Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hëllef »   Handbuch »   Psychologie 

Psychologie

De Manager vun enger Futtballsekipp ze sinn, heescht net nëmme mat Training an Taktiken ze hantéieren, et geet dobäi och ëm Psychologie. Deng Ekipp muss Matcher gewanne wëllen a se muss u sech selwer gleewen. De psychologeschen Zoustand vun denger Ekipp huet en Afloss op d'Resultater an denge Matcher, an genee den ëmgedréinte Wee hunn d'Resultater vun denge Matcher en Effet op denger Ekipp hire psychologeschen Zoustand.

Ekippestëmmung

D'Ëmfeld an dengem Veräin huet e groussen Afloss op d'Leeschtung vun denger Ekipp. D'Ekippestëmmung huet en Effet op d'Bewäertung vum Mëttelfeld. Wat d'Ekippestëmmung méi héich ass, wat däi Mëttelfeld besser ass. D'Leeschtung vum Mëttelfeld huet hirersäits en Afloss drop, wéivill Ballbesëtz deng Ekipp huet. D'Ekippestëmmung selwer ka vu vill Saache beaflosst ginn, mä virun allem gëtt se dat vun de Féierungsqualitéite vun dengem Trainer, der Haltung vun der Ekipp an all Match, den Transferen an dem Psycholog.

Selbstvertrauen

Deng Spiller mussen u sech selwer gleewen, fir eng gutt Leeschtung ze bréngen. Eng Ekipp mat wéineg Selbstvertrauen huet Problemer, fir hir Geleeënheete beim Wéckel ze paken. Héicht Selbstvertrauen ass normalerweis eng gutt Saach, mä wann et ze héich ass, kënnen deng Spiller Ekippen ënnerschätzen, déi net sou gutt wéi si selwer sinn (weider Informatiounen méi wäit ënnen). D'Selbstvertraue vun der Ekipp beafloss d'Bewäertungen am Stuerm. Et hänkt vill vun de Resultater vun de Matcher virdrun of, mä vun engem Psycholog an engem Trainer mat héije Féierungsqualitéiten ass och bekannt, datt si d'Selbstvertraue ka verbesseren.

Haltung vun der Ekipp

Virun all Flichtmatch deels de denger Ekipp mat, wéi wichteg de Match ass. D'Astellung fir Haltung vun der Ekipp huet en Effet op däi Ballbesëtz. Du hues dräi Méiglechkeeten:

Match vun der Saison: Deng Spiller wäerten alles probéieren, fir dëse Match ze gewannen. Allerdéngs wäert d'Ekippestëmmung direkt nom Match falen, wat heescht, datt deng Spiller an de Matcher dono net hir bescht Leeschtung ofliwweren.

Normal: D'Spiller spillen, wéi se et gewinnt sinn.

Relax spillen: Deng Spiller kréie gesot, datt se d'Saach an aller Rou sollen ugoen, well et méi wichteg Matcher ginn, op déi sech spéider konzentréiert gi muss. D'Ekippestëmmung wäert direkt nom Match eropgoen an deng Spiller wäerten an den nächste Matcher besser spillen.

Perséinlechkeet vun de Spiller

All d'Spiller hunn eng Perséinlechkeet. Onéierlech an aggressiv Spiller kréien tendenziell méi oft eng Giel oder Rout Kaart. D'Féierungsqualitéite si fir däi Kapitän an däin Trainer wichteg.

Psychologesch Match-Evenementer

De Verlaf an engem Match kënn en Afloss op d'Verhale vun denge Spiller géigeniwwer den Instruktioune vun dengem Trainer hunn. Dës psychologesch Evenementer hunn e groussen Afloss op de spezifesche Match, mä kënne selwer net d'Ekippestëmmung oder d'Selbstvertrauen fir zukënfteg Matcher veränneren. Eng Ekipp, déi mat zwee Goaler a Féierung läit, wäert automatesch hir ugrëfflech Attitude verléieren a sech méi op d'Verteidegung konzentréieren. Den Effekt gëtt nach méi grouss, sou bal d'Féierung sech erhéicht: All Goal weider an der Differenz wäert den Ugrëff zu 9 % schwächen, während d'Defense sech ëm 7,5 % erhéicht. All Géigegoal verännert den Effekt vu virdrunner nees zeréck. Déi ierwescht Limite ass eng Goal Differenz vun 8, no der d'Bewäertungen net méi änneren.

A puer Situatiounen ass et der Ekipp méiglech, deenen psychologesche Momenter ze widderstoen. Wann der Ekipp eng "Match vun der Saison"-Instruktioun gi gouf, da wäert se sech net zeréckzéien och wann d'Féierung grouss gëtt. Dat selwecht gëllt, wann d'Ekipp eng Finall vun der Nationaler Coupe oder dem Hattrick Masters souwéi e leschte Spilldag am Championat spillt. Bei den Nationalekippen zitt sech d'Ekipp net zeréck: bei der Weltmeeschterschaft vun der Hallef-Finall un, bei de Continental an Nations Coupe vun der Véirels-Finall un.

Eng Ekipp, déi an der éischter Halschent ongewéinlech schlecht spillt, ka vum Trainer an der Paus dozou bruecht ginn, datt se sech an der zweeter Halschent um Rimm rappt.

Ënnerschätzen

Wanns de géint eng Ekipp spills, déi op enger méi schlechter Plaz läit wéi deng, an däi Selbstvertraue staark oder besser ass, da kéinten deng Spiller de Géigner ënnerschätzen an ënnert hire Méiglechkeete spillen. De Risiko fir de Géigner ze ënnerschätzen ass ofhängeg vun der Differenz vun de Punkten a Plazen tëscht den Ekippen, dengem Selbstvertrauen an denger Haltung vun der Ekipp. Wann dës Differenzen an dës Stufe méi grouss sinn, da klëmmt och de Risiko. Déi eenzeg Méiglechkeet fir d'Ënnerschätzen ze verhënnere gëtt et wann een de "Match vun der Saison" spillt.

Am Fall vum Ënnerschätze vum Géigner sinn d'Ausmoossen ofhängeg vun der Differenz vun de Punkten, vum Selbstvertrauen, der Haltung vun der Ekipp an ob s de doheem oder auswäerts spills. Ofhängeg vum Resultat kann s de dech an der Paus erkréien: Komplett Erhuelung bei Réckstand, 2/3 bei Gläichstand an 1/3 bei Virsprong mat engem Goal.

D'Ënnerschätze kann nëmmen a Championatsmatcher optrieden, allerdéngs net déi éischt dräi Spilldeeg.

 
Server 071