Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

D'Opstellung: D'Grondlagen

Als de Manager vun denger Ekipp décidéiers de, wéi deng Ekipp spille wäert a wéi eng Formatioun benotzt gëtt. Virun all Match benotz de den Opstellungsformulaire, deen s de op der "Matcher"-Säit fënns, fir deng Décisioun - deng Opstellunge fir de Match - festzeleeën. Du muss deng Opstellung bis opmannst 20 Minutte virum Ufank vum Match gemaach hunn, mä denk drun, datt dem Arbitter seng Auer liicht anescht goe kéint an een dowéinst Opstellungen a leschter Sekonn vermeide soll. Du kanns eng Opstellung zu enger "Standard-Opstellung" maachen (wat mer der aus Sécherheetsgrënn recommandéieren). Dat heescht, datt Hattrick dës Opstellung an zukënftege Matcher benotzt, mä du kanns natierlech ëmmer deng Opstellung ajustéieren, wann d'Ëmstänn vum nächste Matcher et dann erfuerderen.

D'Ufanksopstellung an Auswiesselungen

Fir all Match wiels de eelef Ufanksspiller, deng Auswiesselspiller, däi Strofstouss-Spezialist an de Kapitän. An der Opstellung zitts de d'Spiller aus enger Lëscht op déi richteg Plaz um Terrain.

Wann ee vun denge Spiller sech blesséiert, kënnt den Auswiesselspiller fir déi Positioun op den Terrain. Hues de fir eng Positioun keen Auswiesselspiller opgestallt oder gëtt den Auswiesselspiller och verletzt, gëtt automatesch ee vun deenen aneren Auswiesselspiller ausgewielt an op den Terrain geschéckt. Si keng Auswiesselspiller disponibel, muss de de Match mat 10 Spiller zu Enn spillen. Wa keng Auswiesselspiller disponibel sinn (oder du keen nominéiert hues) a sech de Golkipp verletzt, wäert e Feldspiller seng Plaz anhuelen. Du kanns och Auswiesselunge plangen. Méi dozou kanns de am Kapitel iwwer d'Auswiesselunge liesen.

Walkover

Denk drun dass de deng Liga- oder Coupematcher mat mindestens 9 Spiller ufänke muss.

Wann deng Opstellung manner wéi 9 Spiller enthält, awer méi verfügbar Spiller an dengem Kader sinn, wäerten aner Veräins-Fonctionnairen eng Opstellung fir de bestëmmte Match maachen. Wann dat passéiert, féiert dëst zu engem méi nidderegen Teamgeescht, Form, Vertrauen a Formatiounserfarung fir deng Ekipp, wéi wann s du d'Opstellung selwer gemaach häss. Op der Plus Säit kréien d'Spiller nach ëmmer Training fir de Match.

Wann net genuch Spiller am Kader fir eng valabel Opstellung sinn, mécht deng Ekipp e Walk-over. Dëst bestrooft d'Ekipp wéi uewe beschriwwen, an zousätzlech gëtt et keen Trainings-Effekt fir dëse Match.

Wanns de et a Frëndschaftsmatcher oder Jugendmatcher verpass fir op mannst 9 Spiller opzestellen, da wäerte Spiller aus der Noperschaft deng Spiller ersetzen. Am Géigesaz zu de Flicht-Matcher huet dat keen negativen Afloss op den Training vu Spiller, déi scho bei engem Flicht-Match an där Woch opgestallt goufen.

Formatioun vun der Ekipp wielen

Du kanns mat all Formatioun spillen, déi op der Opstellungs-Säit méiglech ass. Op der Trainings-Säit gesäis de och eng Lëscht mat alle méigleche Formatiounen.

Wichteg ass och ze wëssen, datt wa méi wéi ee Spiller an enger zentraler Positioun spillt (zentral Mëttelfeldspiller, zentral Verteideger, Stiermer), da bréngen se net hiert gesamt Potential fir d'Bewäertunge vun der Ekipp. De Verloscht vum Afloss ass och méi grouss bei dräi Spiller wéi bei zwee. D'Logik dohannert ass, datt wa méi wéi ee Spiller am gläiche Beräich spillt, da verléisst ee sech op den aneren an se bréngen also net hiert vollt Potential.

Zesummegefaasst, en eenzele Spiller an enger zentraler Positioun bréngt 100 % vun senger Leeschtung. Bei zwee Spiller verléieren se allenzwee un Afloss, bei dräi verléieren se alleguer nach méi un Afloss. Dëse Verloscht gëllt fir all d'Fäegkeete vum Spiller.

D'Gréisst vum Verloscht ass och méi grouss fir d'Mëttelfeldspiller wéi fir d'Stiermer, a fir d'Stiermer méi grouss wéi fir d'Verteideger. Méi genee ass de Verloscht fir d'Mëttelfeldspiller ongeféier duebel sou grouss wéi fir d'Verteideger, a bei de Stiermer an der Mëtt vun deenen zwee.

Taktiken an Haltung vun der Ekipp

Am Formulaire fir d'Opstellung kanns de och denger Ekipp hir Spezialtaktik (wa se eng spille soll) definéieren. Déi verschidde Spezialtaktike ginn am Kapitel "De Match: Spezialtaktiken" beschriwwen an d'Haltung vun der Ekipp gëtt am Kapitel "Psychologie" erkläert.

Manndeckung Uweisung

Mat der Manndeckung stells du ee vun denge Spiller un fir ze probéieren e Schlësselspiller vum Géigner ze neutraliséieren. Manndeckung ass ni ouni Risiko, dofir notz se mat Virsiicht - mä mam richtege Spiller am richtegen Ament kann et ganz wichteg si fir d'Resultat vum Match.

De Prinzip ass dass du ee vun denge Spiller als Schied a Stéierer op e spezifesche Spiller vum Géigner usetzs. Wann de géigneresche Spiller um Terrain ass, da leeft déi Uweisung no 5 Minutten un an däi Spiller wäert denger Ekipp manner hëllefen wéi hien et normalerweis mécht. Am spezielle geet dat ëm 50 % erof wann de Géigner no bei him um Terrain ass an 65 % erof wann e méi wäit ewech ass. De Notze fir dech ass dann hoffentlech, dass och d'Zil net esou vill zum Spill bäidroe kann. Dat hänkt dovunner of wéi effektiv däi Spiller an der Manndeckung ass. Den Trick ass natierlech fir Situatiounen ze fanne wou Manndeckung eppes bréngt, a fir déi ze ëmgoen, wou et näischt bréngt.

Wann e Spiller Instruktiounen kritt huet, da kann e keng aner Instruktioune kréien: Dat heescht dass d'Uweisung Manndeckung beim Spiller all déi aner Uweisunge läscht, déi e kritt huet ewéi offensiv, defensiv, zu der Mëtt oder no baussen ze goen.

Du kanns just eng Uweisung Manndeckung pro Match un e Verteideger, Ausseverteideger oder zentrale Mëttelfeldspiller ginn an och just op e Stiermer, eng Bande oder en zentraler Mëttelfeldspiller vum Géigner als Zil. Wann den Zilspiller guer net um Terrain ass oder op enger Positioun, déi net markéiert ka ginn, spillt, da fält d'Uweisung ewech, mä d'Leeschtung vun dengem Spiller geet 10 % erof. Trotzdeem kann eng Uweisung Manndeckung, och wann se net am Ufank vum Match gräift, méi spéit aktiv ginn, wann de Spiller agewiesselt gëtt oder op eng Positioun wiesselt, déi markéiert ka ginn.

Wann eng Manndeckung Uweisung leeft, da wäert de Spiller mat senge Fäegkeeten net zu der Ekippen-Taktik bäidroen (wéi Pressing oder Konteren). Mä hie wäert awer zu der Taktik bäidroen, wann d'Manndeckung net leeft, allerdéngs mat enger Penalitéit vun 10 % wéi méi uewen erkläert.

D'Fäegkeet Verteidegung ass am wichtegsten fir däi Manndecker. Si gëtt verglach mat der héchster Fäegkeet vum Zilspiller. Dee Vergläich entscheed wéi grouss d'Penalitéit op d'Leeschtung vum Zilspiller ass. Duerchsetzungstaark Spiller kréie e grousse Bonus (10 %) op hir Fäegkeet Verteidegung, a Spiller ouni Spezialitéit kréien e méi klengen (5 %). Fir den Zilspiller gëtt et bei Dribbler eng Penalitéit op der héchster Fäegkeet (- 8%) bei der Berechnung vun der Manndeckung, wärend onberechenbar Spiller e Bonus kréien (+ 8%). Form, Konditioun, Erfarung, Loyalitéit, éischte Veräin a Gesondheet sinn och wichteg fir Manndecker an Zilspiller. All dës Bonussen a Penalitéiten duerch d'Spezialfäegkeeten fléissen an d'Berechnung vum Effekt vun der Manndeckung eran, mä gi net bei de Bewäertunge gekuckt.

All Penalitéit vum Manndecker betrëfft all d'Fäegkeeten, ausser Golkipp a Strofstéiss. Penalitéiten op den Zilspiller grenzen och Verteidegung aus.

Individuell Astellungen

Du kanns all denge Feldspiller eng individuell Astellung ginn. Du kanns zum Beispill dengem zentrale Mëttelfeldspiller den Uerder ginn, fir "defensiv" ze spillen. Dat heescht dann, datt en nach ëmmer en zentrale Mëttelfeldspiller ass, mä datt e sech méi wéi normal op d'Verteidegung konzentréiert, a manner op de Stuerm. Et gi véier individuell Astellungen. An dëser Tabell fënns de eraus, wat se fir déi eenzel Positioun genee heeschen. Du kanns och e Spiller froen fir de Starspiller vum Géigner a Manndeckung ze huelen. An der Manndeckung Rubrik ass dat méi genau erkläert.
 
Server 071