Spiller: Aner Attributer

Alter

All Spiller huet e Gebuertsdag a gëtt all Hattrick-Saison ëm ee Joer méi al. Spiller an der Seniorsekipp sinn op mannst 17 Joer al; Spiller an der Jugendekipp kënne méi jonk sinn.

Eng Hattrick-Saison, an domat och e Spillerjoer, huet 112 Deeg. Den Alter vun engem Spiller gëtt a Joer an Deeg ugewisen. Et gëtt keen Altersmaximum fir Spiller bei Hattrick.

Den Alter huet keen direkten Impakt op d’Leeschtung vum Spiller, mee et gëtt ëmmer méi schwéier, Fäegkeeten a Konditioun ze trainéieren an z’erhalen, wann de Spiller méi al gëtt.

Erfarung a Loyalitéit sinn Attributer, déi dëst ausgläiche kënnen, well se sech am Allgemengen mat dem Alter verbesseren.

Perséinlechkeet

All d'Spiller hunn eng Perséinlechkeet. Se kënnen e fäine Kärel oder en Ekel, de Chef vun der Ekipp oder en Eenzelgänger, en opbrausenden oder e rouege Mënsch sinn. De Moment huet d'Perséinlechkeet vun engem Spiller net vill Afloss op d'Spill, mä et ass eng gutt Décisioun, fir e Kapitän mat gudde Féierungsqualitéiten ze hunn. Am Kapitel iwwer d'Psychologie kënne méi Informatiounen iwwer den Afloss vun der Perséinlechkeet op d'Spill fonnt ginn.

Erfahrung

Spiller déi a ville wichtege Mätcher agesat goufen gewannen un Erfahrung. Dës Erfahrung hëlleft hinnen bei zukünftege Mätcher op verschidden Aart a Weis, wéi z Bsp. d'Evitéieren vun Duerchenaner um Terrain oder beim Opbau (oder Verteidegen) vun Spezialéevenmenter, déi zu Goaler féiere kënnen. Erfahrung gëtt als eegestännege Wert opgezeechent. Erfahrung steet nett a Zesummenhang mat de Fäegkeeten vun engem Spiller. All gespillte Mätch huet eng Auswierkung op den Zouwuess vun Erfahrung. Frëndschaftsmatcher brengen manner Erfahrung wei z.Bsp Matcher fir d'Nationalekipp oder d'Coupematcher. Ee Spiller brauch ongeféier 100 Erfahrungspunkten fir de nächste Niveau ze erreechen. D'Punkten déi e Spiller pro Match kréie kann, gesäis Du a folgendem Tableau.

Type vum Match Erfarungspunkten
Championatsmatch 3.5
Relegatiounsmatch 7
Coupe Match 7
Sekundär Coupe Match 1.75
Frëndschaftsmatch 0.35
Internationale Frëndschaftsmatch 0.7
HT Masters Match 17.5
Jugendliga Match 3.5
Jugend-Frëndschaftsmatcher 0.35
(Al) WM Match 35
(Al) WM Finall 70
(Al) Frëndschaftsmatch Nationalekipp 7
Weltmeeschterschaft Match 28
Weltmeeschterschaft (Hallef- a Finall) 56
Weltmeeschterschaft (Wildcards) 14
Kontinental Coupe 14
Kontinental Coupen (Véirels-, Hallef- an Finall) 21
Natioune Coupe 7
Natioune Coupe (Knockout) 14
Nationalekipp Frëndschaftsmatcher 3.5
Contender Liga 7

Loyalitéit

Spiller mat héijer Loyalitéit hunn eng besser Performance um Terrain. D'Loyalitéit geet erop, wat de Spiller méi laang am Veräin ass.

Et ginn zwou Zorte vu Loyalitéit:

Bonus fir Spiller-Loyalitéit

Fir all Dag, deen e Spiller méi laang an dengem Veräin ass, hänkt hien e bësse méi um Veräin an ass e bësse méi loyal. Wat hie méi um Veräin hänkt a loyal ass, wat hie besser spillt.

D'Loyalitéit geet am Ufank schnell erop, dono ëmmer méi a méi lues. De Maximum u Loyalitéit ass no dräi Saisonen erreecht. Un der Halschent ass e Spiller awer schonn no 12 Wochen.

Maximale Bonus: +1 Niveau op all Fäegkeet (ausser Konditioun), no dräi Saisonen (336 Deeg).

Beispill: Den Tommy Weber ass e staarke Spillmaacher a passabel an der Verteidegung. Seng Loyalitéit ass gëttlech, also um Maximum. Hie spillt doduerch wéi en exzellente Spillmaacher mat staarker Verteidegungsfäegkeet (and dat gesäit een och un der Bewäertung no Stären).

Mat gëttlecher Loyalitéit kritt e Spiller de volle Bonus. Deng Jugendspiller fänke mat gëttlecher Loyalitéit un.

E Spiller verléiert seng Loyalitéit, wann en de Veräi wiesselt. Hie fänkt erëm ënnen un, wanns de hien eng Kéier zréckkeefs.

Bonus fir den éischte Veräin

E Spiller, dee fir säin éischte Veräi spillt, sou wéi zum Beispill deng Jugendspiller, an deen dat och a senger ganzer Carrière gemaach huet, kritt ëmmer e klenge Bonus um Terrain, well hien de Veräi wierklech ze douds gären huet.

Bonus: +0.5 Niveau op all Fäegkeet (ausser Konditioun).

Spiller, déi hir ganz Carrière fir hiren éischte Veräi gespillt hunn, gi mat engem klenge Bild an der Form vun engem Häerz markéiert. Jugendspiller, déi verkaf an nees zréckkaf goufen, kréien dëse Bonus net.

All Bonus kréien

E Spiller kann natierlech all Bonus kréien. Wanns de engem Jugendspiller (egal aus wéi engem Jugendsystem) e Kontrakt an denger Profisekipp gëss, kritt hien e Bonus vu +1,5 op all senge Fäegkeeten (ausser Konditioun), bis hie verkaf gëtt.

Total Skill Index (TSI)

Mam Total Skill Index gëtt gemooss, wéi dem Spiller seng Fäegkeete sinn. Den TSI geet duerch den Training an d'Luucht a kann och duerch d'Form eropgoen (oder erofgoen).

Form

Wat dem Spiller seng Form besser ass, wat seng Leeschtung besser wäert sinn. Dat huet awer guer näischt mat der kierperlecher Verfassung vum Spiller ze dinn oder mat der Qualitéit vu sengem Training. D'Form ass bei Hattrick eng Kombinatioun vun Aspekter, déi et engem Spiller erméiglechen, oder och net erméiglechen, fir säi vollt Potential ze erreechen - zum Beispill d'Situatioun a sengem Privatliewe genee dëse Moment.

Op der Spillersäit kanns de engem Spiller seng "aktuell Form" gesinn. Et ass si, déi an de Matcher zielt. Zum Beispill ass en "excellente (8)" Spiller mat enger "erbäermlecher (2)" Form fir gewéinlech méi schlecht wéi e "passable (6)" Spiller mat enger "staarker (7)" Form. Déi aktuell Form gëtt vum Undeel vum Konditiounstraining an der Ekipp negativ beaflosst; wat méi Konditioun trainéiert gëtt (a Prozenter), wat den Effet méi negativ ass.

An da gëtt et och nach eng "Form am Hannergronn", déi geholl gëtt, fir auszerechnen, wouhin dem Spiller seng Form tendéiert. All Woch, beim Training, ännert déi aktuell Form vun all Spiller, woubäi se sech méi no un déi un verstoppte Form am Hannergronn erubeweegt. Déi aktuell Form ass net op engem Siess mat der Form am Hannergronn identesch. Se ännert sech iwwer e puer Woche Schréck fir Schréck, wat se méi wäit vun der Form am Hannergronn ewech ass, wat déi Schréck awer méi grouss wäerte sinn.

Wann déi aktuell Form sech duerch den Training verännert huet, besteet d'Chance op eng Ännerung vun der Form am Hannergronn bei all Spiller. E Spiller huet déi selwecht Chance wéi all aner Spiller op eng Ännerung vun der Form am Hannergronn. Et gëtt fir dech keng Méiglechkeet, fir dës Probabilitéit ze beaflossen. Wann et d'Chance awer sou wëll, datt engem Spiller seng Form am Hannergronn sech ännert, da ginn et e puer Faktoren, déi bestëmmen, wéi déi nei Form am Hannergronn wäert sinn:

  • De Spiller huet am Laf vun der Woch an engem Match gespillt. Dat ass ganz wichteg!
  • Trainingsintensitéit - wat deng Ekipp méi haart trainéiert, wat hir duerchschnëttlech Form bësser wäert sinn.
  • Däin Trainer – wat seng Trainerfäegkeet besser ass, wat d'Form generell besser ass
  • Fitness-Trainer - e Fitness-Trainer ass spezialiséiert fir d'Form ze verbesseren.
  • Co-Traineren - déi Assistenten hëllefen och, fir d'Form ze verbesseren

Spezialfäegkeeten

Ongeféier d'Hallschent vun de Spiller hunn eng sougenannten "Spezialfäegkeet", déi en Afloss op de Match huet. All Spiller mat enger Spezialfäegkeet, krit an senger Pai e Bonus vun 10%. Et gi fënnef Haapt-Spezialfäegkeeten: "Dribbler", "Séier", "Kappballstaark", "Duerchsetzungsstaark" an "Onberechenbar". All Haaptspezialfäegkeet huet eng gutt an eng schlecht Säit, déi am Kapitel "Spezialevenementer" erkläert ginn. Spezialfäegkeete kënnen och bei gewësse Spezialtaktiken nëtzlech sinn, wéi et am Kapitel "Spezialtaktiken" erkläert gëtt.

Et ginn och nach zwou seele Spezialfäegkeeten: robust an Ekippespiller. Spiller mat der Spezialfäegkeet robust heelen hir Verletzungen méi séier wéi aner Spiller a komme vläicht och mat enger liichter Verletzung wärend dem Match duerch. Ekippespiller probéieren hire Matspiller, déi no bei hinnen um Terrain sinn, ze hëllefen. Wann et klappt, da geet d'Performance vun de Matspiller erop, wa net, da kéint et d'Organisatioun vun der ganzer Ekipp erofzéien.

Verletzungen

Spiller kënne sech verletzen, an en Deel vun dengem Job als Manager ass, dech op dës Méiglechkeet virzebereeden. Als Manager kanns du verschidde Saache maachen, fir de Verletzungsrisiko ze reduzéieren a sécherzestellen, dass de Ersatzspiller bereet hues, falls eppes geschitt.

De Verletzungsrisiko erhéicht sech, wann s de eng héich Trainingsintensitéit beibehälts. Du kanns de Risiko och kontrolléieren duerch d'Mataarbechter, déi s du astells. All Niveau vun Assistenztrainer, deen s de astells, erhéicht de Risiko, wärend qualifizéiert Medeziner de Risiko reduzéieren.

Heiansdo passéiere Verletzunge wärend Matcher. Hire Schwéiergrad ka vun enger liichter Blessur bis zu méi schwéiere Verletzungen reechen, déi e puer Wochen dauere kënnen, fir ze heelen. E Medeziner am Personal ze hunn, reduzéiert d’Recuperatiounszäit. Den Alter vun dengem Spiller ass hei och wichteg, well eeler Spiller ëmmer méi laang brauchen, fir sech ze erhuelen.

D’Recuperatiounszäit gëtt a Woche gemooss, mä dës Zuel berücksichtegt den Afloss vum agestallte Personal. Dat heescht, wann s du däi Medeziner entléiss, kéint déi geschate Verletzungsdauer eropgoen. Fir Spiller, déi an d’Véierzeger kommen, kéinte souguer liicht Verletzungen net méi ze heelen sinn.

Spiller kënne sech och liicht beim Training verletzen. Esou Blessuren verhënneren net, dass e Spiller e Match spillt, mä seng Leeschtung wäert e bëssen ofhuelen, falls en awer spillt. Donieft, wärend e blesséierte Spiller keen erhéichte Risiko huet, sech erëm ze verletzen, wäert eng nei Verletzung méi schlëmm sinn, wéi se soss gewiescht wier.

Giel a Roud Kaarten

Spiller kënnen an de Matcher eng Giel Kaart kréien oder mat enger Rouder Kaart vum Terrain fléien, aggressiv Spiller (besonnesch déi onéierlech an déi ouni Erfahrung) méi oft wéi aner Spiller. Zwou Giel Kaarten an engem Match féieren dozou, datt de Spiller automatesch vum Terrain flitt. Wann e Spiller vum Terrain flitt, dann ass e fir den nächste Flichtmatch gespaart.  E Spiller kritt och dann eng Spär vun engem Match, wann en dräi Giel Kaarten aus den offizielle Matcher vun der aktueller Saison gesammelt huet. Giel Kaarten aus de Championats-, de Coupe- an de Relegatiounsmatcher vun där Saison, déi grad leeft, ginn d'selwecht gezielt. Wann e Spiller also schonn zwou Giel Kaarte krut an de Championatsmatcher vun der Saison, an dann nach eng aner kritt an engem Coupematch, ass en am nächsten offizielle Match, egal ob dat e Championats-, e Coupe- oder Relegatiounsmatch ass, gespaart.

Du kanns virun engem Match mat der Lëscht vun denge Spiller iwwerpréiwen, wéivill Kaarte se scho virum Spill kritt huet. E Spiller, deen dräi Giel Kaarte gesammelt huet oder am leschte Match vum Terrain geflunn ass, kritt e Symbol niewent säin Numm, dat wéi eng Rout Kaart ausgesäit a weise soll, datt hie gespaart ass. D'Roud Kaart vun engem gespaarte Spiller gëtt geläscht, wann e Flichtmatch gespillt gouf. All Kaarte vun de Spiller ginn um Enn vun der Saison geläscht. Transferen hunn keen Afloss op d'Kaarte vum Spiller. Ee Spiller kann an engem Frëndschaftsmatch keng Spär kréien oder eng Spär domat ofsëtzen.

 
Server 071