De Ligasystem

Eng Hattrick-Saison dauert 16 Wochen: 14 Championatsronnen (8 Ekippen an all Liga, déi sech alleguerten zweemol gesinn), eng Woch fir Relegatiounsmatcher an eng Woch ouni Championatsaktivitéit.

D'Liga Pyramid

All Liga bei Hattrick baséiert op deem selwechte Prinzip: Du fänks ënnen an der Pyramid un, mat dem Zil, iwwert d’Zäit an déi héchst Divisioun opzesteigen.

Déi éischt dräi Divisiounen hunn an all Liga déiselwecht Struktur. D’Top Divisioun besteet nëmmen aus enger Liga mat aacht Ekippen – hei gëtt de Liga Champion entscheet.

Drënner ass eng Divisioun mat véier Ligen an 32 Ekippen. Déi véier Ligagewënner kënnen entweder direkt an déi héchst Divisioun opsteigen oder musse jee no Saisonleeschtung e Qualifikatiounsmatch spillen.

Den drëtte Level huet 16 Lige mat 128 Ekippen – erëm eng Vervéierfachung – an och hei gëllen déi selwecht Regele fir den Opstig.

An den Divisiounen ënnendrënner gesäit net all Liga nämlecht aus. Ofhängeg dovun, wéi vill aktiv Manager eng Liga huet, kann hir Struktur entweder méi flaach sinn (mat méi Ekippe pro Niveau, mee méi schwieregem Opstig), oder si kann sech méi héich a méi schmuel entwéckelen (mat méi Divisiounslevelen, mee méi einfachen Opstigsweeër).

D’Struktur vun dengem Liga-System spillt eng wichteg Roll, well se bestëmmt, wéi d’Opstigsreegele fir deng Liga sinn. Kuck an denger Tabell no, fir genee ze wëssen, wéi den Opstig an denger Liga funktionéiert. Mat de Feiler op der Liga-Säit kanns de och aner Divisioune vun denger Liga duerchsiche fir ze gesinn, wéi den Opstig op anere Plaze funktionéiert.

D'Hattrick Football Association ka geleeëntlech entscheeden, d'Struktur vun enger Liga unzepassen, andeems si d'Gréisst vun enger bestëmmter Divisioun reduzéiert oder erhéicht. Falls dat geschitt, gëtt dëst am Viraus kommunizéiert.

Opstig, Ofstig a Relegatiounsmatcher

Den Opstig kann op dräi Weeër geschéien, ofhängeg vun der Gréisst vun denger Divisioun am Verglach zu där iwwert dir.

1. De Gewënner steigt op oder spillt e Barrage-Match: Wann deng Divisioun vill méi grouss ass (x4), kënne manner Ekippen direkt opsteigen. An dësem Fall steige 50 % vun de Ligagewënner direkt op, an déi aner musse Qualifikatioun spillen. Wien direkt opsteigt, gëtt duerch Punkten a Goldifferenz an der Saison entscheet.
2. De Gewënner steigt direkt op, den Zweete spillt e Barrage-Match: Wann deng Divisioun duebel sou grouss ass wéi déi uewendriwwer, steigt de Gewënner ëmmer direkt op, an déi zweetplacéiert Ekipp spillt e Barrage-Match géint eng Ekipp vum Level driwwer.
3. Zwou Ekippe steigen direkt op, zwou spillen e Barrage-Match: Wann deng Divisioun d’selwecht grouss ass wéi déi uewendriwwer, hu véier Ekippen eng Chance op den Opstig. Déi op Plaz 1 a 2 steigen direkt op, Plaz 3 a 4 spillen e Barrage-Match.

D’Ofstigsregele si méi einfach. Ausser wann s du schonn an der ënneschter Divisioun spills, steigen d’Ekippen op Plaz 7 an 8 ëmmer direkt of, wärend déi op Plaz 5 a 6 e Barrage-Match spille mussen, fir net erofzefalen.

Wgl. notéier, dass d’Regele fir Op- an Ofstig fir deng Liga ëmmer op denger Liga-Säit ze fanne sinn.

Liga-Wiessel

Wann deng Ekipp an enger vun den dräi ënneschten Divisiounen an denger Liga spillt, kann et méiglech sinn, vun enger Liga an eng aner an där selwechter Divisioun ze wiesselen. Fir dass dat funktionéiert, muss eng fräi Plaz an där Liga sinn, an déi s du wëlls wiesselen.

Et ginn zwou Méiglechkeeten, fir e Ligawiessel ze starten:

1. Am "Nächst Saison Planner", deen’s de op denger Ligasäit fënns, kanns de eng "Wonschliga" festleeën. Dës Optioun geet ongeféier ee Mount virum Enn vun der Saison op a gëtt der eng Prioritéit fir eng spezifesch Liga, wann d’Saison eriwwer ass. All méiglech Wiessele ginn direkt nom Ofschloss vun de Qualifikatiounsmatcher duerchgefouert. Wann d’Divisioun iwwer oder ënner denger aktueller och de Ligawiessel erlaabt, kanns de och do eng Wonschliga auswielen. Dës Preferenz gëllt dann am Fall vun engem Op- oder Ofstig. All Wonschliga-Astellunge ginn zeréckgesat, soubal all méiglech Pläng ëmgesat goufen an déi nei Saison ugefaang huet.

2. An der Woch nom Ofschloss vun de Qualifikatiounsmatcher geet eng zweet Méiglechkeet fir de Ligawiessel op. Mat "Liga wiesselen" kanns de aner Ligen duerchsichen an direkt an eng nei Liga wiesselen, wann et do fräi Plaze gëtt. Wgl. notéier, dass wann s du eng zousätzlech Ekipp am Kader vun denger Supporter-Memberschaft hues, dës Ekippen ni an der selwechter Liga spille kënnen.

Opstig an Ofstig vun de Bot-Ekippen

Um Enn vun all Saison steigen d'Bot-Ekippen aus der Divisioun VI an den Divisiounen ënnendrënner an déi ënnescht Divisioun of. Et gëtt allerdéngs eng Ausnam: d'Bot-Ekippen, déi an enger Liga aus der Divisioun VI op der éischter Plaz landen steigen entweder direkt op oder spille ganz normal e Relegatiounsmatch. Bot-Ekippen aus der Divisioun V oder nach méi héich ginn, wat d'Op- an Ofsteige betrëfft, sou behandelt wéi mënschlech Ekippen.

Wann d'Bot-Ekippen ofsteigen, kréien zousätzlech Ekippen eng Plaz an der méi héijer Divisioun. Déi Veräiner si mat "Lucky Losers" markéiert a sinn entweder Ekippen, déi hire Relegatiounsmatch verluer hunn, oder a spezielle Fäll esouguer Ekippen, déi direkt ofgestige sinn. Du kanns dës Zorte vun Opstig an den Ekippen-Astellungen ausschalten.

Wa méi Bot-Ekippen an enger net-leschter Divisioun si wéi Manager an enger leschter Divisioun, da mécht d'System automatesch déi lescht Divisioun zou, vu lo u ginn d'Virbereedungen dozou gemeet.

Positioun am Land a Ranking

Deng definitiv Plaz baséiert op, an dat an dëser Reiefolleg, de Punkten, der Goal-Differenz an de Goaler, déi geschoss goufen. Dëst determinéiert de Ranking, dee benotzt gëtt, fir erauszefannen, wie géint wien an de Relegatiouns- a Coupematcher spillt. De Ranking baséiert op, an dat an dëser Reiefolleg, dem Niveau vun der Divisioun, der Plaz an der Liga, de Punkten, der Goal-Differenz an de Goaler, déi geschoss goufen. Fir de Ranking an d'Positioun am Land gëlt: wann all déi Saachen identisch sinn, gëtt eng Mënz gehäit.

Primen

Wanns de op der éischter, zweeter, drëtter oder véierter Plaz bass um Enn vun der Saison, kriss de eng Prime. Wéivill hänkt vun denger Positioun an der Tabell a vun der Divisioun, an därs de spills, of.


Niveau vun der Liga 1 2 3 4
Divisioun I 2 000 000 US$ 1 175 000 US$ 825 000 US$ 500 000 US$
Divisioun II 1 350 000 US$ 1 050 000 US$ 750 000 US$ 450 000 US$
Divisioun III 1 200 000 US$ 925 000 US$ 675 000 US$ 400 000 US$
Divisioun IV 900 000 US$ 700 000 US$ 500 000 US$ 300 000 US$
Divisioun V 600 000 US$ 475 000 US$ 325 000 US$ 200 000 US$
Divisioun VI 525 000 US$ 400 000 US$ 300 000 US$ 175 000 US$
Aner Divisiounen 450 000 US$ 350 000 US$ 250 000 US$ 150 000 US$

Fir de beschte Goalgetter aus enger Liga gëtt et eng Prime vun 10 000 US$. D'Sue ginn nom lescht Championatsmatch vun der Saison bezuelt. Wa sech zwee Spiller deen Titel deelen, kréien déi zwee aktuell Besëtzer vun deene Spiller d'Prime; wann awer zwee vun denge Spiller sech dësen Titel deelen, da kriss de d'Prime nëmmen eng Kéier.

Prime fir den Opstig

Steigs de an eng méi héich Divisioun op, kriss de ausser der Prime fir d'Plazéierung och eng Prime fir den Opstig. Duerch den Opstig vergréissert sech och däi Supporter-Veräin: du kriss 10% méi Supporteren (steigs de of, leeft et ähnlech, du verléiers dann 10% vun denge Supporteren). Wanns de "gratis" opsteigs, da kriss de nëmmen déi 10 % méi Supporteren. Déi gratis Opstigsplazen entstinn zum Beispill wann d'Bot-Ekippen ewechgeholl ginn, a ginn och temporär bei Hattrick international fräigeschalt.


Niveau vun der Liga Direkt opgestigen Opstig no Relegatiounsmatch
Divisioun I - -
Divisioun II 500 000 US$ 175 000 US$
Divisioun III 450 000 US$ 150 000 US$
Divisioun IV 400 000 US$ 125 000 US$
Divisioun V 300 000 US$ 100 000 US$
Divisioun VI 200 000 US$ 75 000 US$
Aner Divisiounen 175 000 US$ 50 000 US$
 
Server 072