Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Nationaléquipen

Bei Hattrick ginn et Nationaléquipen, genee wéi am richtege Liewen, déi eng géint déi aner rivaliséieren. Den Nationaltrainer gëtt bei Hattrick awer vun dir gewielt! All Hattrick-Land huet eng Nationaléquipe, mä och eng U-20-Nationaléquipe, also mat Spiller, déi 20 Joer oder méi jonk sinn. Dat heescht, datt all Land zwee Nationaltrainer huet, allebéid gi vun der Communautéit gewielt.

De Modus vun der Weltmeeschterschaft

D'Weltmeeschterschaft fänkt all zwou Saisonen un an et geet da mat enger Qualifikatioun lass. 32 Équipë kommen aus dëser Ronn an d'Weltmeeschterschaft. Et ginn noenaner dräi Gruppephasen, mat véier Équipen an enger Grupp, an déi zwou bescht Équipen aus enger Grupp qualifizéiere sech fir déi nächst Ronn. Déi zwou lescht Ronne si Play-Off-Mätscher, fir d'éischt d'Halleffinale, dono d'Finale vun der Weltmeeschterschaft. D'Weltmeeschterschaft fir d'U-20 fänkt eng Saison no der Weltmeeschterschaft un a se gëtt am selwechte Modus gespillt.

D'Auslousung fir d'éischt Ronn vun der d'Weltmeeschterschaft baséiert op engem Ranking, dee vun der leschter Weltmeeschterschaft ofhänkt. Wa keng Mätscher fir d'Weltmeeschterschaft geplangt sinn, kënnen d'Nationaléquipë Frëndschaftsmätscher spillen.

Walen

D'Wale ginn um Ufank vun der Saison duerchgefouert, se fänken den Dag no der Finale vun der Weltmeeschterschaft un. All zweet Saison wiels de den Nationaltrainer an all zweet Saison wiels de den U-20-Nationaltrainer. All Nationaltrainer ass fir zwou Saisone gewielt. Seng Zäit als Nationaltrainer ass no der Finale vun der Weltmeeschterschaft eriwwer.

Du muss op d'mannst eng Saison bei Hattrick matgespillt hunn, anerefalls kanns de deng Stëmm bei de Wale fir d'Nationaléquipen net ofginn.

De Kader vun der Nationaléquipe

Den Nationaltrainer wielt bis zu 26 Spiller fräi aus (aus Équipë mat mënschleche Besëtzer), ënnert all de Spiller mat där Nationalitéit, déi d'Nationaléquipe representéiert. Nodeems e se an de Kader geholl huet, gesäit den Nationaltrainer d'Spiller sou, wéi s du deng Spiller an dengem eegene Kader gesäis.

En Nationalspiller besëtzen

Wann ee vun denge Spiller an der Nationaléquipe ass, dann huet dat keen Afloss op seng Fäegkeet fir däi Veräin ze spillen. National- a Veräinsmätscher ginn op verschiddenen Deeg gespillt, sou datt s de en ëmmer kanns benotzen. Mätscher an der Nationaléquipe ginn dengem Spiller allerdéngs keen Training. Dogéint riskéiert en awer ëmmer nach Verletzunge während e fir d'Nationaléquipe spillt.

Wann däi Spiller e Match fir d'Nationaléquipe spillt, profitéiert däi Veräin op e puer Niveauen dovun:

- Du kriss fir deem Spiller seng Paye eng Reduktioun vun 33 oder 40%, wat dovun ofhänkt, ob en an engem auslännesche Veräi oder a senger Heemecht spillt.

– De Spiller kritt vill Erfahrung.

– Wann däi Spiller sech an engem Match fir seng Nationaléquipe verletzt an den Terrain muss verloossen, kritt de Veräin niewent der normaler Reduktioun eng Reduktioun vun 100% op d'Grondpaye vum Spiller, multiplizéiert mat der Zuel vun de Wochen, déi d'Verletzung dauere soll.

Et gëtt erwaart, datt s de net eng Nationaléquipe ënnergruewe kanns andeem s de Nationalspiller sabotéiers. D'Administrateure vun den Nationaléquipen hunn als leschten Instanz d'Méiglechkeet fir Spiller op den Transfermaart ze setzen am Fall vu Sabotage.

Wann s de wëlls Kandidat fir d'Plaz als Nationaltrainer sinn oder einfach méi Informatioune kréie wëlls, da recommandéiere mer der d'Lecture vun de Regele fir d'Nationaléquipen.
 
 
Server 080