Golkeeper ass d'Fäegkeet Golkeeper (an och d'Spezialfäegkeet Séier) wichteg.

De Match: Strofstéiss a Spezialevenementer

An dësem Kapitel iwwer de Match selwer wäerte mer eis op zwee wichteg Detailer vum Match konzentréieren a se e bësse méi am Fong kucken: wéi ee kann duerch Strofstéiss Goaler schéissen a wéi s de vu "Spezialevenementer" profitéiere kanns (an aneren zousätzleche Matchevenementer).

Strofstéiss

E puer vun dengen normalen Ugrëffer wäerten zu enge Goalchancen duerch Strofstéiss ginn. Wéi am richtege Futtball bréngt et vill Punkten, wann e bei de Strofstéiss d'Nues vir huet. Et ginn zwou Zorte vu Strofstéiss, direkt an indirekt Strofstéiss.

Direkt Strofstéiss

Eelefmeteren an direkt Fräistéiss zielen als direkt Strofstéiss. Fir e Goal draus ze maachen, benotzt däi responsabele Strofstouss-Spezialist seng Fäegkeet Strofstéiss, fir dem Géigner säi Golkipp ze iwwerwannen. Däi Golkipp benotzt, zousätzlech zu senger Golkipp-Fäegkeet, seng Fäegkeet Strofstéiss, wann et drëms geet, fir sech direkt Fräistéiss ze verteidegen, mä hie kann net däi Strofstouss-Spezialist sinn.

Indirekt Strofstéiss

Ronn een Drëttel vun denge Chancen duerch Strofstéiss wäerten indirekt sinn. Indirekt Strofstéiss sinn indirekt Fräistéiss, an d'Resultat hänkt vun engem Effort vun der Ekipp of. Fir en Ugrëff brauchs de (an dëser Reiefolleg) déi duerchschnëttlech Buteursfäegkeete vun denge Feldspiller, hir duerchschnëttlech Strofstéissfäegkeeten, an dengem Strofstouss-Spezialist seng Strofstoussfäegkeeten. Fir dech géint sou Strofstéiss ze verteidege brauchs de (an dëser Reiefolleg) déi duerchschnëttlech Verteidegungsfäegkeete vun denge Feldspiller, hir duerchschnëttlech Strofstoussfäegkeeten, dengem Golkipp seng Fäegkeet Golkipp a seng Strofstéissfäegkeet.

Spezialevenementer

Ausser den normalen Ugrëffer kann et och nach zu "Spezialevenementer" kommen. Spezialevenementer si Match-Evenementer, déi vun de Spiller hiren Attributer, hire Spezialfäegkeete virun allem, ofhänken an et esou zu enger eegener Strategie maachen, fir eng Opstellung mat enger gudder Balance vu Spiller Spezialfäegkeeten ze fannen.

Et ginn zwou Zorte vu Spezialevenementer: Ekippenevenementer an individuell Evenementer. D'Chance fir en Ekippenevenement gëtt iwwer de Ballbesëtz entscheet (wanns de 55 % Ballbesëtz hues, dann hues de och 55 % Chance op en Ekippenevenement).

Individuell Evenementer hänken dovunner of, wéi eng Spezialfäegkeeten d'Spiller um Terrain hunn. Vill Spiller mat Spezialfäegkeeten kënne vu Virdeel sinn, mä et ass net alles. Du muss och Spiller mat de richtege Spezialfäegkeete fir déi richteg Positioun fir en Evenement hunn fir dass et klappt. Et ass wichteg fir déi richteg Balance vun den Spezialfäegkeeten an denger Ekipp ze fannen.

Fir all Spezialevenement am Match geet d'Chance op en zousätzlecht Evenement fir dee Match erof.

Wiederkonditiounen

Gewësse Spezialfäegkeete passe besser op gewësse Wiedersituatiounen. All Spiller hir Leeschtungen si vu spezielle Wiederkonditioune betraff, an dat vum Ufank vum Match un.

Dribbler gewannen 5 % an all hire Fäegkeete wann d'Sonn schéngt, a verléieren selwecht wann et reent.

Duerchsetzungsstaark Spiller gewannen bei Reen 5 % an all hire Fäegkeeten, a verléieren 5 % bei Sonn.

Séier Spiller verléiere 5 % bei Reen a bei Sonn.

Wann d'Wieder Afloss op ee Spiller huet, da kriss de d'Informatiounen doriwwer am Rapport vum Match geliwwert, an dem Spiller seng Stärebewäertung reflektéiert seng Performance.

Goalevenementer

Mat Spezialfäegkeeten (an anere Spillerattributer) kanns de zousätzlech Ugrëffer kréien. Zousätzlech zu deem wat hei ënnendrënner steet, brauch dee Spiller, deen d'Chance verwandele kann (oft, mä net ëmmer, dee Spiller, vun deem d'Chance kënnt), e bësse Buteursfäegkeet, fir aus deem Ugrëff e Goal ze maachen.

Onberechenbar Spiller kënnen hir Fäegkeet Passspill wa si Golkippen, Ausseverteideger oder Zentralverteideger sinn, fir onerwaart laang Passë benotzen, an hir Fäegkeet Buteur falls si Mëttelfeldspiller, Bande oder Stiermer sinn, fir sech de Ball ze plécken. Falls se Feldspiller sinn, kënne si och onerwaart Goal-Chancen erausschloen. Desto méi schlecht d'Fäegkeet Verteidegung bei onberechenbare Verteideger oder zentrale Mëttelfeldspiller ass, desto méi héich d'Chance, dass e schlëmme Feeler dem Géigner eng Goalchance erméiglecht. Zudeem kann och en onberechenbare Fliggelspiller oder Stiermer mat geréngem Passspill Chaos an denger Defense verursaachen, wat eventuell mat engem ongléckleche Selbstgoal bestrooft gëtt.

Séier Banden, Mëttelfeldspiller a Stiermer kënnen eng Chance erausschloen, wa se hir Vitesse ausspillen. Dat ka vum Géigner verhënnert ginn, andeem s Du en defensive Spiller (Aussen - oder zentrale Verteideger) opstellt, deen och séier genuch ass, fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien. Du kriss och eng Erhéijung vum Level vun der Kontertaktik fir all séiere Fliggelspiller, Mëttelfeldspiller oder Stiermer. De Géigner kann dem Effekt awer entgéint wierke mat séiere Mëttelfeldspiller, Ausseverteidger, Zentralverteideger oder Golkeeper (just d'Erhéijung kann ausgeglach ginn, net den initiale Level vun der Taktik).

D'Dribbler ënner de Banden, Mëttelfeldspiller a Stiermer kënne Chancë produzéieren, wa si géint e Golkeeper, Verteideger oder zentrale Mëttelfeldspiller spillen, deem seng Spezialfäegkeet kappballstaark ass (dëse muss net den direkte Géigespiller sinn). Zudeem kann en Dribbler als Zentralverteideger oder Ausseverteideger eng kleng Chance ginn, fir eng net-taktesch Kontersituatioun no engem ofgefaangen Ugrëff vum Géigner ze produzéieren. Desto méi héich d'Passspill vum Verteideger ass, desto méi héich d'Chance heifir.

Banden, deenen hir Fäegkeet Bande grouss genuch ass, kënne Chancen erausschloen, déi vun enger anerer Bande, Mettelfeldspiller oder vun engem Stiermer mussen zu engem Goal ëmgemënzt ginn. Wann deem anere Spiller seng Spillerfäegkeet Buteur héich genuch ass, ass d'Probabilitéit méi grouss, datt en e Goal mécht; wann en zudeem kappballstaark ass, mécht et him nach méi einfach.

Corner: Fir aus engem Corner e Goal ze maachen erhéichs de deng Chancen mat engem Strofstouss-Spezialist mat enger héijer Fäegkeet Strofstéiss a mat gudden offensive Strofstéiss-Fäegkeete géint dem Géigner méi schwaach defensiv Strofstéiss-Fäegkeeten. Et ginn zwou Zorte vu Corneren. An där enger, wat méi vun denge Spiller d'Spezialfäegkeet kappballstaark hunn (däi Strofstouss-Spezialist gëtt do net matgezielt) a wat manner Spiller mat der selwechter Spezialfäegkeet am Géigner senger Ekipp um Terrain stinn, wat d'Probabilitéit, datt et e Gol fir dech gëtt, ëmsou méi héich ass. Wann an denger Ekipp guer keng Spiller mat der Spezialfäegkeet kappballstaark sinn, ass deng Ekipp a schlechten Dicher, wann e Corner géint se gepaff gëtt a kann och mat engem eegene Corner net vill ufänken. An der anerer hänkt d'Chance op e Gol vun der Fäegkeet Buteur vum deem Spiller, deen de Ball kritt, of. Corneren kënnen zudeem zu giele Kaarte fir déi ugräifend Ekipp féieren, mee e virgewarnte Spiller passt besser op, esou dass d'Chance op eng zweet giel Kaart méi kléng ass wéi se soss wier.

Erfahrung: Ee Stiermer mat Erfahrung kann dowéinst e Goal markéieren. Zentral an Bausse-Verteideger mat ze wéineg Erfahrung kënnen doduerch hirem Géigner eng Chance bidden.

Middegkeet: Midd defensiv Spiller (Verteideger an zentral Mëttelfeldspiller) kënne Feeler maachen. Et sief de géigneresche Stiermer wier och midd, da kann dat dem Géigner eng Chance bidden.

Aner zousätzlech Match-Evenementer

Et ginn och nach e puer zousätzlech Evenementer, déi s de kanns an engem Match kréien. D'Chance fir sou en Evenement ze kréien hänkt net vun der Stäerkt vum Mëttelfeld of, d'Chance op sou eent geet also net erop, wanns de d'Mëttelfeld dominéiers.

Konterattacken: Och wanns de net d'Spezialtaktik Konteren benotz, gëtt et ëmmer nach eng kleng Chance, fir e Konter kënnen duerchzeféieren. Fir dës Konterattacken, déi net vun der Taktik ofhängeg sinn, ze kréien, brauch deng Ekipp net déi méi schwaach am Mëttelfeld ze sinn (wat jo normalerweis néideg ass, fir kënnen ze konteren). Am Kapitel iwwer d'Spezialtaktike fënns de méi iwwer d'Konterattacken.

Wäitschëss: Och ouni d'Wäitschëss-Taktik bleift ëmmer nach eng kleng Chance op eng Geleeënheet fir e Wäitschoss iwwereg. Am Kapitel iwwer d'Spezialtaktike gëss de méi iwwer d'Wäitschëss gewuer.

Duerchsetzungsstaark zentral Mëttelfeldspiller, wann se defensiv spillen (och Sechster genannt) kënnen sech drop konzentréieren fir géigneresch Ugrëffer ze ënnerbannen an de Ball ze wannen. Wann hien am Pressing erfollegräich ass, dann ass dem Géigner säin Ugrëff ofgebrach. Fir dat ze maachen, muss hien sech op seng Fäegkeet Verteidegung a seng Konditioun verloosse kënnen.

Duerchsetzungsstraark Stiermer, wann se normal spillen (och Stoussstiermer genannt), kënnen de Kierper richteg asetzen an doduerch zweet Chancen kreéieren a no enger normaler Chance nach treffen wann deng Ekipp eigentlech scho verginn huet. Si brauche genuch Spillmaacher a Buteur fir dat ze kënnen. Hir Physis kann awer och zu giele Kaarte féieren; trotzdeem probéieren se méi virsiichteg an deene Situatiounen ze sinn wa se scho verwarnt goufen.

Du wäers eng Penalitéit duerch Iwwerschoss erliewen wanns de zwee oder dräi Spiller mat der selwechter Kombinatioun vu Spezialfäegkeet a Positioun asetzs bei folgenden Typen: Dribbler als defensiv Stiermer, duerchsetzungsstaark normal Stiermer an duerchsetzungsstaark defensiv Mëttelfeldspiller. Wanns de zwee Spiller vum selwechten Typ opstells, da kriss de eng Penalitéit op hir Leeschtung (4 % jiddereen). Wanns de dräi Spiller opstells, da geet d'Penalitéit erop (7,5 % jiddereen).

De Match: Spezialtaktiken

An all Match kanns de denger Ekipp soen, datt se soll eng Spezialtaktik spillen. All Spezialtaktik huet e Virdeel, mä awer och en Nodeel - wiel se also mat Virsiicht. Et si sechs Spezialtaktiken (an déi normal Taktik) disponibel. Wanns de keng Spezialtaktik astells, spillt deng Ekipp "normal".

Taktesch Fäegkeet

Wéi gutt deng Ekipp eng Taktik kann, hänkt vun der taktescher Fäegkeet fir déi Taktik of. D'Berechnung vun dëser Fäegkeet baséiert op de verschiddene Fäegkeete vun de Spiller mat engem Bonus fir d'Erfahrung vun all eenzelne Spiller, dee concernéiert ass.

Wéi gutt deng Spezialtaktik ass, hänkt dovun of wéi gutt d'Spiller um Terrain sinn. Wat d'Spiller um Terrain besser sinn, wat s de eng besser taktesch Fäegkeet brauchs, fir datt d'Taktik d'selwecht gutt wierkt. An der Praxis heescht dat, datt s de dann och e besseren takteschen Niveau brauchs, je nodeems wei staark deng oder dengem Géigner seng Spiller um Terrain sinn.

Pressen

Wann deng Ekipp presse soll, heescht dat, datt deng Spiller Drock op dem Géigner seng Spiller maachen. Se maachen éischter en Effort, fir dem Géigner seng Attacken ze zerstéieren, wéi selwer unzegräifen. Pressen ass eng gutt Taktik, wanns de d'Gefill hues, datt deng Ekipp ënnerleeën ass a wanns de de Schued kleng hale wëlls.

Virdeel: Du kanns d'Zuel vun de méigleche Chancen (fir béid Ekippen) an engem Match verklengeren.

Nodeel: D'Konditioun vun denge Spiller wäert méi schnell erofgoe wéi normal.

Relevant Fäegkeeten: D'Zomm vun de Verteidegungs- an de Konditiounsfäegkeete vun all denge Spiller bestëmmt d'Stuf vun der taktescher Fäegkeet "Pressen". Wann e Spiller "duerchsetzungsstaark" ass, gëtt seng Verteidegungsfäegkeet zweemol gezielt. Wat deng Spiller méi midd ginn, wat se manner gutt Drock op hire Géigner kënnen ausüben.

Wéini och ëmmer eng méiglech Chance vun enger Ekipp, déi presst, zerstéiert gëtt, kënnt dat an de Rapport vum Match stoen. Du wäers ni erausfanne kënnen, wéi eng Ekipp vun dëser Chance hätt kënnen profitéieren. Wa béid Ekippen pressen gëtt den Effet, am Duerchschnëtt, verduebelt. Zousätzlech, wann ee géint eng Ekipp spillt, déi sech op Wäitschëss fokuséiert, huet eng Ekipp déi mat Pressing spillt, déi gréisst Chance fir Wäitschess ze verhënneren.

Konteren

Konteren heescht dem Géigner fräiwëlleg d'Kontroll iwwer de Ball ze iwwerloossen a ze versichen, fir e Konter ze lancéieren, soubal et deenen net geléngt, fir eng Attack mat Succès zu Enn ze bréngen. Ze Konteren ass eng gutt Optioun, wanns de eng ganz gutt Verteidegung an e ganz gudde Stuerm ze bidden hues (awer nëmmen e schlecht Mëttelfeld), ganz besonnesch a Kombinatioun mat enger schlechter Attack beim Géigner.

Virdeel: Du kanns zousätzlech Attacke kréien (du hues d'Chance, fir Konterattacken ze lancéieren, wann deng Verteidegung eng Attack vum Géigner gestoppt huet).

Nodeel: Du verléiers 7% vun denge Mëttelfeldfäegkeeten.

Relevant Fäegkeeten: D'Zomm vun de Passpill- an de Verteidegungsfäegkeete vun all denge Feldspiller bestëmmt d'Stuf vun der taktescher Fäegkeet "Konteren". Passpill ass duebel sou wichteg wéi Verteidegung.

Nëmmen déi Ekipp déi d'Mëttelfeld net dominéiert zum Zäitpunkt vun enger Attacke, déi net zu engem Goal ginn ass, kann d'Virdeeler vun dëser Taktik benotzen (du muss iwweregens d'Mëttelfeld fir d'éischt verléieren, déi 7% taktesch Strof op d'Mëttelfeld ginn eréischt dono applizéiert). Wanns de d'Mëttelfeld dominéiers, kriss de just d'Nodeeler ze spieren. All Konterattacke kommen an de Rapport vum Match stoen. All Kéiers wann deng Ekipp ee Konterattacke Versuch géint sech kritt, gëtt d'Chance méi kléng nach een ze kréien.

Attack iwwer d'Mëtt

Iwwer d'Mëtt unzegräifen (AIM) heescht, datt deng Ekipp sech op Attacken iwwer den Zentrum vum Terrain konzentréiert, an dofir manner op Attacken iwwer d'Säiten. Anescht gesot heescht dat, datt s de Attacken iwwer d'Säiten géint Attacken iwwer d'Mëtt ëmtauschs. Wann dat geschitt, gëtt d'Chance méi kléng, dass et nach eng Kéier geschitt.

Virdeel: Aus ronn 15-30% vun dengen Attacken iwwer d'Säite ginn Attacken duerch d'Mëtt.

Nodeel: Deng Verteidegung op de Säiten (béide Säiten) gëtt e bësse méi schlecht.

Relevant Fäegkeeten: D'Zomm vun de Passpillfäegkeete vun all denge Feldspiller bestëmmt d'Stuf vun der taktescher Fäegkeet "Attack iwwer d'Mëtt".

All Kéier, wann eng Attack vun de Säiten iwwert d'Mëtt riwwerwiesselt, gëtt dëst am Rapport vum Match ugewisen.

Attack iwwer d'Säiten

"Attack iwwer d'Säiten" fonctionnéiert genee wéi "Attack iwwer d'Mëtt", just ëmgekéiert; dat heescht also, datt s de Attacken iwwer d'Mëtt géint Attacken iwwer d'Säiten ëmtauschs. Well normalerweis manner Attacken iwwer d'Mëtt wéi iwwer d'Säite lafen, kanns de prozentual gesi méi Attacken iwwer d'Säiten ëmtauschen. Och hei, wann dat geschitt, gëtt d'Chance méi kléng, dass et nach eng Kéier geschitt.

Virdeel: Aus ronn 20-40% vun dengen Attacken duerch d'Mëtt ginn Attacken iwwer d'Säiten.

Nodeel: Deng zentral Verteidegung gëtt e bësse méi schlecht.

Relevant Fäegkeeten: D'Zomm vun de Passpillfäegkeete vun all denge Feldspiller bestëmmt d'Stuf vun der taktescher Fäegkeet "Attack iwwer d'Säiten".

All Kéier, wann eng Attack vun der Mëtt op d'Säite riwwerwiesselt, gëtt dëst am Rapport vum Match ugewisen.

Kreativ spillen

Kreativ spillen heescht, datt d'Spiller probéieren, méi aus hire Spezial- a sonstege Fäegkeeten erauszehuelen.

Virdeel: Du erhéichs déi maximal Unzuel vu Spezialevenementer am Match - fir béid Ekippen, mä fir deng Ekipp ginn et liicht méi grouss Chancen fir se ze kréien (positiv oder negativ).

Nodeel: Denger Ekipp hir Verteidegung gëtt e bësse méi schlecht.

Relevant Fäegkeeten: D'Spezialtaktik "kreativ spillen" fuerdert vun denge Feldspiller héicht Passspill an Erfarung (dat éischt ass méi wichteg). Wann e Feldspiller dozou onberechenbar ass, da gëtt säin Afloss op d'Taktik verduebelt. Fir se gutt anzesetzen ass unzerode fir d'Ekipp op Spezialevenementer ze optiméieren (also vill Spiller mat Spezialfäegkeeten an déi richteg Kombinatioun vu Fäegkeeten).

Wäitschëss

Mat der Wäitschëss-Taktik kréien deng Spiller d'Uerder, fir virun allem op laang Schëss ze setzen amplaz eng Attack komplett duerchzespillen. Anescht gesot heescht dat, datt Attacken duerch d'Mëtt an iwwer d'Säiten a Wäitschëss ëmgetosch ginn. Bei engem Wäitschoss steet dee Spiller, dee schéisst, dem Golkipp géinteniwwer. Dat kann nëtzlech sinn, wann et der schwéier fällt, fir iwwer d'Mëtt oder d'Säiten unzegräifen, mä awer uerdentlech Spiller do sinn, déi schéisse kënnen.

Virdeel: Duerch d'Wäitschëss-Taktik gi bis zu ronn 30% vun de Chancen iwwer d'Mëtt an d'Säite zu Wäitschëss konvertéiert.

Nodeel: D'Attack iwwer d'Flilleken an d'Mëtt, an och d'Mëttelfeld, leiden e bëssen ënnert der Taktik.

Relevant Fäegkeeten:Denge Feldspiller hir Buteurs- a Strofstéissfäegkeeten bestëmmen d'Stuf vun der taktescher Fäegkeet "Wäitschëss". Buteur ass dräimol sou wichteg wéi Strofstéiss.

Gouf aus enger Attack e Wäitschoss, huet eng Ekipp, déi d'Spezialtaktik Pressen benotzt, eng Chance, fir de Schoss ze stéieren. Gëtt de Schoss awer net schonn direkt gestéiert, kënnt e Feldspiller zum Zoch (fir zentral Mëttelfeldspiller a Banden ass d'Wahrscheinlechkeet duebel sou héich, datt se un d'Rei kommen), fir de Schoss duerchzeféieren. D'Qualitéit vum Schoss hänkt vun de Fäegkeete Buteur a Strofstéiss vum Spiller of, dee schéisst. Dono kann de Golkipp probéieren, fir de ze paréieren, andeems e seng Fäegkeete Golkipp a Strofstéiss benotzt. Souwuel fir dee Spiller dee schéisst wéi och fir de Golkipp zielt: vun all Fäegkeet gëtt e bëssen eppes gebraucht, an et ass besser, fir vun all Fäegkeet e bëssen eppes ze hunn, wéi virun allem vun enger vill.

All d'Wäitschëss stinn am Rapport vum Match, och déi Chancen, déi zerstéiert goufen.

Auswiesselungen

Wann e Spiller sech verletzt, gëtt hien duerch den Auswiesselspiller fir déi Positioun automatesch ersat, wéi et am Kapitel iwwer d'Opstellung geschriwwe steet. Du kanns och Auswiesselunge plangen.

Geplangten Auswiesselungen

Du kanns am viraus Auswiesselunge fir e Match plangen, vläicht wëlls de jo eng genial taktesch Ännerung duerchféieren oder awer du wëlls just e midden duerch e frësche Spiller ersetzen. Aus engem Stiermer kanns de zum Beispill en zousätzleche Verteideger maachen, fir d'Féierung ze verteidegen, oder du méchs aus engem Verteideger e Stiermer, wann deng Ekipp am Réckstand ass. Du kanns och d'perséinlech Astellung vun engem eenzele Spiller änneren.

Eng Auswiesselung plangen

Fir eng Auswiesselung ze plangen, klicks de op der Opstellungssäit op "Auswiesselungen / Neit Behuelen". Du wiels dee Spiller, deen den Terrain verloosse soll, an dee Spiller, deen a senger Plaz weiderspillt. Dono décidéiers de d'Conditioune vun der Auswiesselung. Du kanns wielen, ob d'Auswiesselung no enger gewësser Minutt passéiert an/oder vum Spillstand ofhänkt, andeems de den Display "Weider Konditiounen" opklapps. Du kanns am Display "Weider Konditiounen" et och dovun ofhängeg maachen, ob ee vun denge Spiller (oder e Spiller vum Géigner) eng Roud Kaart kritt huet, an d'Positioun vum Spiller änneren.

Eng Ännerung vum Behuelen aplangen

Du kanns iwwer "Auswiesselungen / Neit Behuelen" och d'Behuele vun engem Spiller änneren. Ähnlech wéi bei den Auswiesselunge wiels de ee Spiller aus an dono d'Conditiounen fir eng Ännerung vu sengem Behuelen.

Fënnef Spillerastellunge si méiglech

Du kanns bis zu fënnef Spillerastellunge maachen (Auswiesselungen an Ännerunge vum Behuelen). Mä denk drun, datt den Arbitter an engem Match net méi wéi dräi Auswiesselunge wäert zouloossen.

D'Ännerunge ginn duerchgefouert, wann d'Conditiounen erfëllt sinn

All deng Spillerastellunge ginn am Match duerchgefouert, soubal all d'Conditiounen erfëllt sinn, déi s de am viraus gestallt hues. Wann d'Conditioun net erfëllt ass, gëtt d'Ännerung net duerchgefouert. Wanns de fir déi 65. Minutt eng Auswiesselung plangs an déi net vum Spillstand ofhängeg soll sinn, gëtt se an der 65. Minutt duerchgefouert. Wanns de fir déi 70. Minutt eng Auswiesselung ukënnegs, fir de Fall wou deng Ekipp a Féierung läit, gëtt déi Auswiesselung no der 70. Minutt ausgefouert, soubal wéi d'Conditioun erfëllt ass. Wann deng Ekipp also an der 80. Minutt a Féierung géif goen, gëtt d'Auswiesselung och dee Moment duerchgefouert.

Wanns de fir déi 70. Minutt zwou Ännerunge plangs, eng fir de Fall wous de a Féierung läis, eng fir de Fall wous de mat méi wéi engem Goal Differenz a Féierung läis, gi béid Ännerungen duerchgefouert, wanns de zum Beispill dee Moment mat 3:0 féiers.

Sief dir bewosst: Wanns de zwou Ännerungen mat deene selwechte Konditiounen (z.B. Minutt am Match a Resultat) astells, da ginn déi NET de genau selwechte Moment ausgefouert mä an der Reiefolleg, wéi se kreéiert goufen.

Nom Match kanns de (däi Géigner net) iwwer d'Stärebewäertung vun denge Spiller d'Lëscht vun Astellunge gesinn, mat Informatiounen iwwer de Moment wou se duerchgefouert goufen oder firwat se net duerchgefouert gi sinn.

Du kanns net op Verletzunge reagéieren

Et ass net méiglech fir Verletzungen als Conditioun ze hunn. Wann ee vun denge Spiller sech am Match verletzt, mécht de System automatesch eng Auswiesselung. Dat heescht och, datt eng Auswiesselung den Pläng kann duerchkräizen, sou wéi am richtege Futtball och.

Psychologie

De Manager vun enger Futtballsekipp ze sinn, heescht net nëmme mat Training an Taktiken ze hantéieren, et geet dobäi och ëm Psychologie. Deng Ekipp muss Matcher gewanne wëllen a se muss u sech selwer gleewen. De psychologeschen Zoustand vun denger Ekipp huet en Afloss op d'Resultater an denge Matcher, an genee den ëmgedréinte Wee hunn d'Resultater vun denge Matcher en Effet op denger Ekipp hire psychologeschen Zoustand.

Ekippestëmmung

D'Ëmfeld an dengem Veräin huet e groussen Afloss op d'Leeschtung vun denger Ekipp. D'Ekippestëmmung huet en Effet op d'Bewäertung vum Mëttelfeld. Wat d'Ekippestëmmung méi héich ass, wat däi Mëttelfeld besser ass. D'Leeschtung vum Mëttelfeld huet hirersäits en Afloss drop, wéivill Ballbesëtz deng Ekipp huet. D'Ekippestëmmung selwer ka vu vill Saache beaflosst ginn, mä virun allem gëtt se dat vun de Féierungsqualitéite vun dengem Trainer, der Haltung vun der Ekipp an all Match, den Transferen an dem Psycholog.

Selbstvertrauen

Deng Spiller mussen u sech selwer gleewen, fir eng gutt Leeschtung ze bréngen. Eng Ekipp mat wéineg Selbstvertrauen huet Problemer, fir hir Geleeënheete beim Wéckel ze paken. Héicht Selbstvertrauen ass normalerweis eng gutt Saach, mä wann et ze héich ass, kënnen deng Spiller Ekippen ënnerschätzen, déi net sou gutt wéi si selwer sinn (weider Informatiounen méi wäit ënnen). D'Selbstvertraue vun der Ekipp beafloss d'Bewäertungen am Stuerm. Et hänkt vill vun de Resultater vun de Matcher virdrun of, mä vun engem Psycholog an engem Trainer mat héije Féierungsqualitéiten ass och bekannt, datt si d'Selbstvertraue ka verbesseren.

Haltung vun der Ekipp

Virun all Flichtmatch deels de denger Ekipp mat, wéi wichteg de Match ass. D'Astellung fir Haltung vun der Ekipp huet en Effet op däi Ballbesëtz. Du hues dräi Méiglechkeeten:

Match vun der Saison: Deng Spiller wäerten alles probéieren, fir dëse Match ze gewannen. Allerdéngs wäert d'Ekippestëmmung direkt nom Match falen, wat heescht, datt deng Spiller an de Matcher dono net hir bescht Leeschtung ofliwweren.

Normal: D'Spiller spillen, wéi se et gewinnt sinn.

Relax spillen: Deng Spiller kréie gesot, datt se d'Saach an aller Rou sollen ugoen, well et méi wichteg Matcher ginn, op déi sech spéider konzentréiert gi muss. D'Ekippestëmmung wäert direkt nom Match eropgoen an deng Spiller wäerten an den nächste Matcher besser spillen.

Perséinlechkeet vun de Spiller

All d'Spiller hunn eng Perséinlechkeet. Onéierlech an aggressiv Spiller kréien tendenziell méi oft eng Giel oder Rout Kaart. D'Féierungsqualitéite si fir däi Kapitän an däin Trainer wichteg.

Psychologesch Match-Evenementer

De Verlaf an engem Match kënn en Afloss op d'Verhale vun denge Spiller géigeniwwer den Instruktioune vun dengem Trainer hunn. Dës psychologesch Evenementer hunn e groussen Afloss op de spezifesche Match, mä kënne selwer net d'Ekippestëmmung oder d'Selbstvertrauen fir zukënfteg Matcher veränneren. Eng Ekipp, déi mat zwee Goaler a Féierung läit, wäert automatesch hir ugrëfflech Attitude verléieren a sech méi op d'Verteidegung konzentréieren. Den Effekt gëtt nach méi grouss, sou bal d'Féierung sech erhéicht: All Goal weider an der Differenz wäert den Ugrëff zu 9 % schwächen, während d'Defense sech ëm 7,5 % erhéicht. All Géigegoal verännert den Effekt vu virdrunner nees zeréck. Déi ierwescht Limite ass eng Goal Differenz vun 8, no der d'Bewäertungen net méi änneren.

A puer Situatiounen ass et der Ekipp méiglech, deenen psychologesche Momenter ze widderstoen. Wann der Ekipp eng "Match vun der Saison"-Instruktioun gi gouf, da wäert se sech net zeréckzéien och wann d'Féierung grouss gëtt. Dat selwecht gëllt, wann d'Ekipp eng Finall vun der Nationaler Coupe oder dem Hattrick Masters souwéi e leschte Spilldag am Championat spillt. Bei den Nationalekippen zitt sech d'Ekipp net zeréck: bei der Weltmeeschterschaft vun der Hallef-Finall un, bei de Continental an Nations Coupe vun der Véirels-Finall un.

Eng Ekipp, déi an der éischter Halschent ongewéinlech schlecht spillt, ka vum Trainer an der Paus dozou bruecht ginn, datt se sech an der zweeter Halschent um Rimm rappt.

Ënnerschätzen

Wanns de géint eng Ekipp spills, déi op enger méi schlechter Plaz läit wéi deng, an däi Selbstvertraue staark oder besser ass, da kéinten deng Spiller de Géigner ënnerschätzen an ënnert hire Méiglechkeete spillen. De Risiko fir de Géigner ze ënnerschätzen ass ofhängeg vun der Differenz vun de Punkten a Plazen tëscht den Ekippen, dengem Selbstvertrauen an denger Haltung vun der Ekipp. Wann dës Differenzen an dës Stufe méi grouss sinn, da klëmmt och de Risiko. Déi eenzeg Méiglechkeet fir d'Ënnerschätzen ze verhënnere gëtt et wann een de "Match vun der Saison" spillt.

Am Fall vum Ënnerschätze vum Géigner sinn d'Ausmoossen ofhängeg vun der Differenz vun de Punkten, vum Selbstvertrauen, der Haltung vun der Ekipp an ob s de doheem oder auswäerts spills. Ofhängeg vum Resultat kann s de dech an der Paus erkréien: Komplett Erhuelung bei Réckstand, 2/3 bei Gläichstand an 1/3 bei Virsprong mat engem Goal.

D'Ënnerschätze kann nëmmen a Championatsmatcher optrieden, allerdéngs net déi éischt dräi Spilldeeg.

Transferen

Op dem Transfermaart keefs de nei Spiller a versichs, fir déi Spiller ze verkafen, déi s de net méi wëlls behalen. Du kanns awer nëmmen e Maximum vu 50 Spiller gläichzäiteg hunn. Op der "Offeren"-Säit kriss de eng Iwwersiicht iwwer déi Spiller, déi s de entweder amgaang bass ze verkafen oder op déi s de eng Offer gemaach hues. Du kriss och all déi aktuell Transferen vu Spiller gewisen, déi der mol gehéiert hunn, an déi der doduerch Sue bréngen.

E Spiller verkafen

Fir e Spiller ze verkafen, muss de en op d'Transferlëscht setzen. Dat kanns de op der perséinlecher Säit vun deem Spiller maachen. Du wiels de Mindestpräis, deen s de fir hie verlaangs an da land hien um Transfermaart. Den Transfervergläich hëlleft der, fir eng Iddi iwwert de Wäert vum Spiller ze kréien, an du solls ëmmer e realistesche Präis fir e Spiller verlaangen. De Spiller muss och op d'mannst ee Spill fir däi Veräi gemaach hunn, fir datt e kann op den Transfermaart gesat ginn, an du kanns däi Spiller net méi oft op den Transfermaart setzen, wéi e Mätscher fir deng Équipe gespillt huet. Dës Restriktioun zielt net fir Spiller, déi aus denger Jugend kommen, an och net fir Spiller, déi am Veräi waren, wéi s de Manager vum Veräi goufs. De Spiller wäert dräi Deeg um Transfermaart stoen a geet da bei dee Veräin, deen déi héchsten Offer gemaach huet, virausgesat et gouf iwwerhaapt eng Offer op de Spiller. E Spiller, dee verkaf ginn ass, verschwënnt direkt no der Versteigerung bei säin neie Veräin, et sief ee vun den zwee Veräiner, déi vum Transfer betraff sinn, géif e Match spillen. An deem Fall wiesselt de Spiller direkt nom Match. Wa keen de Spiller kafe wëllt, bleift hien an dengem Veräin. Wann s de e Spiller iertemlecherweis verkaaf hues, kanns de den Transfer annuléieren. Dëst ass méiglech an den éischten 10 Minutten no der Oplëschtung vum Spiller, soulaang et keng Offere goufen. Deng Oplëschtungskäschte ginn net rembourséiert. No dësem Zaitraum, hues de ëmmer nach d'Méiglechkeet, fir selwer op de Spiller ze bidden.

E Spiller kafen

Fir e Spiller ze kafen, visitéiers de de Maart fir d'Spiller, den Transfermaart, am Menü "Mäi Veräin", iwwer de Menü "HT-Welt" oder iwwer d'Ikon fir den Transfermaart am Eck uewe riets. Du sichs déi Zort Spiller, déi s de wëlls, a fir eng Offer ze maache geess de op d'Spillersäit mat engem Klick op säin Numm. Du muss déi aktuell Offer entweder ëm 1 000 US$ oder ëm 2% erhéijen, jee nodeems wéi eng vun deenen zwou Zuele méi grouss ass. Wann et deen Ament keng Offer op dee Spiller gëtt, kann s de de Mindestpräis offréieren, soulaang dee bei 1 000 US$ oder méi läit. D'Zomm vun dengen Offeren an de Payë vun de Spiller (du bezils déi éischt Paye vun engem Spiller direkt nodeems de e kaf hues), op déi deng Offere leien, kann dech net méi wéi 200 000 US$ an d'Scholde rappen.

Du kanns bis zum Enn vun der Deadline eng Offer fir e Spiller maachen. Wann een eng Offer manner wéi dräi Minutte virum Enn vun der Deadline mécht, gëtt d'Deadline sou verlängert, datt nach dräi Minutte bleiwen, no deem Ament, op deem d'Offer gemaach ginn ass.

D'Informatiounen iwwer engem Spiller seng Fäegkeeten, seng Perséinlechkeet, asw. sinn eng grouss Hëllef, wanns de Spiller keefs. Du kanns och den "Transfervergläich" benotzen, fir ze gesinn, fir wéivill en ähnleche Spiller kierzlech um Transfermaart verkaf gouf.

Automatesch Offeren

Automatesch Offere fonctionnéiere selwecht wéi normal Offeren. Wanns de eng maximal Offer setzs, wäert d'System ëmmer fir dech bidde wann et noutwenneg ass, an dat mam klengste méigleche Betrag (2%, [Suen] minimum).

Du kenns deng maximal Offer ëmmer änneren (entweder méi héich oder méi déif setzen), mee du kenns natierlech net deng aktuell (héchsten) Offer änneren. Deng maximal Offer gesäis nëmmen du, aner Benotzer gesi nëmmen déi aktuell Offer.

Du kenns nëmmen eng maximal Offer gläichzäiteg hunn. Wann deng maximal Offer erreecht ass, zielt se net méi als automatesch Offer an du kenns eng aner maximal Offer setze wanns de wëlls.

Fir speziell Fäll (wann zwou Ekippen déi selwecht automatesch Offer maachen oder wann zwee automatesch Bidderen géintenee bidden) hu mer eng Logik opgebaut, hei si puer Beispiller déi hëllefen ze erklären.

De Spilleragent, den Heemechtsveräin an d'Taxen op d'Transferen

E Spiller op d'Transferlëscht ze setzen kascht 1 000 US$. Soubal den Transfer feststeet, kréien dem Spiller säin Agent, säin Heemechtsveräin an de leschte Club hiren Deel vum Verkafspräis. Op der Säit vum Spiller gesäis de, wéivills de fir dech behale kanns, wanns de de Spiller verkeefs. Hei sinn d'Grondlage fir d'Berechnung:

Wéivill de Spilleragent verlaangt, hänkt dovun of, wéi laang de Spiller an denger Ekipp war.

Den Heemechtsveräin kritt ëmmer 2% vum Verkafspräis. Wann däi Veräin den Heemechtsveräin ass, kriss de all Kéiers, wou de Spiller verkaf gëtt, déi 2%. Bedenk wgl. dass de weder bezuels, nach Sue kriss wann en Heemechtsspiller fir d'éischte Kéier verkaaf gëtt.

De leschte Club kritt ëmmer 3% vum Verkafspräis. Ass däi Veräin de leschte Club, hänkt d'Zomm, déi s de kriss, dovun of, wéivill Matcher de Spiller fir däi Veräi gespillt huet.

Kuck dës Tabelle fir méi Informatiounen ze kréien.

Verkeefs de e Jugendspiller, gëtt däi Veräin net als leschte Club betruecht. Mä déi nächst Kéier wou e verkaf gëtt, gëss de als leschte Club considéréiert, wann en op d'mannst ee Match fir deng Profisekipp gespillt huet.

Den Transfererléis geet an d'Reserve vum Kommitee

Bei verschidde Spiller Transferte kann de Kommitee entscheeden en Deel vum Erléis direkt an d'Reserven ze setzen, fir datt dës Suen dem Club zu engem spéideren Zäitpunkt zur Verfügung stinn.

Allerdéngs geschitt dëst nëmme bei bestëmmte Spiller. Fir déi meescht Manager wäert et e ganz raart Evenement sinn.

De Virstand wäert dir matdeelen ob dëst geschitt, wann de Spiller um Transfermaart opgelëscht ginn ass. Wann dat de Fall ass, kriss du och den Deel vum Transfert-Erléis ugewisen, deen an deng Reserve géif kommen.

De Kommitee wäert dat nëmme maachen, wann e mengt, datt d'Iwwerweisung aus spekulativen Grënn oder aus enger gewësser Wäerterhaltung geschitt ass. D'Begrënnung ass dann dass de Spiller net aus Kompetitivitéitsgrënn ersat muss ginn. (Historesch sinn esou Spiller "Goldbarre" Spiller vun der Gemeinschaft genannt ginn, well se net iwwer Zäit u Wäert verluer hunn, obwuel se net benotzt an/oder trainéiert goufen).

Aktuell betruecht de Kommitee nëmme Suen aus dem Transfer vu Golkeeper (mat gudder oder méi héijer Golkeeper Fäegkeet) oder zukünftegen Traineren (gutt Féirungsqualitéit plus op mannst duerchschnëttlech Erfarung).

Den Undeel vum Verkaafserléis deen un d'Reserve geet, hänkt dovun of wéivill Matcher de Spiller viru kuerzem fir deng Ekipp gespillt huet.

D'allgemeng Reegel ass, dass fir regulär Stammspiller, all d'Suen disponibel bleiwen an näischt an d'Reserve geet. Spiller déi 60 Minutten oder méi an op mannst ee Match wärend enger Trainingswoch spillen, ginn als regulär Stammspiller ugesinn.

Ausfäll wéinst Verletzunge ginn ignoréiert. Wann awer gesond Spiller net reegelméisseg agesat ginn, gëtt ëmmer méi vum Transfererléis an d'Reserve gesat.

Zum Beispill: E Spiller deen d'"Gold Bar" Critèren erfëllt huet, gëtt an all Championatsmatcher an enger Saison agesat. De Kommitee intervenéiert net beim spéidere Verkaf vum Spiller. De ganzen Transfer Erléis (no Ofzuch vun den Transfertkäschten) bleift dem Club fräi zur Verfügung. Wann de Spiller awer net verkaaf gëtt an dann op d'Bänk gesat gëtt, ginn 12% vum Transfert Erléis no zwou Wochen an d'Reserven. No véier Wochen ouni genuch Spillzäit klëmmt den Undeel op 24%. Wann de Spiller dann erëm genuch Spillzäit kritt, da si 6 Woche laang Asätz an der Liga oder der Coupe néideg fir de ganzen Transfer Erléis nees ze kréien.

Als Fauschtregel: dräi Woche Spillzäit an der Liga oder der Coupe kompenséieren zwou Wochen Inaktivitéit. Wann d'Asätz nëmmen a Frëndschaftsmatcher stattfannen, verduebelt sech d'Regeneratiounszäit. Fir Spiller aus der eegener Jugend gëlt folgendes: Sue ginn ni an d'Reserven, egal wéi d'Fäegkeeten an d'Spillzäite vum Spiller strukturéiert sinn. Spiller, déi an de leschten zwou Wochen an deng Ekipp komm sinn an net genuch Spillzäit gesammelt hunn, sinn och vun der Regel ausgeschloss.

Transfere kënnen en Afloss op d'Ekippestëmmung hunn

All Kéiers, wous de Spiller verkeefs oder keefs, riskéiers de, datt d'Ekippestëmmung fält. De Risque geet erop, wanns de e fäine Spiller verkeefs a wanns de e freche Spiller keefs. Du riskéiers keng Chute vun der Ekippestëmmung, wanns de e Jugendspiller an enger Frist vu sechs Deeg verkeefs, nodeems de en an deng Profisekipp geholl hues.

De Server ass offline

D'Deadlinë vun Transferen kënne verlängert ginn (op déi fairste méiglech Aart a Weis) wann d'Serveren zougemaach ginn. Een Transfert ass eréischt ofgeschloss wann de neie Spiller bei sengem Veräin ukomm ass, bis dohinner kann d'Frist, wann Ennerbriechungen virkomm sinn, nach verlängert ginn.Denk och drun, datt de Server de Moment vun der Deadline kéint zou sinn. Du riskéiers also vill, wanns mat denger Offer bis zur leschter Minutt waarts.

Fairplay um Transfermaart

Gutt Spiller a Sue sinn de Schlëssel zum Erfolleg an dowéinst ass et onheemlech wichteg, datt keng Ekipp vun anormalen Transferaktivitéite profitéiert. Dat heescht, datt et verbueden ass, fir Spiller ze deier ze kafen, an datt och all Aktivitéit verbueden ass, duerch déi eng Ekipp finanziell profitéiert. Nëmmen Eegeschafte vun engem Spiller wéi d'Fäegkeeten, Alter, Eenzegaartegkeet a Potential fir d'Nationalekipp/U21 - also Eegeschaften déi am Spill vu Bedeitung sinn - bestëmmen de Maartwäert.

D'Gamemasteren hunn d'Recht fir anormal Transferpräiser ze annulléieren oder ze ajustéieren, fir Ekippen mat Geldstrofen ze sanktionéieren oder souguer fir déi Benotzer ze spären, déi betraff sinn. Kontaktéier d'GMen direkt, wann een eng ze héich Offer op ee vun denge Spiller gemaach huet. Benotz w.e.g. eis Kontakt-Säit fir e Gamemaster ze kontaktéieren.

Jugendspiller

Jugendspiller

Du kanns nei Spiller fir däi Profikader kréien, andeem s de Jugendspiller rekrutéiers. Dofir ginn et zwee Weeër:

  • Du rekrutéiers e Spiller direkt fir deng Profisekipp, an dat mat Hëllef vun denger Talent-Sich.
  • Du grënns eng Futtballschoul, rekrutéiers Talenter an léiss dës Talenter sech entwéckelen. Spill Matcher géint aner Jugendekippen a privaten oder ëffentleche Ligen, an du hues d'Méiglechkeet, fir deng Talenter an de Profiskader ze huelen.

E Spiller duerch de Scoute-Netzwierk ze fannen an hien dann direkt an d'Profisekipp eropzehuelen, ass en einfachen an Zäit-effiziente Wee fir nei Talenter ze rekrutéieren. Eng Futtballschoul ze leeden ass zwar eng méi grouss Erausfuerderung, mécht awer dofir méi Spaass.

Du kanns ëmmer nëmmen ee System benotzen. Bass de Besëtzer vun enger Futtballschoul, kanns de kee Spiller iwwer d'Talent-Sich kréien. Deng Dépensë fir d'Futtballschoul zielen allerdéngs als Investitiounen an d'Talent-Sich, sou datt s de schnell kanns vun der Futtballschoul op d'Talent-Sich wiesselen.

Talent-Sich

Du kanns all Woch een neie Spiller kréien, andeems de e Jugendspiller an däi Profikader ophëls. Wat deng Talent-Sich besser ass, wat d'Chancë méi grouss sinn, fir en uerdentleche Spiller ze kréien. Du hues kee Choix, wéi eng Zort vu Spiller et gi wäert, ausser datt s de tëschent engem Goalkeeper an engem Feldspiller wiele kanns. Reche léiwer net domatter, all Woch en Top-Spiller aus denger Talent-Sich ze kréien. Déi meeschte Spiller wäerten net staark genuch si fir deng Ekipp. Du kanns schonn zefridde sinn, wann der een oder zwee de Sprong packen - an der Realitéit funktionéiert dat jo och esou!

Déi meeschte Veräiner investéiere vill Suen an hir Talent-Sich, mä anerer dogéint nëmme bëssen oder guer näischt, well se dofir léiwer Verstäerkungen um Transfermaart kafen. Wéi och ëmmer, wann s de dech décidéiers, op den Nowuess ze setzen, da sief doropper virbereet, datt et seng Zäit brauch, fir datt sech dës Investitioune mat uerdentleche Spiller rentéieren. Du wäers erausfannen, datt et zum Beispill wéineg Sënn mécht, aus enger aarmséileger Talent-Sich Spiller an de Profikader opzehuelen.

All Woch kanns de eng kleng (5 000 US$), eng duerchschnëttlech (10 000 US$) oder eng gréisser (20 000 US$) Zomm an deng Talent-Sich investéieren. Vill kleng Investitioune si méi effizient wei e puer grousser. An anere Wierder, et ass méi schlau fir laangfristeg ze plangen - wann s de awer séier Erfolleg mat denger Talent-Sich wëlls hunn, kënnen héich Zommen eng Méiglechkeet sinn, fir séier Resultater ze kréien. Wann s de wëlls no an no eng uerdentlech Struktur opbauen, ouni zevill ze investéieren, sou kanns de nëmme kleng Bäitreeg dran investéieren. Ginn d'Investitiounen awer net regelméisseg oprecht erhalen, kann d'Qualitéit vun der Talent-Sich ganz séier falen. Wann de Niveau bis gefall ass dann, dauert et nees eng laang Zäit, bis datt en sech erëm erkritt huet.

Du kanns nëmmen ee jonke Spiller pro Woch an däi Kader ophuelen. Wann s de d'Cotisatioun net änners, gëtt dono déi gläich Zomm an den Nowuess investéiert wei déi Woch virdrun.

Et kascht all Kéier 2 000 US$, fir e Jugendspiller opzehuelen.

Informatiounen iwwert d'Stäerkt vun der Jugendekipp fënns de am Menü "Mäi Veräin", an zwar ënner "Jugendekipp". Op dëser Plaz kenns de och d'Zomm astellen, déi an deng Talent-Sich investéiert gi soll, an d'Spiller an däi Kader ophuelen.

Futtballschoul

Wann s de eng Futtballschoul hues, këmmers de dech aktiv em deng Jugendekipp. Du stells Scouten an, definéiers den Training an entscheets iwwer d'Opstellung an d'Taktik. Deng Jugendekipp spillt dono an enger Jugendliga, déis du selwer sichs; du kanns zum Beispill an enger Liga mat denge Frënn oder Kollege spillen. Du kanns och géint Jugendekippen aus der ganzer Welt Frëndschaftsmatcher spillen.

Eng Futtballschoul grënnen

Du kanns deng Futtballschoul am Menü "Mäi Veräin" aktivéieren, ënner "Jugendekipp" -> "Iwwersiicht". Du kriss en Trainer an e Scout, déi zu der Ekipp gehéieren. All deng aner Investitiounen an d'Jugend musse fir d'éischt gestoppt ginn, éier s de kanns eng Futtballschoul opmaachen. Du kriss och direkt e puer Jugendspiller, déi et der erlaben direkt vun Ufank u Matcher ze spillen. Dës Borschte kommen awer all aus enger Schoul aus der Géigend a sinn net besonnesch talentéiert.

D'Jugendliga

Deng Jugendekipp kënnt an Jugendliga, déi s du selwer gewielt hues, oder du kanns deng eege Liga grënnen. An enger Jugendliga kënne 4, 6, 8, 12 oder 16 Ekippen sinn, an d'Liga ka privat (de Grënner vun der Liga invitéiert d'Leit an d'Liga) oder ëffentlech (jiddereen dierf an d'Liga kommen). De Grënner vun der Liga kann och wielen, wéini d'Matcher solle gespillt ginn. Wann eng Liga mat Ekippen gefëllt ass, fänkt se automatesch un.

D'Scouten

Wann s de deng Futtballschoul aktivéiers, kriss de direkt e Scout, deen zu der Ekipp gehéiert. Du kanns wielen, a wéi enger Regioun e soll no Talenter sichen, an du kanns him och soen, ob e soll no enger bestëmmter Zort Spiller sichen.  Wann s de him sees, datt e soll no enger Zort Spiller kucken (zum Beispill Banden), wäert en der de gréissten Deel vun der Zäit sou Spiller weisen, mä d'Spiller sinn dann allgemeng méi schlecht.

Du kanns och weider Scoute rekrutéieren, mä du kanns der net méi wéi dräi hunn (an net manner wéi een).  Eemol an der Woch mécht all Scout der eng Offer, wann s de e frees.

Wann s de méi wéi ee Scout hues, kanns de och eng zweet Offer (an eng drëtt Offer wann s de dräi Scouten hues) gemaach kréien, wann s de bei der éischte Kéier "Nee" gesot hues. Denk awer drun: wann s de déi éischt Offer refuséiers, kanns de dat ni méi änneren. Wann s de eng Kéier "Nee" gesot hues, ass et definitiv.

D'Spiller

Deng Futtballschoul kann gläichzäiteg maximal 18 Spiller ophuelen . Déi Spiller, déi an d'Jugendekipp kommen, sinn tëschent 15 a 16 Joer al. Déi meescht vun hire Fäegkeete mussen nach entdeckt ginn, sou datt s de all hir Fäegkeeten an hir Perséinlechkeet net direkt gesäis, am Géigendeel zu deem, wat s de vum Profiskader gewinnt bass. Fir ze wëssen, wat an denge Spiller stécht, muss de se op verschiddene Positiounen um Terrain asetzen. Sou fënns de eraus, wou se gutt spillen a wou net. Fir der ze hëllefen, hues de eng Bewäertung mat Stären, dem Scout seng Kommentaren an dem Trainer säi Rapport. Duerch den Training kënnen hir Fäegkeeten opgedeckt ginn, méi Informatiounen doriwwer kënnen ënner "Training" fonnt ginn. Zousätzlech Hiweiser kënnen am Rapport vum Match fonnt ginn.

Matcher

Eemol an der Woch spillt deng Jugendekipp e Championatsmatch an all drëtt Woch kanns de och e Frëndschaftsmatch spillen. Du méchs deng Opstellung virum Match a wiels d'Taktik fir de Match, genee wéi s de dat och scho fir d'Profisekipp méchs. Wa keng Opstellung gemaach gouf, oder se net komplett ass, siche sech d'Jonge selwer eng Opstellung. Se stelle fir d'éischt e Goalkeeper op. Dono siche se Verteideger (maximal fënnef), dono Mëttelfeld a Bande (maximal fënnef) an dann um Enn Stiermer (maximal dräi).

Training

Jugendspiller kënne sech op zwou Zorte vun Training konzentréieren, eng primär an eng sekundär Trainingsaart. De primären Training wierkt méi wéi de sekundären. Du kanns och zweemol déi selwecht Saach (zum Beispill Verteidegung) trainéiere loossen, also als primären an als sekundären Training, mä den Effet vum Training ass méi grouss, wann s de zwou verschidde Saachen trainéiere léiss.

D'Jugendspiller ginn trainéiert, wa se a Championatsmatcher spillen (vollen Effet) an a Frëndschaftsmatcher (méi klengen Effet), wat bedeit, datt se an enger Woch kënnen duebel trainéiert ginn (an eventuell souguer dräifach). Du muss deng Trainingsastellunge mindestens 10 Minutten éier de Match ufänkt maachen. Den Effet vum Training ass nom Match ze gesinn. Direkt nom Match mécht däin Trainer der e Rapport iwwer dat, wat an der Ekipp geschitt ass, mat enger ganzer Rëtsch vu gudden Indikatiounen iwwer de Spiller hir Fortschrëtter. Du hues och d'Méiglechkeet fir Fäegkeeten opzedecken:

Beim Training an der primärer Fäegkeet wäert den Trainer dir Informatioune ginn iwwer den aktuellen Niveau vun der Fäegkeet vun engem vun denge Spiller ginn, wann deen op d'mannst 44 Minutten op enger Trainingspositioun gespillt huet (also méi wéi nëmmen e klengen Trainingseffet matkritt). Dat zielt och fir de sekundären Training. An deem Fall wäert den Trainer der awer just déi maximal méiglech Fäegkeet vum Spiller an där Fäegkeet verroden, an net den aktuellen Niveau vun der Fäegkeet. De Trainer deelt dir da mat dat de Spiller net méi an der Fäegkeet trainéiert ka ginn, wann de Spiller säi Maximum schonn erreecht huet.

Du kriss allerdéngs keng Informatiounen iwwert de sekundären Training wann et deeselwechte wéi de primären Training ass. Wann den Trainer schonn eppes iwwer all d'Spiller op enger Trainingspositioun gesot huet, wäert en der natierlech kee Rapport maachen. Wann um Enn vum Match manner wéi aacht Spiller um Terrain stinn, gi keng Fäegkeeten opgedeckt

Zousätzlech dozou wäert däin Trainer der normalerweis bei engem vun dräi Spiller mat dem héchste Potential an enger Fäegkeet, déi net trainéiert gëtt, e Rapport maachen iwwer deem säi Potential, also de maximal méiglechen Niveau vun der Fäegkeet bei deem Spiller.

Promotioun an de Profiskader

Du kanns all Woch engem Jugendspiller e Kontrakt fir deng Profisekipp ubidden. E Spiller muss op d'mannst 17 Joer al an eng Saison (112 Deeg) an denger Futtballschoul Member gewiescht sinn, éier s de him kanns e Kontrakt ubidden. Wéi och soss ëmmer däerfs de ni méi wéi 50 Spiller an denger Profisekipp hunn. Wann e Spiller 19 Joer al gëtt, kann e keng Matcher méi fir deng Futtballschoul spillen. E verléisst de Kader net, mä du wäers hien nëmmen dann erëm um Terrain gesinn, wann s de him e Kontrakt an der Profisekipp gëss.

D'Käschten

Eng Futtballschoul ze grënnen, kascht dech déi eemoleg Zomm vun 5 000 US$, déi bei déi temporär Käschte vun dengem Veräin dobäigerechent gëtt. Eng Futtballschoul mat engem Scout kascht dech 10 000 US$ pro Woch, all weidere Scout kascht 5 000 US$. Du bezils zousätzlech och nach 5 000 US$ als Bonus un e Scout, deen s de frësch rekrutéiert hues. Déi wëchentlech Käschte fir d'Futtballschoul kommen am Rapport iwwer d'Finanzen an d'Rubrik "Jugend" stoen. D'Futtballschoul huet keen anert Personal, se verléisst sech op d'Eltere vun de Spiller, déi sech em den Transport, d'Plooschteren an déi verletzt Spiller asw. mussen - wat se maachen, ouni datt et dech eppes kascht. D'Futtballschoul huet awer och keng Recetten, déi eenzeg Spectateure si meeschtens d'Elteren an d'Frënn vun de Jugendspiller.

E Jugendspiller an deng Futtballschoul ze huelen, kascht dech 2 000 US$.

Doniewent gëtt et just nach eng Saach, wou zousätzlech Käschten op dech duerkommen, an zwar wann s de däi Scout an eng aner Regioun schécks, well s de dann eventuell säi Billjee fir de Fliger muss bezuelen.

D'Futtballschoul zoumaachen

Wann s de deng Futtballschoul wëlls opginn, da kanns de dat an der Paus tëschent de Jugendsaisone maachen oder wann deng Jugendekipp net Member vun enger Jugendliga ass. Du muss deng Jugendekipp awer op d'mannst sechs Woche behalen.Du kanns deng Futtballschoul och nes néi starten an deem s Du op der Iwwersichtsäit "Neistart Jugendekipp" auswiels. Dës Aktioun ass net méi réckgängeg ze maachen - all deng Spiller a Personal (Scout) gi rausgehäit, deng Ekipp bleift an der aktueller Liga an Du muss dir eng aner Liga fir deng nei Futtballschoul sichen. Dës Optioun ass nëmmen all 3 Saisons disponibel (48 Wochen).

D'Këscht "Jugendekipp nei starten" gëtt nëmmen ugewise wann d'Akademie op d'mannst déi lescht 3 Wochen inaktiv war (keng Scout-Uriff) oder wann s de deng Scouten dës Woch net ugeruff hues a manner wéi 9 berechtegt (ënner 19 Joer al) Spiller an denger Akademie hues.

De Ligasystem

Eng Hattrick-Saison dauert 16 Wochen: 14 Championatsronnen (8 Ekippen an all Liga, déi sech alleguerten zweemol gesinn), eng Woch fir Relegatiounsmatcher an eng Woch ouni Championatsaktivitéit.

Den Divisiounsopbau

D'Zuel vun den Niveaue ka vun engem Land zum aneren anescht sinn, mä d'Struktur ass am Fong ëmmer déi selwecht. Zum Beispill gesäit den italienesche Ligasystem esou aus:

1 Liga an der Divisioun I (Serie A)
4 Ligen an der Divisioun II (II.1, II.2, II.3, II.4)
16 Ligen an der Divisioun III (III.1, III.2, asw. bis III.16)
64 Ligen an der Divisioun IV (IV.1, IV.2, asw. bis IV.64)
256 Ligen an der Divisioun V (V.1, V.2, asw. bis V.256)
1024 Ligen an der Divisioun VI (VI.1, VI.2, asw. bis VI.1024)
1024 Ligen an der Divisioun VII (VII.1, VII.2, asw. bis VII.1024)
2048 Ligen an der Divisioun VIII (VIII.1, VIII.2, asw. bis VIII.2048)
2048 Ligen an der Divisioun IX (IX.1, IX.2, asw. bis IX.2048)
4096 Ligen an der Divisioun X (X.1, X.2, asw. bis X.4096)
4096 Ligen an der Divisioun XI (XI.1, XI.2, asw. bis XI.4096)

Et ass och wichteg ze wëssen, datt vun der Divisioun VI un, d'Unzuel vu Lige pro Divisioun all zwou Divisioune verduebelt gëtt.

Opstig, Ofstig a Relegatiounsmatcher

Wanns de deng Liga gewënns, kënns de entweder direkt an eng méi héich Divisioun oder du spills e Relegatiounsmatch ëm den Opstig. An den Divisiounen II bis VI steigen d'Champione mat de meeschte Punkten direkt op, déi aner Champione mussen an d'Relegatioun. A méi nidderegen Divisioune steigen all d'Championen direkt op. An Divisioune mat ongerueden Zuelen (VII, IX, asw.) steigt den Zweeten och direkt op.

D'Championen, déi an d'Relegatioun mussen, spille géint eng Ekipp, déi an der Divisioun uewendriwwer op der 5. oder der 6. Plaz stoung um Enn. Vun deene Championen mat engem Relegatiounsmatch kréien déi beschten et mat deene schlechtesten Ekippen vun der 6. Plaz ze dinn an déi schlechtesten treffen op déi beschten Ekippen vun der 5. Plaz. D'Ekipp aus der méi héijer Divisioun spillt doheem. Wann de Champion gewënnt, dann tauschen déi zwou Ekippen d'Plaz am Ligasystem. Wann d'Ekipp aus der méi héijer Divisioun gewënnt, bleift se an hirer Liga.

Wanns de op d'Plaz 7 oder 8 kënns, steigs de an d'Divisioun drënner of (ausser an der leschter Divisioun). Iwwer der 6. Divisioun, wäert den Ofsteiger mat der beschter Statistik (déi bescht Ekipp vun de 7 plazéierten) d'Liga mam Opsteiger mam beschte Wäert tauschen. Den Ofsteiger mat der schlechtester Statistik wiesselt dogéint d'Plaz mat dem schlechtesten Opsteiger. Wanns de an engem Land mat méi wéi 6 Divisioune spills, da wäert ënner der 6. Divisioun den Ofsteiger mam beschte Wäert d'Liga mam schlechtesten Opsteiger tauschen.

An den Divisiounen 7 a 9 wäerten Ekippen, déi op der 3. a 4. Plaz ofschléissen, Relegatiounsmatcher spillen, während an den Divisiounen 8 an 10 Ekippen, déi Zweet ginn, Relegatiounsmatcher spillen.

Liga-Wiessel an der Wiesselfënster

Wann däi Veräin an enger vun den dräi leschten Divisiounen an dengem Land spillt, ass et méiglech fir d'Liga ze wiesselen an der selwechter Divisioun. Fir dass dat klappt, muss eng Plaz an der Liga, wous de ra wëlls, fräi sinn. Dat gëtt der an der Tabell vun der Liga ugewisen während dem Wiesselfënster. Mä wanns de eng weider Ekipp ënner denger Féierung hues am Zuch vun der Supporter Memberschaft, dann däerfen deng Ekippen ni an der selwechter Divisioun spillen.

Opstig an Ofstig vun de Bot-Ekippen

Um Enn vun all Saison steigen d'Bot-Ekippen aus der Divisioun VI an den Divisiounen ënnendrënner an déi ënnescht Divisioun of. Et gëtt allerdéngs eng Ausnam: d'Bot-Ekippen, déi an enger Liga aus der Divisioun VI op der éischter Plaz landen steigen entweder direkt op oder spille ganz normal e Relegatiounsmatch. Bot-Ekippen aus der Divisioun V oder nach méi héich ginn, wat d'Op- an Ofsteige betrëfft, sou behandelt wéi mënschlech Ekippen.

Wann d'Bot-Ekippen ofsteigen, kréien zousätzlech Ekippen eng Plaz an der méi héijer Divisioun. Déi Veräiner si mat "Lucky Losers" markéiert a sinn entweder Ekippen, déi hire Relegatiounsmatch verluer hunn, oder a spezielle Fäll esouguer Ekippen, déi direkt ofgestige sinn. Du kanns dës Zorte vun Opstig an den Ekippen-Astellungen ausschalten.

Wa méi Bot-Ekippen an enger net-leschter Divisioun si wéi Manager an enger leschter Divisioun, da mécht d'System automatesch déi lescht Divisioun zou, vu lo u ginn d'Virbereedungen dozou gemeet.

Positioun am Land a Ranking

Deng definitiv Plaz baséiert op, an dat an dëser Reiefolleg, de Punkten, der Goal-Differenz an de Goaler, déi geschoss goufen. Dëst determinéiert de Ranking, dee benotzt gëtt, fir erauszefannen, wie géint wien an de Relegatiouns- a Coupematcher spillt. De Ranking baséiert op, an dat an dëser Reiefolleg, dem Niveau vun der Divisioun, der Plaz an der Liga, de Punkten, der Goal-Differenz an de Goaler, déi geschoss goufen. Fir de Ranking an d'Positioun am Land gëlt: wann all déi Saachen identisch sinn, gëtt eng Mënz gehäit.

Primen

Wanns de op der éischter, zweeter, drëtter oder véierter Plaz bass um Enn vun der Saison, kriss de eng Prime. Wéivill hänkt vun denger Positioun an der Tabell a vun der Divisioun, an därs de spills, of.


Niveau vun der Liga 1 2 3 4
Divisioun I 2 000 000 US$ 1 175 000 US$ 825 000 US$ 500 000 US$
Divisioun II 1 350 000 US$ 1 050 000 US$ 750 000 US$ 450 000 US$
Divisioun III 1 200 000 US$ 925 000 US$ 675 000 US$ 400 000 US$
Divisioun IV 900 000 US$ 700 000 US$ 500 000 US$ 300 000 US$
Divisioun V 600 000 US$ 475 000 US$ 325 000 US$ 200 000 US$
Divisioun VI 525 000 US$ 400 000 US$ 300 000 US$ 175 000 US$
Aner Divisiounen 450 000 US$ 350 000 US$ 250 000 US$ 150 000 US$

Fir de beschte Goalgetter aus enger Liga gëtt et eng Prime vun 10 000 US$. D'Sue ginn nom lescht Championatsmatch vun der Saison bezuelt. Wa sech zwee Spiller deen Titel deelen, kréien déi zwee aktuell Besëtzer vun deene Spiller d'Prime; wann awer zwee vun denge Spiller sech dësen Titel deelen, da kriss de d'Prime nëmmen eng Kéier.

Prime fir den Opstig

Steigs de an eng méi héich Divisioun op, kriss de ausser der Prime fir d'Plazéierung och eng Prime fir den Opstig. Duerch den Opstig vergréissert sech och däi Supporter-Veräin: du kriss 10% méi Supporteren (steigs de of, leeft et ähnlech, du verléiers dann 10% vun denge Supporteren). Wanns de "gratis" opsteigs, da kriss de nëmmen déi 10 % méi Supporteren. Déi gratis Opstigsplazen entstinn zum Beispill wann d'Bot-Ekippen ewechgeholl ginn, a ginn och temporär bei Hattrick international fräigeschalt.


Niveau vun der Liga Direkt opgestigen Opstig no Relegatiounsmatch
Divisioun I - -
Divisioun II 500 000 US$ 175 000 US$
Divisioun III 450 000 US$ 150 000 US$
Divisioun IV 400 000 US$ 125 000 US$
Divisioun V 300 000 US$ 100 000 US$
Divisioun VI 200 000 US$ 75 000 US$
Aner Divisiounen 175 000 US$ 50 000 US$

De Coupe System

An enger vun den Hattrick Coupe matzemaachen ass eng interessant Herausfuederung fir all Manager, well et eng gutt Saach ass fir denge Spiller Erfahrung ze wannen an och dengem Veräi Sue ran ze bréngen. Den Hattrick Coupe System ass gemeet gi fir jidderengem Veräi mat ënnerschiddlechsten Niveau e Sënn ze maachen. Et ass och gemeet fir all Veräin op mannst dräi Coupe Matcher pro Saison ze garantéieren.

All Ekipp, déi méi héich wéi déi 6. Divisioun spillt däerf an der Nationaler Coupe matmaachen. Gëtt se fréi an der Nationaler Coupe éliminéiert, spillt se an enger méi niddereg ugesinnener Coupe weider. Wann däi Land méi wéi sechs Divisiounen huet, da gëtt et eng Divisioune Coupe fir all Divisioun, déi méi niddereg ass wéi déi 6. Ekippen aus der Divisioun (7. Divisioun a méi niddereg) spillen an hirer respektiver Divisioune Coupe a Plaz vun der Nationaler Coupe.

Wann deng Ekipp aus der Divisioune Coupe éliminéiert ass, kritt se wéi bei der Nationaler Coupe eng Chance an enger méi niddereg ugesinnener Coupe weider ze spillen.

D'Auslousung vun der Coupe

D'Coupematcher ginn ëmmer an der Mëtt vun der Woch gespillt. Déi éischt Ronn an der Nationaler Coupe souwéi an der Divisioune Coupe ass puer Deeg virum éischte Match am Championnat. D'Challenger Coupë bestinn aus Ekippen, déi entweder aus der Nationaler oder der Divisioune Coupe éliminéiert goufen an aus dem Gronn fänken déi Coupen ëmmer eng Woch no der Nationaler an der Divisioune Coupe un. Et gi separat Challenger Coupë fir déi National Coupe an déi verschidden Divisioune Coupen. Däin éischte Géigner an der Coupe souwéi déi Coupe wou s de spills gëtt der eng Woch am viraus matgedeelt. An de weidere Ronne gëtt däi Géigner an d'Coupe wou s de spills ëmmer kuerz nom Enn vun all de Matcher aus der respektiver Coupe annoncéiert.

Plaze wou d'Coupe gespillt gëtt

Am Fong spillt déi stäerkst Ekipp, déi nach an der Competitioun vertrueden ass, auswäerts géint déi schwaachst, déi nach an der Competitioun vertrueden ass. De Coupe Ranking hei ënnendrënner gëtt fir dësen Zweck benotzt.

An de leschte sechs Ronne vun der Coupe spillt d'Heemrecht keng Roll méi, well all d'Matcher op neutralem Terrain gespillt ginn.

Auslousung vun der Coupe

Wéi gëtt däi Géigner an der Coupe bestëmmt?

Am éischten Tour vun der Coupe spillt déi héchst plazéiert Ekipp ëmmer auswäerts géint déi ënnescht Ekipp am Coupe-Klassement.

Ir déi éischt Ronn ufänkt, gëtt déi zweet Ronn scho bestëmmt. Bei dëser Auslousung gëtt ugeholl datt all déi méi héich klasséiert Ekippen hiren éischte Match gewannen an an déi zweet Ronn kommen.

Wann eng méi niddereg klasséiert Ekipp déi éischt Ronn gewënnt, ierft se dem Géigner seng Plaz fir déi zweet Ronn. Als Resultat kann d'Ekipp an dëser Ronn e méi schwaache Géigner zéien.
Dëse Virdeel bleift awer net bestoen. Ier déi zweet Ronn vun der Coupe ufänkt, gëtt déi drëtt Ronn ausgeloust. An dëser Auslousung wäerten all déi méi héich klasséiert Ekippen nees géint Ekippe mat méi nidderege Plazen am Coupe-Klassement gesat ginn.

De Virdeel vun dësem System ass, dass fir all Ronn an der Coupe, all verbliwwen Ekippe wëssen, wat geschitt wa se weider an déi nächst Ronn kommen. Et gëtt ëmmer en weidere Match, de Gewënner vun deem Match spillt géint de Gewënner vun dengem Match an der nächster Ronn.

Hei ass e Beispill wéi d'Auslousung vun der Coupe bei Hattrick funktionnéiert:

1. An der éischter Ronn hu mer folgend 16 Ekippen a Matcher:

Éischt Ronn

Ekipp Plaz 16-Ekipp Plaz 1
Ekipp Plaz 15-Ekipp Plaz 2
Ekipp Plaz 14-Ekipp Plaz 3
Ekipp Plaz 13-Ekipp Plaz 4
Ekipp Plaz 12-Ekipp Plaz 5
Ekipp Plaz 11-Ekipp Plaz 6
Ekipp Plaz 10-Ekipp Plaz 7
Ekipp Plaz 9-Ekipp Plaz 8

Déi erwaarte Matcher vun der 2ter Ronn, wéi virum Ufank vun der 1ter Ronn ugekënnegt, sinn dës:

Ekipp Plaz 8-Ekipp Plaz 1
Ekipp Plaz 7-Ekipp Plaz 2
Ekipp Plaz 6-Ekipp Plaz 3
Ekipp Plaz 5-Ekipp Plaz 4

Zwee Matcher schléissen awer mat enger iwwerraschender Victoire fir den Underdog of - d'Ekippe 16 a 14 hunn all Erwaardungen iwwertraff. Dofir gesäit déi zweet Ronn vun der Coupe tatsächlech esou aus:

Ekipp Plaz 8-Ekipp Plaz 16
Ekipp Plaz 7-Ekipp Plaz 2
Ekipp Plaz 6-Ekipp Plaz 14
Ekipp Plaz 5-Ekipp Plaz 4.

Beim Erstelle vun de Matcher fir d'3. Ronn, geet de System erëm dovun aus dass déi méi héich klasséiert Ekippen hir jeeweileg Matcher gewannen. Déi folgend Konstellatioun entsteet:

Ekipp Plaz 8-Ekipp Plaz 2
Ekipp Plaz 6-Ekipp Plaz 4

Wann d'Ekipp 16 erëm gewënnt, kritt se d'Plaz vun der Ekipp 8.
Wann d'Ekipp 14 erëm gewënnt, kritt se d'Plaz vun der Ekipp 6.

Coupe Ranking

De Ranking vun der Coupe gëtt benotzt fir d'Matcher ze generéieren. Et ass e statesche Ranking deen net méi ännert wann d'Coupe ugefaang huet. Den éischte Faktor fir de Ranking ass d'Divisioun an der aktueller Saison. D'Ekippe ginn dann an den Divisiouns Gruppe folgender Moosse plazéiert:

1. Aktiv Veräiner, déi ofsteige miissten
2. Aktiv Veräiner, déi weder op- nach ofgestige sinn
3. Veräiner, déi aus eegener Kraaft opgestige sinn
4. Veräiner, déi "gratis" opgestige sinn (fir eng Bot-Ekipp ze ersetzen, déi degradéiert gouf)
5. Bot-Ekippen, falls nach Plaze fräi wieren

Veräiner an enger vun dëse Gruppe ginn nom Klassement vun der leschter Saison sortéiert. Dës Setzlëscht bleift och fir déi komplett Coupe-Saison esou bestoen.

An eng zweet Coupe transferéiert ginn

Fir d'Challenger- an Trouscht-Coupen ass den Zäitpunkt vum Antrëtt an d'Coupe och e Setzfaktor. Ekippen, déi méi fréi ufänken, gi méi héich gesaat wéi déi, déi méi spéit bäikomm sinn. De Coupe-Ranking vun all Team ass nach ëmmer wichteg, well en d'Positioun vun allen Teams op der Setzlëscht bestëmmt, déi gläichzäiteg an d'Coupe rutschen.

E Beispill: Deng Ekipp kënnt an d'Ronn 5 oder 6 vun der nationaler Coupe, mee gëtt dann eliminéiert. Deng Ekipp kënnt dann an eng Challenger Coupe, wou se ëmmer méi niddereg gesat gëtt wéi d'Ekippen déi schonn an der Coupe sinn. Déi héchst klasséiert Ekipp aus der 1. Ronn vun der Challenger Coupe spillt géint déi niddregst klasséiert Ekipp déi nei an d'Coupe komm ass.

Déi verschidde Coupen an hir Formater

Déi wichtegste Coupe an all Land ass déi National Coupe. Dës ass op fir all Veräin an der 6. Divisioun oder besser, den e mënschleche Benotzer huet. Nëmmen déi bescht Ekippen wäerten d'Chance hunn déi National Coupe ze wannen, mä all Ekipp déi wäit an der Competitioun kënnt wäert belount ginn.

Mä wann deng Ekipp awer fréi aus der nationaler Coupe eraus flitt, kriss de eng zweet Chance. Wanns de an enger vun de sechs éischte Ronnen éliminéiert gëss, da wäers de an enger vun den dräi nationale Challenger Coupë weiderspillen. An enger Challenger Coupe matzespille wäert ëmmer nach attraktiv fir däi Veräi bleiwen, mä bréngt der vill manner wéi eng national Coupe. Wann et der geléngt, sollt d'Bleiwen an der Nationaler Coupe sech lounen.

Déi dräi Challenger Coupë gi Smaragd, Rubin a Saphir genannt. An der Smaragd Coupe kommen Ekippen ran, déi an der Ronn 1 oder 6 vun der nationaler Coupe éliminéiert goufen. Veräiner, déi an der Ronn 2 oder 5 eraus geflu sinn, spillen an der Rubin Coupe. Ekippen, déi an der Ronn 3 oder 4 éliminéiert goufen, spillen an der Saphir Coupe mat. Déi dräi Coupe lafe parallel zu enee an och zu der nationaler Coupe, an all Coupe wäert hiren eegene Gewënner kréien. Et ke sinn, datt d'Challenger Coupen aner Nimm hu jee no Land.

Ekippen, déi an der éischter Ronn vun der Smaragd Challenger Coupe oder an der éischter Ronn vun der Rubin Challenger Coupe éliminéiert gi kréien eng Plaz an der Trouscht Coupe. An dëser Coupe gëtt et kee Präisgeld oder aner Belounungen, mä de Gewënner kritt ëmmerhin eng Coupe.

A Länner mat méi wéi sechs Divisioune ginn Divisioune Coupë fir d'Divisiounen 7 an drënner organiséiert. D'Divisioune Coupë lafen nom selwechte Schema wéi d'Haaptcoupe mat den dräi Challenger Coupë Smaragd, Rubin a Saphir, an och mat der Trouscht Coupe. Den eenzegen Ënnerscheed ass d'Präisgeld, dat méi kleng ass.

D'Gréisst vun de Coupë gëtt mat der Unzuel vun den Ekippen, déi fir déi Coupe qualifizéiert sinn an e mënschleche Besëtzer hunn, bestëmmt. Déi klengst Gréisst, déi Plaz mécht fir all qualifizéiert mënschlech Ekipp, gëtt gewielt. Wann all déi mënschlech Ekippen dra sinn, gëtt den Tableau mat Bot-Ekippen opgefëllt.

1. D'Unzuel vu qualifizéierten Ekippen mat mënschleche Benotzer gëtt gezielt
2. Déi klengst Gréisst vu Coupe mat deenen Ekippen gëtt bestëmmt
3. Dës Coupe gëtt fir d'éischt mat mënschlechen Ekippen opgefëllt.
4. Da gi "regulär" Bot-Ekippen aus der Divisioun geholl.
5. Wann dat net duergeet, ginn och nach Bot-Ekippen nëmme fir d'Coupe gemeet.


Woch National Coupe Challenger Coupe
(Smaragd)
Challenger Coupe
(Rubin)
Challenger Coupe
(Saphir)
Trouscht Coupe
Ekippen Ekippen Ekippen Ekippen Ekippen
1 16384
2 8192 8192
3 4096 4096 4096 4096
4 2048 2048 2048 2048 4096
5 1024 1024 1024 2048 2048
6 512 512 1024 1024 1024
7 256 512 512 512 512
8 128 256 256 256 256
9 64 128 128 128 128
10 32 64 64 64 64
11 16 32 32 32 32
12 8 16 16 16 16
13 4 8 8 8 8
14 2 4 4 4 4
15 - 2 2 2 2
16 - - - - -
  • Ekippen, déi an der Ronn 1 oder 6 vun enger nationaler Coupe verléieren, wäerten an d'Smaragd Challenger Coupe rutschen.
  • Ekipppen, déi an der Ronn 2 oder 5 vun enger nationaler Coupe verléieren, wäerten an d'Rubin Challenger Coupe rutschen.
  • Ekippen, déi an der Ronn 3 oder 4 vun enger nationaler Coupe verléieren, wäerten an d'Saphire Challenger Coupe rutschen.
  • Ekippen, déi an der éischter Ronn vun enger Smaragd Challenger Coupe oder enger éischter Ronn vun enger Rubin Challenger Coupe verléieren, kommen an d'Trouscht Coupe.

Effekter op d'Ekipp

Ee vun de wichtegen Aspekter vun de Coupë sinn déi taktesch Optiounen, déi si bidden. An der Coupe bleiwe fir eng länger Zäit ginn der méi offiziell Matcher a sou och méi Méiglechkeete fir d'Selbstvertrauen an d'Ekippestëmmung virum nächste Match an der Liga ze erhéijen. Coupematcher ginn denge Spiller och méi Erfahrung, wat mat de méi verkafen Entréesbilljeeën eng méi laang Zäit an der Coupe nach méi attraktiv maachen. Mä net all d'Coupë beaflossen deng Ekipp selwecht vill.

Kaarten a Verletzungen hunn de kompletten Effekt an all de Coupen. Wanns de eng giel Kaart an engem Coupematch kriss, kéint däi Spiller fir de nächste Match am Championat gespaart sinn.

Ekippestëmmung, Selbstvertrauen a Supporterstëmmung: Just an der Nationaler souwéi an der Divisioune Coupe gëtt et en Effekt op déi Wäerter. Matcher an anere Coupë gi wéi Frëndschaftsmatcher gekuckt an hu keen Affloss op déi spéider Ekippestëmmung, Selbstvertrauen a Supporterstëmmung.

Erfahrung: Déi National Coupe an d'Divisioune Coupe ginn denge Spiller um Terrain duebel souvill Erfahrung wéi e Match am Championat. Matcher an der Challenger oder Trouscht Coupe ginn denge Spiller hallef souvill Erfahrung wéi an engem Match am Championat.

Akommes duerch d'Coupe

Déi verkaften Tickete sinn e wichtege Bénéfice vun enger erfollegräicher Coupe Campagne. Bleiws du méi laang an enger Coupe, kommen ëmmer méi Spectateuren an de Revenu gëtt méi héich. Déi national Coupe an d'Divisioune Coupe ginn als méi attraktiv vun denge Supporter ugesi wéi d'Challenger an d'Trouscht Coupe. Während e Match an der nationaler Coupe oder der Divisioune Coupe (zumindest an enger spéider Ronn) ongeféier souvill Spectateure wéi e Match am Championat brénge kenn, sinn déi aner Coupë vergläichbar mat engem Frëndschaftsmatch wat d'Spectateure betrëfft. Déi national Challenger Coupe wäert 3 mol souvill Spectateure brénge wéi en internationale Frëndschaftsmatch tëschen den zwou Ekippen. Déi national Trouscht Coupe wäert 2 mol souvill Spectateure brénge wéi en internationale Frëndschaftsmatch tëschen den zwou Ekippen. D'Divisioune Challenger Coupe wäert 2 mol souvill Spectateure brénge wéi en internationale Frëndschaftsmatch tëschen den zwou Ekippen. D'Divisiounen Trouscht Coupe wäert 50 % méi Spectateure brénge wéi en internationale Frëndschaftsmatch tëschen den zwou Ekippen.

D'Heemekipp kritt 67 % vun de Recetten duerch d'Entréesbilljeeën an d'Auswäertsekipp 33 %. An de leschte sechs Ronne kritt all Ekipp d'Halschent vun de Recetten. D'Supporter interesséiere sech net vill fir d'Matcher aus den éischte Ronnen, mä vu Ronn zu Ronn interesséieren se sech da méi a méi. Et stëmmt och, datt d'Supporter vun engem Veräin aus enger niddereger Divisioun léiwer Matcher géint Géigner aus enger méi héijer Divisioune gesi wëllen. Den emgedréinte Wee stëmmt dat awer net. Déi bescht Ekippen aus der Coupe kréien och Prime wéi am Tableau ënne beschriwwen. De beschte Buteur gëtt net belount an der Coupe.

National Coupe

Plaz National Coupe Challenger Coupe Trouscht Coupe
Gewënner 1 500 000 US$ 300 000 US$ -
Finalist 1 000 000 US$ 150 000 US$ -
Raus an der Halleffinale 750 000 US$ 100 000 US$ -
Raus an der Véirelsfinale 500 000 US$ 50 000 US$ -
Raus an der Aachtelsfinale 250 000 US$ 25 000 US$ -
Raus an der Ronn vun de leschten 32 200 000 US$ - -
Raus an der Ronn vun de leschten 64 180 000 US$ - -
Raus an der Ronn vun de leschten 128 160 000 US$ - -
Raus an der Ronn vun de leschten 256 140 000 US$ - -
Raus an der Ronn vun de leschten 512 120 000 US$ - -
Plaz Divisioune Coupe Challenger Coupe Trouscht Coupe
Gewënner 300 000 US$ 150 000 US$ -
Finalist 150 000 US$ 100 000 US$ -
Raus an der Halleffinale 100 000 US$ 50 000 US$ -
Raus an der Véirelsfinale 50 000 US$ 25 000 US$ -
Raus an der Aachtelsfinale 25 000 US$ - -

Frëndschaftsmatcher

Wanns de net an der Coupe spills, sinn Trainingsmatcher ëmmer eng Optioun, fir all denge Spiller Training op der richteger Positioun ze ginn. Oft gi se benotzt, fir d'Spiller aus der Reserve spillen an trainéieren ze loossen, mä et kann och eng gutt Manéier sinn, fir nei Formatiounen an Opstellungen ze testen an ze trainéieren. Oder firwat net däi beschte Kolleg fir e Match ëm d'Éier erausfuerderen?

E Frëndschaftsmatch kréien

Deen einfachste Wee, fir e Frëndschaftsmatch ze fannen, ass fir deng Ekipp op de Wulldësch op der Säit fir d'Fuerderungen ze stiechen. Wiel d'Zort vum Match an vum Géigner aus, wéi s de et gären häss, an dono gëtt um Wulldësch automatesch eng Ekipp fonnt, déi op deng passt, an e Frëndschaftsmatch arrangéiert (soubal eng Ekipp fonnt gëtt, déi Critèrë gesat huet, déi op deng Critèrë passen).

Soulaangs de aus der Coupe bass, an net schonn e Frëndschaftsmatch hues, kanns de jiddereen erausfuerderen, dee selwer nach kee Match huet. E puer Ekippen kanns de vläit awer net erausfuerderen, dat ass dann, well déi an hiren Astellungen uginn hunn, datt se et net wëllen, oder well se hir Manager-Lizenz nach net gemaach hunn.

All deng Fuerderungen (dozou gehéieren och déi vun aneren Ekippen) ginn op der "Fuerderungen"-Säit gewisen. Soubal e Frëndschaftsmatch arrangéiert gouf, gëtt de Match an dengem Spillplang ënner "Aktuell Matcher" annoncéiert an du kanns wéi gewinnt deng Ekipp opstellen.

Saisonpaus Frëndschaftsmatcher

Während de Woche 15 a 16 vun der Saison kenns de Frëndschaftsmatcher um Weekend spillen, wann se sech net mat engem Relegatiounsmatch iwwerschneiden.

Während der Zäit wäert d'Fuerdere vun engem Frëndschaftsmatch e bësschen anescht oflafen. Wanns de eng Fuerderung mëss, geet en Drop Down op an du kënns auswielen op et fir e Frëndschaftsmatch an der Mëtt vun der Woch oder um Weekend ass.

D'Fënster fir d'Fuerderunge vu Weekend Matcher, egal op international oder national, wäert tëschent Méindes 6:00 Auer a Freides 23:59 Auer sinn.

Zorte vu Frëndschaftsmatcher

Et ginn zwou Zorte vu Frëndschaftsmatcher: normal Frëndschaftsmatcher a Frëndschaftsmatcher am Coupe-Modus. Mat dem Coupe-Modus gëtt et eng Verlängerung (a vläicht och en Eelefmeterschéissen), wann et no den éischten 90 Minutten nach e Remis ass.

International Frëndschaftsmatcher

Du kanns wielen, obs de wëlls auswäerts spillen, oder awer du invitéiers eng Ekipp aus engem anere Land an däi Stadion. Wanns de auswäerts spillt, wäert de Match zu deem Ament lassgoen, wou d'Matcher an deem Stadion normalerweis ufänken. Spills de zum Beispill a Portugal, fänkt de Match mëttwochs zu där Zäit un wou normalerweis d'Frëndschaftsmatcher a Portugal gespillt ginn, also mëttwochs um 21:45 Auer MEZ.

Wou och ëmmer denger Ekipp hir Rees higeet, wäert se ëmmer dënschdes um 18:00 Auer MEZ fortfueren an donneschdes um 8:00 Auer MEZ heemkommen. International Frëndschaftsmatcher musse schonn dënschdes um 18:00 Auer MEZ arrangéiert sinn a virum Retour vun denger Ekipp donneschdes ka guer keen neie Frëndschaftsmatch arrangéiert ginn. Wann deng Ekipp keen internationale Frëndschaftsmatch gespillt hues, kann s de en internationale Frëndschaftsmatch scho vun 6:00 Auer MEZ un um Donneschdeg arrangéieren.

All Rees an d'Ausland kascht dech 6 000 US$, mä dofir komme bei internationale Frëndschaftsmatcher tendenziell méi Spectateuren.

Verschiddenes

D'Zuel vun de Spectateuren ass an engem Frëndschaftsmatch natierlech däitlech méi kleng wéi an engem Flichtmatch. Frëndschaftsmatcher am Coupe-Mods zéie méi Spectateuren u wéi normal Frëndschaftsmatcher a bei internationale Frëndschaftsmatcher kommen der nach méi kucken.

D'Selbstvertrauen an d'Ekippestëmmung ginn net beaflosst, an och net d'Supporter an hir Stëmmung. Nëmme well et Frëndschaftsmatch ass, heescht dat net, datt sech d'Spiller manner verletzen.

Matcher op neutralem Terrain

Wann e Frëndschaftsmatch sou soll gespillt ginn, datt keng vun den Ekippen en Heemvirdeel kritt, da kanns de en neutralen Terrain wielen. Gëtt awer an engem Stadion an denger eegener Regioun gespillt, kriss de ëmmer nach den Heemvirdeel (souguer wanns de als Auswäertsekipp do stees). De Stadionbesëtzer kritt keng Suen aus de Recettë vu sou Frëndschaftsmatcher ze gesinn.

All Match géint eng auslännesch Ekipp gëtt als internationale Frëndschaftsmatch betruecht, egal wou gespillt gëtt.

Hattrick Arena Concoursen

Hattrick Arena ass den alternative Compétitiounssystem fir Hattrick-Ekippen. Et gi vill Zorte vun Hattrick Arena Matcher. Du kanns an enger offizieller Leeder-Compétitioun dobäi sinn an de "Chef vum Schantjen" ginn, oder bei Tournoie matmaachen, déi vu Manageren organiséiert ginn.

Du kanns iwweregens ëmmer nach all Woch normal Frëndschaftsmatcher spillen, souguer wanns de an engem Tournoi spills.

Selwer kreéieren oder bei Tournoi matmaachen

Hattrick Arena huet ee flexibele System fir Tournoien ze kreéieren. Du kanns entweder bei engem vun Anere kreéierten Tournoie matmaachen, oder du kanns selwer een Tournoi fir dech an deng Frënn kreéieren, mat personaliséierte Reegele fir de Concours méi interessant ze maachen.

Als Schëpfer vun engem Tournoi kanns de iwwer all Aspekter vum Tournoi entscheeden. Numm, Format, Gréisst, Auerzäiten vun de Matcher, a speziell Reegele wéi z.B. nëmmen eng bestëmmte Kategorie vu Spiller (Spiller aus der eegener Jugend, Mindestalter oder maximalen Alter) oder eng Salaires Grenz oder Power Rating Grenz fir deelhuelend Ekippen.

En Tournoi ka mat Hattrick Credits erstallt ginn. Jiddereen deen e Gold, Platin oder Diamant Supporter ass, ka gratis Tournoien erstellen oder spillen.

Spilldeeg an der Arena

D'Hattrick Arena Matcher ginn op neutralem Terrain gespillt an d'Spectateur bezuelen näischt fir d'Entrée (de Fanclub vum Veräin kritt duerch Tournoismatcher och keen zousätzlechen Zoulaf).

All Hattrick Arena Matcher benotzen déi selwecht Match-Donnéeë wéi déi normal Matcher. Denge Spiller hir aktuell Form, Fäegkeeten, Erfahrung, Verletzungen, asw. um Dag vum Match gi benotzt. Et ginn zwou Ausnahmen: d'Ekippestëmmung (an d'Selbstvertrauen) sinn op e feste Wäert fixéiert an d'Kaarte fonctionnéieren anescht. Méi Detailer dozou fënns de ënnendrënner.

D'Matcher hunn och keen Effekt op deng Ekipp oder deng Spiller nom Match. D'Spiller kréie keen Training oder Erfarung vun dëse Matcher, an och beaflossen d'Matcher net d'Formatiounserfarung, den Teamgeescht, asw.

Divisioun Battles and Tropheen

D'Tournoismatcher hunn nom Match keen Effet op deng Ekipp oder deng Spiller. D'Spiller kréie keen Training a keng Erfahrung duerch dës Matcher, d'Matcher hunn och keen Effet op d'Routine mat de Formatiounen, op d'Ekippestëmmung an esou weider.

Hattrick Arena Effekter am Detail

Hei ass eng Lëscht vun all den Detailer, déi s de iwwer Arena Matcher kenne muss:

  • Ekippestëmmung: Ekippestëmmung ass fir Hattrick Arena Matcher op engem festgeluechten Niveau (relativ frou).
  • Selbstvertrauen: Selbstvertrauen ass fir Hattrick Arena Matcher op engem festgeluechten Niveau (wonnerbar).
  • Verletzungen: An den Hattrick Arena Matcher ginn et keng Verletzungen, allerdéngs kënne Spiller, déi am "normalen" Hattrick verletzt sinn, och bei Tournoien net matspillen.
  • Kaarten (eegen Tournoien): D'Tournoien hunn hiren eegene Kaartestatus, an e komplett anere System fir Giel a Rout Kaarte wéi am "normalen" Hattrick. Eng Kaart, déi een an engem Tournoi kritt huet, zielt nëmme fir déi Matcher, déi zu deem Tournoi gehéieren. Sollt e Spiller eng Rout Kaart am normalen Hattrick hunn, kann hien ouni Problemer an engem Tournoi matspillen.
  • Kaarten (Leederen): D'Kaarten ziele guer net an de Leederen.
  • Training: D'Spiller kréien duerch d'Tournoismatcher keen Training.
  • Erfahrung: D'Tournoismatcher ginn de Spiller keng Erfahrung.
  • Formatiounen: Deng aktuell Routine mat enger Formatioun am "normalen" Hattrick gëtt och fir d'Tournoismatcher benotzt. Allerdéngs kanns de mat Tournoismatcher net d'Routine mat enger Formatioun verbesseren.

Leederen

Däin Zil ass et, fir op déi héchste Plaz vun enger Leeder ze komme a "Kinnek vun den Terrainen" ze ginn, an dono soulaang wéi méiglech uewen ze bleiwen. Fir an der Leeder uewen unzekomme muss de Ekippen erausfuerderen, déi iwwer der an der Leeder stinn, fir deenen hir Plaz an der Leeder kënnen anzehuelen.

Regele fir Fuerderungen

Vun denger Positioun op der Leeder hänkt of, wéi eng Veräiner s de erausfuerdere kanns.

  • Positioun 2-5: Kann nëmmen de Veräin direkt virun him erausfuerderen.
  • Positioun 6-11: Ka Veräiner 1-2 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 5.
  • Positioun 12-18: Ka Veräiner 1-3 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 10.
  • Positioun 19-39: Ka Veräiner 1-5 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 16.
  • Positioun 40-63: Ka Veräiner 1-7 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 35.
  • Positioun 64-99: Ka Veräiner 1-10 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 57.
  • Positioun 100-129: Ka Veräiner 1-15 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 90.
  • Positioun 130-169: Ka Veräiner 1-25 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 115.
  • Positioun 170-199: Ka Veräiner 1-35 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 145.
  • Positioun 200-249: Ka Veräiner 1-50 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 165.
  • Positioun 250-599: Ka Veräiner 1-75 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 200.
  • Positioun 600-1099: Ka Veräiner 1-100 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 525.
  • Positioun 1100-2499: Ka Veräiner 1-250 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 1000.
  • Positioun 2500-5499: Ka Veräiner 1-500 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 2250.
  • Positioun 5500+: Ka Veräiner 1-1000 Plaze virun him erausfuerderen, mee net méi héisch wéi d'Positioun 5000.

Wien erausfuerdert bezilt fir de Match an d'Ekipp déi erausgefuerdert gëtt, akzeptéiert automatesch d'Erausfuerderung. De Match gëtt an de 24 Stonnen no der Erausfuerderung gespillt.

Wiessel vun der Positioun nom Match

Wanns de eng Ekipp erausfuerders a gewënns kriss de där Ekipp hir Plaz. D'Ekipp, déi erausgefuerdert ginn ass, verléiert eng Plaz (dat zielt och fir all d'Ekippen déi an der Leeder tëschent deenen zwou Ekippen stinn).

Beispill: D'Ekipp A ass op der 54. Positioun a fuerdert d'Ekipp B eraus, déi op der 47. Positioun ass. Wann d'Ekipp A gewënnt, kritt se der Ekipp B hir 47. Positioun. B gëtt dann op déi 48. Positioun gesat, d'Ekipp op der 48. Positioun gëtt op déi 49. Positioun gesat, d'Ekipp op der 49. Positioun gëtt op déi 50. Positioun gesat, a sou weider.

Wanns de eng Ekipp erausfuerders a verléiers, behale béid Ekippen hir Plaz.

Zäitlech Limitë fir Fuerderungen

Wanns de erausgefuerdert gi bass, kanns de an den 12 Stonne laang net vun aneren Ekippen erausgefuerdert ginn (ugefaange mat dem Ufank vum Match). Doduerch kriss de d'Méiglechkeet, fir selwer Ekippen erauszefuerderen an d'Leeder eropzeklammen.

Wanns de eng Ekipp erausgefuerdert hues, kanns de während 12 Stonne laang keng aner Ekipp méi erausfuerderen (ugefaange mat dem Ufank vum Match). Doduerch kréien aner Veräiner d'Méiglechkeet, fir dech erauszefuerderen. Domat kann och en Szenario évitéiert ginn, an deem d'Ekipp op der zweeter Positioun ëmmer direkt d'Ekipp op der éischter Positioun erausfuerdert an et domat der Ekipp op der drëtter Positioun onméiglech mécht, fir d'Ekipp op der éischter Plaz erauszefuerderen an hir Plaz anzehuelen.

Nationalekippen

Grad ewéi an der realer Welt, trieden och bei Hattrick Nationalekippen géinteneen un. Den Ënnerscheed ass awer datt bei Hattrick de Coach vun der Nationalekipp vun Dir gewielt gëtt! All Hattrick-Natioun huet eng Nationalekipp, an eng U21 Nationalekipp mat Spiller déi 21 Joer oder manner aal sinn. Dat bedäit datt all Nationalekipp zwee Kadertraineren huet, déi allen zwéin vun de User gewielt ginn. D'Format fir d'WM huet an der Saison 77 (17. Januar 2021) geännert.

Nationalekippen-Kompetitiounen

D'Nationalekippen trieden an dräi mateneen verbonnen Tournoien géinteneen un. An der Regionaler Coupe, der Interkontinentaler Coupe an an der aktueller Weltmeeschterschaft. De ganzen Kompetitiounszyklus ëmfasst zwee Saisonen. Et geet mat den kontinentale Coupen lass - fir Europa, Amerika, Afrika an Asien/Ozeanien - an et hällt mat der Weltmeeschterschaft op.

D'Nations Coupe ass méi ee gerénge Tournoi fir all d'Ekippen déi et net an d'Weltmeeschterschaft packen a gëtt parallel zur Weltmeeschterschaft gespillt.

D'Nationalekippen hunn hiren eegene Kaartestatus. De System ass getrennt vum giel- a roude Kaartesystem am normale Hat-Trick-Spillverlaf. Dofir zielen d'Kaarte vun den NT/U21 Spiller nëmme fir d'Spiller vum jeweilegen NT/U21 Concours. Och e Spiller, dee vum reguläre Hattrick-Spillverlaf suspendéiert ass, ass berechtegt fir d'NT/U21-Ekipp ze spillen (ausser wann hien do eng separat Suspensioun ofsëtzen muss). D'Kaarte ginn um Enn vun all Concours zréckgesat oder wann d'Ekipp éliminéiert gouf.

Kontinental Coupe

All Nationalekipp bei Hattrick huet eng garantéiert Plaz an der kontinentale Coupe geséchert. D'Kontinental Coupe gëtt a 6er Gruppen gespillt. D'Gruppen ginn op Basis vum Nationalekippen-Ranking bestëmmt (kuck weider ënnen).

D'Kontinental Coupen ginn am Heem-Auswäertsmodus gespillt, an dauert 10 Wochen un, an der leschter Woch ginn Véirels-, Hallef-, a Finall gespillt.

Déi beschten acht Natiounen vun engem Kontinent - baséierend op hirer Positioun, Punkten, Goldifferenz a geschosse Goler - spillen Véirelsfinall, Halleffinall a Finall géinteneen, all di aner Natioune kënne freides Frëndschaftsmatcher organiséieren. An de Véierelsfinalle spillen d'Top 4 Ekippen (baséierend op Positioun, Punkten, Goldifferenz, geschosse Goler, Zoufall wann alles anescht gläich ass) zoufälleg géint déi ënnescht 4 Ekippen, déi sech fir d'Véirelsfinalle qualifizéiert hunn. Zwou Equipen aus der selwechter Grupp treffen an de Véierelsfinallen net op eneen. De Gewënner gëtt Kontinentalmeeschter a kritt eng gëlle Coupe. Sëlwer a Bronze ginn un déi zweet- an drëtt-, respektiv véiertplazéiert verdeelt.

Weltmeeschterschaft

D'Weltmeeschterschaft fänkt an der 13ter Woch vun der éischter Saison un - a leeft bis de Schluss vun der zweeter Saison. D'WM ass opgedeelt a fënnef Ronnen, plus d'Halleffinallen an der Finall.

96 Natiounen huelen un der éischter Ronn deel, déi aus 16 Gruppen vu sechs Teams besteet. Och hei spillt jiddereen geint jiddereen - Modus mat Heem- an Auswärtsmatch. Déi beschte véier vun all Grupp kommen an di zweet Ronn, di aner sinn eraus.

Déi zweet Ronn besteet aus 16 Gruppen mat jee 4 Natiounen. Gespillt gëtt am jiddereen géint jiddereen Format mat Hin- a Réckmatch. Déi bescht Ekippen packen et an déi drett Ronn.

An der drëtter Ronn hu mer 8 Gruppen mat 4 Ekippen déi op neutralem Terrain een Match géint all Géigner spillen an déi beschte zwee kommen dann an d'Ronn 4.

Déi véiert an déi fënneft Ronn besteet aus véier respektiv zwee Gruppen zu jee 4 Natiounen. All Ekipp spillt eng Kéier op neutralem Buedem géinteneen. Di beschte zwee kommen an déi nächst Ronn.

D'Halleffinall an d'Finall ginn op neutralem Terrain gespillt. De Gewënner vun der Finall gëtt Weltmeeschter, a gëtt mat enger gëllener Coupe belount. Sëlwer a bronze Coupen ginn et fir déi zweet respektiv drëtt Plaz.

Virun all Ronn ginn d'Ekippestëmmung (TS) an d'Selbstvertrauen (SV) ganz oder deelweis op den Reset-Wert zerëckgesat. Wann z Bsp. déi aktuell Ekippestëmmung op 9 steet (an den Standartwert läit bei 4.75 TS) da géing bei engem 80%-Reset deng Ekippestëmmung ëm (9 - 5) * 0.8 = 3.2 verrëngert ginn. De Standardwert läit onverännert bei ongeféier 5.0 an an déi Richtung wäerte sech deng TS an SV och op natirlechem Wee histeieren.

Natioune Coupe

Natiounen, déi aus der Kontinentalmeeschterschaft ausscheeden huelen un der Natioune Coupe deel, déi paralell zur WM ausgedroë gëtt. Den Tournoi gëtt am Schweizer Format gespillt, d'nämlecht wei d'Supporter Woch Coupe.

D'Natioune Coupe ass eng Zort "Trouscht Tournoi" - awer nett nëmmen - d'Natioune Coupe ass grad fir kleng Natiounen interessant, vue datt hir Plazéierung an dësem Tournoi bei der Auslousung vun de zukünftege Kontinental Coupen mat abezu gëtt. Zum Schluss vun der Natioune Coupe spillen déi aacht beschte Natiounenen ee K.O. Tournoi ënnert sech, an de Gewënner kritt eng gëlle Coupe - d'Top 4 Ekippen (baséierend op Positioun, Punkten, Gol Differenz, Goler geschoss, Zoufall wann alles anescht gläich ass) spillen zoufälleg géint déi ënnescht 4 Ekippen déi sech an d'Véierelsfinall qualifizéiert hunn.

An der Natiouns Coupe kënne d'Spiller sech net verletzen, d'Kaarten gi awer gezielt, wéi bei all anerem Tournoie. D'Formatiouns-Erfahrung gëtt vun der kontinentaler Coupe, inklusiv der Méiglechkeet fir d'Formatiouns-Erfarung wéi virun der Weltmeeschterschaft zréck ze setzen, mat eriwwer geholl an duerno, no all eenzelnen Natiouns Coupe Match, wéi ëmmer aktualiséiert.

De Gewënner kritt den Nations Coupe-Pokal.

WM Qualifikatioun

96 Ekippen packen ët vun der kontinentaler Coupe an d'Weltmeeschterschaft.

All Kontinent huet fix WM-Plazen ze gutt. D'Startplazen bei der WM ginn an den Kontinentalmeeschterschaften ausgespillt. D'Plazen sinn folgendermoossen verdeelt : Europa 32, Asien/Ozeanien 21, Afrika 12 an Amerika 20 Ekippen


Kontinent Total Ekippen WM Startplazen
Europa 48 32 (4 Promotiounen / Grupp)
Asien-Ozeanien 42 21 (3 Promotiounen / Grupp)
Afrika 24 12 (3 Promotiounen / Grupp)
Amerika 30 20 (4 Promotiounen / Grupp)

Et gi nach zousätzlech Wildcard-Plazen fir Ekippen, déi sech net direkt fir d'WM qualifizéiere konnten. Fir déi verbliwwen 11 Plazen trieden déi 22 Natioune, baséiert op hir Positiounen, mat de meeschte Punkten an der beschter Goaldifferenz an geschosse Goaler aus der Kontinental Coupe geinteneen un fir eng Wildcard ze wannen.

Bei den Wildcard-Playoffs, tried déi Natioun mat der beschter Bewertung (och fréier WM Resultater ginn matgerechent) géint déi Natioun mat der schlechtester Bewertung un, déi zweetbescht geint déi zweetlescht,,etc. De Playoff gëtt mat engem Hin- a Réckspill ausgedroën, bei deem d'Ekippe-Stëmmung an Selbstvertrauen komplett zréckgesat ginn. Bei engem Gläichspill géing et beim zweete Match zu enger Verlängerung an Eelefmeterschéisse kommen. De Gewënner vum Playoff kritt eng Wildcardplaz fir d'WM.

Nationale Team Ranking

All Nationalekipp kritt eng eegen Bewertung, déi bei der Auslousung vun der Kontinental Coupe berücksichtegt gëtt. Dobäi ginn déi leschte fënnef Saisons gezielt, bei der rezent Resultater méi heich bewert ginn wéi eeler Resultater.

Dräi Faktoren ginn bei der Bewertung vun der Nationalekipp konsideréiert: D'Resultat vum Match (R), d'Wichtegkeet vum Match (W) an d'Stäerkt vum Géigner (S). D.h. de Ranking gëtt duerch d'multiplizéieren vun dëse Faktoren errechent: P= R x W x S.


Match Resultat (M) Punkten Match Wichtegkeet (I) Punkten
Victoire 3 Weltmeeschterschaft Hallef/Finall 4
Gläichspill 1 WM aner Ronnen 2.5
Nidderlag 0 Kontinental Finall 3
Victoire Eelefmeterschéissen 2 Kontinental aner Matcher 2
Néierlag Eelefmeterschéissen 1 Nations Coupe 1
Frëndschaftsmatcher 0

Fir d'Variabel S, gëtt de Ranking vum géignerësche Team vun der Nummer 250 ofgezunn.

Den endgültege Ranking ass den Duerchschnëtt vun de Punkten (P) vun de leschte 5 Saisonen déi mat 100%, 70%, 50%, 30%, 20% verrechent ginn. 100% ginn fir déi aktuell Saison an 20% fir déi véiert lescht Saison gezielt. De Ranking gëtt no all Match nes néi berechent.

Kontinental Coupe Auslousung

D'Auslousung vun de Kontinental Championnater baséiert sech op de Ranking vun de Nationalekippen. Déi éischt Positioun an de Gruppe gëtt ëmmer vun engem vun den Top-Teams beluecht, woubäi an all Grupp nëmmen ee vun de beschten Ekippe vertrueden ass. Duerno ginn ët fënnef Lousdëppen (déi den iwweregbliwwene Plazen an all Grupp entsprécht) aus deenen déi iwwreg Ekippe je no Plazéierung am Ranking verdeelt ginn. Als Beispill: Am Kontinental Championnat Amerika ginn et je 5 Gruppe mat 6 Ekippen. D'Gruppeleader gi mat de beschten Ekippen, baséierent op hirem Ranking, opgefëllt. Déi zweet Plaze vun de Gruppe gi vun Ekippen op de Rankings 6-10 besat, déi drëtt Plaze vun den Ekippen op de Rankings 11-15 etc. D'Auslousung vun de Gruppe gëtt live ausgefouert, bis datt all Gruppepositioune vergi sinn.

Weltmeeschterschaft Auslousung

D'Performance vun enger Natioun bei de Kontinentalmeeschterschaften ass d'Basis fir d'Andeelung vun de Lousdëppen bei der Auslousung vun der WM. Et ginn 16 Gruppen an der éischter Ronn vun der WM an dat éischt Team vun all Grupp gëtt automatesch ausgewielt. Déi europäesch Ekipp mat héchste Ranking aus der Kontinentalmeeschterschaft (EU#1 an der Tabell ënnendrënner) wäert ëmmer déi éischt Ekipp an der Grupp 1 sinn, an d'Ekipp op der Plaz 8 am Ranking aus Amerika wäert ëmmer déi éischt Ekipp an der Grupp 16 sinn.

Nodeems fir all Grupp dat eischt Team festgesat gouf, ginn déi aner Natiounen an enger Live-Auslousung verdeelt. D'Plazéierung an de Kontinentalmeeschterschaften bleiwen wéiderhinn ee Kritère, awer amplaz direkt enger Grupp zougedeelt ze ginn, ginn se een anert Lousdëppen gesat.An der Tabell ënnen ass ze erkennen, datt der Spalt "Team 2" véier Natiounen an d'Lousdëppen kommen. Dat sinn d'Ekippen op der Plaz 8, 7, 6 a 5 aus Afrika. Aus dësem Lous-Pott gi si als zweet Team an d'Gruppen 1,2,3 a 4 geloust. Duerno ginn véier nei Natioune nom gläiche Prinzip an de Louseemer gehéit an de Gruppen 5,6,7 an 8 zougedeelt, bis all 16 Gruppen mat 6 Natioune beluecht sinn.

Dëse System soll verhënneren, datt nett all déi Bescht aus engem Kontinent an eng Grupp gesat ginn. Mir wollten awer eng gewësse Zoufallsfunktioun bei der Auslousung beibehalen fir ze verhënneren datt schonn am Kontinental-Championnat mutwëlleg Matcher verluer ginn, fir engem eventuell stärkeren Gruppegéigner bei der WM aus de Féiss ze goën. Ausserdem bleift doduerch och eng gewëss Spannung bei der Auslousung weiderhin bestoên.


Grupp Ekipp 1 Ekipp 2 Ekipp 3 Ekipp 4 Ekipp 5 Ekipp 6
1 EU#1 AFR#8
POTT#1
AME#9
POTT#5
ASO#16
POTT#9
EU#17
POTT#13
W#11
POTT#17
2 EU#2 AFR#7
POTT#1
AME#10
POTT#5
ASO#15
POTT#9
EU#18
POTT#13
W#10
POTT#17
3 EU#3 AFR#6
POTT#1
AME#11
POTT#5
ASO#14
POTT#9
EU#19
POTT#13
W#9
POTT#17
4 EU#4 AFR#5
POTT#1
AME#12
POTT#5
ASO#13
POTT#9
EU#20
POTT#13
W#8
POTT#17
5 EU#5 AFR#4
POTT#2
AME#13
POTT#6
ASO#12
POTT#10
EU#21
POTT#14
W#7
POTT#18
6 EU#6 AFR#3
POTT#2
AME#14
POTT#6
ASO#11
POTT#10
EU#22
POTT#14
W#6
POTT#18
7 EU#7 AFR#2
POTT#2
AME#15
POTT#6
ASO#10
POTT#10
EU#23
POTT#14
W#5
POTT#18
8 EU#8 AFR#1
POTT#2
AME#16
POTT#6
ASO#9
POTT#10
EU#24
POTT#14
W#4
POTT#18
9 AME#1 ASO#8
POTT#3
AME#17
POTT#7
EU#16
POTT#11
EU#25
POTT#15
W#3
POTT#19
10 AME#2 ASO#7
POTT#3
AME#18
POTT#7
EU#15
POTT#11
EU#26
POTT#15
W#2
POTT#19
11 AME#3 ASO#6
POTT#3
AME#19
POTT#7
EU#14
POTT#11
EU#27
POTT#15
W#1
POTT#19
12 AME#4 ASO#5
POTT#3
AME#20
POTT#7
EU#13
POTT#11
EU#28
POTT#15
ASO#21
POTT#19
13 AME#5 ASO#4
POTT#4
AFR#9
POTT#8
EU#12
POTT#12
EU#29
POTT#16
ASO#20
POTT#20
14 AME#6 ASO#3
POTT#4
AFR#10
POTT#8
EU#11
POTT#12
EU#30
POTT#16
ASO#19
POTT#20
15 AME#7 ASO#2
POTT#4
AFR#11
POTT#8
EU#10
POTT#12
EU#31
POTT#16
ASO#18
POTT#20
16 AME#8 ASO#1
POTT#4
AFR#12
POTT#8
EU#9
POTT#12
EU#32
POTT#16
ASO#17
POTT#20

EU: Europa
AME: Amerika
AFR: Afrika
ASO: Asien / Ozeanien
Wp: Wildcard Plaz

Walen

Um Ufank vun all Saison ginn Walen ofgehale, direkt zwee Deeg no enger WM-Finall. All zweet Saison gi souwuel een Nationaltraier wéi och een U21-Coach gewielt. Jiddfer Coach gëtt fir eng Dauer vun zwee Saisonen gewielt, säin Engagement hällt bis eng Woch no der WM-Finall un. Vergiess nett, datt s Du op mannst eng Saison aktiv bei Hattrick gewees si muss, éier's Du deng Stëmm bei den nationalen Walen ofginn kann.

Stëmmkraaft

Du kanns nëmmen eng Kéier oftstëmmen bäi enger Wal. Deng Ofstëmmung kéint awer an der Gesamtwäertung, ee gréissert Gewiicht droën. Dëse System vu Ofstëmmungsmuecht belount Engagement mam Spill, mee den Haaptgrond ass, fir eng Manipulatioun vun de Walen ze verhënneren.

Wanns du ee lokale Benotzer bass, kanns du no denger éischter Saison am Spill mat ofstëmmen. Duerno kannst du fir zweete Kéier no denger 5. Saison, fir drëtte Kéier no der 10. Saison an eng véierte Kéier no denger 15. Saison am Spill mat ofstëmmen. Lokal Veräiner kréien sou am Ganzen 4 Oftëmmungen.

Wanns de eng zweet Ekipp an enger anerer Liga hues (ausser Hattrick International), kriss du deng éischt Ofstëmmung no denger 2. Saison an eng zweet an lescht Anciennitéits Ofstëmmung no denger 10. Saison.

All d'Benotzer kréien ausserdeem bis zu zwee Engagement Ofstëmmungen, wat dovunner Ofhängeg ass, wéi aktiv hiren Ekippen-Management gewiescht ass. Mir erklären net wéi dat Ganzt funktionéiert, fir Manipulatioun méi schwéier ze maachen, mee se sinn sou entwéckelt ginn, dass eng Ekipp, déi normal gemanaged gëtt, et ganz einfach erreeche kann, mee ganz schwéier ze erreechen ass, wann een eng Rëtsch gefälschten Ekippen huet. Wichteg ass, dass een als Benotzer d'Gewiicht vu senger eegener Ofstëmmung net gesäit, mir wäerten nëmmen d'Prinzipien hannert dem System erklären.

De Nationalkader

De Nationaltrainer wielt bis zu 26 Spiller (aus Teams mat reellen Manager) aus, selbstverständlech nëmmen Spiller mat der richteger Nationalitéit.U21 - Spiller mussen op mannst 19 Joer aal sinn, a Spiller fir de Kader mussen op mannst 22 Joer aal sinn. Eemol nomminéiert, huet den Trainer Zougang op déi nämlecht Informatiounen op de Spiller wéi's Du.

All Nationalekipp huet seng eege Formatiounserfahrung an um Ufank vun all Continental Championnat a Weltmeeschterschaft/Nations Cup hunn d'Nationaltrainer ongeféier eng Woch Zäit fir ze entscheeden wéi eng 6 Formatiounen eng formidabel Erfahrung hunn, während de Rescht mat aarmséileg unfänkt. D'Auswielzäit fänkt mat den ofgeschlossene Walen un an ass disponibel bis d'Zerëcksetzen vum Selbstvertrauen an vun der Ekippestëmmung virum éischte Match fir kontinental Coupe, an an der Woch 12 bis d'Zerécksetzen vun der Ekippestëmmung an Selbstvertrauen an der Woch 13.
Denk drun dass den deeglechen Update vun den NT/U21 Ekippen all Dag um 03:00 Auer leeft.

Een Nationalspiller besëtzen

Wann ee vun denge Spiller am Kader ass, geet d'Méiglechkeet datt hien fir dech spillt nett verluer. D'Terminer vun de Matcher vun de Nationalekippen an de Matcher vun dengem Veräin iwwerschneide sech nett. Den Asatz fir d'Nationalekipp brëngt dengem Spiller och kee wéidere Training an, et besteet awer de Risiko, datt ee Spiller sech bei engem Lännerspill kéint verletzen.

Wann ee Spiller een Asatz fir ee Lännerspill huet, da kritt de Veräin folgend Entschiedegungen:

- Salaire-Reduktioun tëscht 33 an 40 % je nodeem ob de Spiller fir en auslännesche oder nationale Kader agesat gëtt.

- De Spiller kritt ganz vill Erfahrung. Den Erfahrungswert variéiert nom Match-Typ an ofsteigender Réiefolleg: WM Hallef-Finall a Finall, WM-Matcher, Kontinental Véirels-, Hallef- a Finallen; Kontinental Matcher, Nations Cup an d'national Frëndschaftsmatcher.

- Wann ee Spiller bei engem Kader-Asatz, sech sollt verletzen a vum Terrain erof muss, kritt de Veräin eng Entschiedegung vun 100 % vu sengem Basis-Salaire fir d'Dauer vu senger Verletzung. Dëst ass een Zousatz zur regulärer Gehaltsreduktioun.

Bei Frëndschaftsmatcher vun der Nationalequipp ginn et keng Verletzungen.

W.e.g. huel an Uecht datt et nett erwënscht ass, fir Nationalekippen ze sabotéieren an deems potentiell Nationalspiller manipuléiert ginn. D'NTA's (National Team Administrators) kënnen als leschten Instanz ee Spiller fir de Transfertmaart fräischalten fir ze évitéieren datt de Spiller Affer vun enger Sabotage-Aktioun gëtt.


Wanns de Kandidat fir d'Plaz als Nationaltrainer wëlls ginn oder einfach méi Informatioune kréie wëlls, da recommandéiere mer der d'Lecture vun de Regele fir d'Nationalekippen.

WM Spillplang - Saison 1

Wo Méi Dën Mët Don Fre Sam Son
1 Walen Walen Walen Walen Walen Walen Walen Walen Walen Walen/Live Auslousung
/Frëndschaftsmatcher
Walen Walen Walen Walen
2 Walen
Resultater
- - - Frëndschaftsmatcher - -
3 - - E.St./E.C. Zrécksetzen 100% Zereckstellung - K.C. Match 1 - -
4 K.C. Match 2 - - - K.C. Match 3 - -
5 K.C. Match 4 - - - K.C. Match 5 - -
6 - - - - K.C. Match 6 - -
7 - - - - K.C. Match 7 - -
8 - - - - K.C. Match 8 - -
9 - - - - K.C. Match 9 - -
10 - - - - K.C. Match 10 - -
11 - - - - K.C. Véirelsfinallen - E.St./E.C. Zrécksetzen 100% Zereckstellung
(Nëmme Wildcards)
12 K.C. HalleffinallenW Match 1 - - - K.C. FinallW Match 2 - Live Auslousung
13 - - E.St./E.C. Zrécksetzen 100% Zereckstellung - WM R1 Match 1 - -
14 WM R1 Match 2 - - - WM R1 Match 3 - -
15 - - - - WM R1 Match 4 - -
16 - - - - WM R1 Match 5 - -

WM Spillplang - Saison 2

Wo Méi Dën Mët Don Fre Sam Son
1 - - - - WM R1 Match 6 - -
2 - - - - WM R1 Match 7 - -
3 - - - - WM R1 Match 8 - -
4 - - - - WM R1 Match 9 - -
5 - - - - WM R1 Match 10 - -
6 - - E.St./E.C. Zrécksetzen 80% Zereckstellung - WM R2 Match 1 - -
7 WM R2 Match 2 - - - WM R2 Match 3 - -
8 WM R2 Match 4 - - - WM R2 Match 5 - -
9 - - - - WM R2 Match 6 - -
10 - - E.St./E.C. Zrécksetzen60% Zereckstellung - WM R3 Match 1 - -
11 WM R3 Match 2 - - - WM R3 Match 3 - -
12 - - E.St./E.C. Zrécksetzen 40% Zereckstellung - WM R4 Match 1 - -
13 WM R4 Match 2 - - WM R4 Match 3 - -
14 - - - - WM R5 Match 1 - -
15 WM R5 Match 2 - - - WM R5 Match 3 - -
16 WM Halleffinallen - - WM Finall - -

R.C.: Regionaalt Championnat
WM.: Weltmeeschterschaft
W.: Wildcard
T.S.: Team Stëmmung
T.V.: Team Vertrauen

Hattrick Masters

Den Hattrick Masters ass den internationalen Tournoi fir all d'Vainqueure vun enger Coupe an d'Championen. En dauert véier Wochen, a fänkt nom 4. Spilldag vun enger Saison un. D'Matcher gi méindes um 16:00 Auer an donneschdes um 20:00 Auer gespillt.

Spillplang

E Maximum vun 256 Ekippen kann am Hattrick Masters matmaachen an e gëtt als Coupe mat aacht Ronne gespillt. D'Auslousung fir all Ronn ass komplett zoufälleg an d'Matcher ginn op neutralem Terrain gespillt.

Wann et net genuch Ekippen gëtt, fir déi éischt Ronn komplett ze spillen, da kréien e puer glécklech Ekippen (déi per Zoufall ausgewielt ginn) e Fräilous fir déi éischt Ronn a spillen eréischt an der zweeter Ronn mat. Verléiert eng Ekipp, déi d'Coupe oder de Championat gewonnen huet, hire Besëtzer (oder kritt en neie Besëtzer), da mécht se net am Masters mat. Wann eng Ekipp an enger Saison Championat a Coupe gewënnt, wäert et déi eenzeg Ekipp sinn, déi am nächste Masters fir dat Land dobäi ass.

Besonnesch Regele fir den Tournoi

Am Hattrick Masters ginn et e puer speziell Regelen:

Kaarten a Verletzungen: Kaarte spille keng Roll (ausser natierlech datt eng Rout Kaart am Match selwer wichteg ass), mä Verletzunge gi ganz normal gezielt.

Haltung vun der Ekipp: "Match vun der Saison" (MvdS, Mots) oder "Relax spillen" (Rs, Pic) ze benotze wäert d'Ekippestëmmung net souvill senken/hiewe wéi en normale Match. Den Effet am Match ass awer de selwechte wéi an engem normale Match.

Training: Matcher am Masters zielen net fir den Training vun engem Spiller.

Revenu am Masters

D'Heemekipp an d'Auswäertsekipp deele sech de Revenu, sou datt jidderee 50% kritt. Déi bescht Ekippen kréien och eng Prime wéi ënne beschriwwen.

De Gewënner vum Masters kritt eng Prime vun 800 000 US$, den anere Finalist kritt 400 000 US$ an déi zwee Verléierer aus den Halleffinalen 200 000 US$. D'Verléierer aus de Véirelsfinalë kréien alleguerten 100 000 US$, d'Verléierer aus den Aachtelsfinalë jeeweils 50 000 US$.

Zousätzleche Veräin

Mat Supporter Platin an Diamant hues de d'Méiglechkeet fir en zousätzleche Veräin ze managen. Du këmmers dech ëm dee Veräi genee sou wéi ëm däin éischte Veräin. Dat heescht, datt dësen zousätzleche Veräi säin eegene Kader, säin eegene Stadion, seng eege Jugend an esou weider huet.

En zousätzleche Veräi grënnen

Du kanns zu all Ament en zousätzleche Veräi grënnen. Däin zousätzleche Veräi kann am selwechte Land wéi däin éischte Veräi spillen oder an engem anere Land, soulaang wéi et do fräi Plaze gëtt.

En zousätzleche Veräin kritt um Ufank e klenge Budget (sou wéi all neie Veräin), allerdéngs muss de Besetzer net erëm eng Kéier d'Manager-Lizenz maachen.

Generell Regelen

Du kanns bis zu zwee zousätzlech Veräiner hunn.

Du kanns keng Transferten tëschen denge Veräiner duerchféieren a kee vun de Veräiner kann e Spiller kafen, fir den däin anere Veräin Suen als Heemechtsveräin oder fréiere Veräin kréie géif.

Zousätzleche Veräin am selwechte Land

Däin éischten an däin zousätzleche Veräin kënnen weder an der selwechter Liga spillen, nach an engem Relegatiounsmatch géinteneen untrieden. Se kënnen och net an der Coupe géintenaner spillen (ausser an der Finale). Déi zwee Veräiner kënnen an der selwechter Divisioun spillen, awer nëmmen a verschiddene Ligaen.

An der onwahrscheinlecher, awer net onméiglecher Situatioun, wou dräi Ekippen vum selwechte Benotzer an d'Halleffinal sollte kommen, wäert natierlech eng vun den Ekippen géint eng "Schwëster-Ekipp" untriede mussen.

Wa schonn ee Veräin an der ieweschter Liga spillt, an een aanere géif an déi Liga opsteigen, kritt dee Veräin, dee géif opsteigen, den Opstig net autoriséiert. Déi Plaz geet dann un een ofsteigende Veräin am Ranking, deen an der vireschter Saison déi besser Ligapositioun hat.

Wa béid Veräiner an der selwechter Saison an d'iewescht Divisioun opsteigen, kritt nëmmen den éischte Veräin den Opstig erlaabt.

Zousätzleche Veräin an engem anere Land

D'Zuel vun de Plazen déi an engem Land fir auslännesch Manager disponibel sinn hänkt dovun of, wéivill Plazen onbenotzt sinn, an dat hänkt dovun of, wéi grouss d'Land ass a wéivill Benotzer schonn do spillen.

E Minimum vu 50% vun de Veräiner vun engem Land si fir déi lokal Benotzer reservéiert. An engem Land mat 168 Veräiner sinn der also 84 fir lokal Benotzer reservéiert (an déi aner 84 Plaze kënne vun all Manager besat ginn, lokal oder aus dem Ausland). Allerdéngs ginn all d'Plaze fir lokal Benotzer reservéiert, wann e Land zu 90% voll ass.

Liga wiessele während der Saisonspaus

Genee wéi fir Primärveräiner, ass et fir zousätzleche Veräiner méiglech, tëscht Saisonen, d'Serie (wou dat méiglech ass) ze wiesselen. Et ass allerdéngs net méiglech, an déi Liga ze wiesselen, wou däin anere Veräi spillt.

Fändelen

All Veräi sammelt seng Fändelen. Zousätzlech Veräiner hunn hir eege Sammlungen.

Wanns de géint en zousätzleche Veräi spills, kriss de e Fändel, genee sou wéi wanns de géint all anere Veräin spills, an de zousätzleche Veräi kritt e Fändel fir seng Sammlung.

Leeschtungen

De Manager ass responsabel fir d'Leeschtungen. D'Leeschtunge ginn also pro Manager gespäichert (an net fir all Veräin eenzel).

Wielen

Du kanns net bei de Wale fir d'Nationalekippen vum Land (ausser bei Hattrick International) vun dengem zousätzleche Veräi matmaachen. Du kriss eréischt no zwee Saisons deng éischte Stëmm an no 10 Saisons deng final Stëmmen.

Faillite

Wann däin éischte Veräi Faillite geet, verléiers de och den Accès op däin zousätzleche Veräin.

Wann däin zousätzleche Veräi Faillite geet, kanns de 16 Wochen nodeems de de Veräi gegrënnt hues, dee grad Faillite gaangen ass, en neie Veräi grënnen (du kanns also direkt mat engem neien zousätzleche Veräin ufänken, wann dem Veräi méi wéi 16 Wochen al ass).

Den zousätzleche Veräin zoumaachen

Du kanns däin zousätzleche Veräin zu all Ament zoumaachen. Wanns de dat allerdéngs méchs, muss de waarde bis op d'mannst 16 Woche vergaange sinn, zënter datt s de däi leschten zousätzleche Veräin opgemaach hues éiers de en neien grënne kanns. Allerdengs kannste däi Veräin net zoumaachen soulaang wéi Spiller op der Transfertlëscht sinn.

Platin / Diamant Supporter ass eriwwer

Wann deng Zäit als Platin oder Diamant Supporter oder deng extra Club Lizenz eriwwer ass, bass de nach fir eng Woch Manager vun dengem zousätzleche Veräin, mä du kanns en net méi managen. No 7 Woche gëtt däin zousätzleche Veräin deconnectéiert. Du kriss nees Accès op de Veräin, wanns de an dene 7 Wochen Platin, Diamant oder eng extra Club Lizenz keefs. Méchs de dat net, verléiert de Veräin de Besëtzer an du kriss ni méi Accès drop.

 
Server 071